Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

N oder net N, dat ass hei d’Fro!
Meenung Neiegkeeten

N oder net N, dat ass hei d’Fro!

An dësem Quiz geet et ëm d’Eifeler Reegel, dem Dark

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg
Meenung Neiegkeeten

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg

Duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19 si weider Upassungen am

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft
Meenung Neiegkeeten

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft

Mëtt Mäerz huet déi franséisch Regierung, mat déi drastescht Moossnamen

Editorial: Prost Neijoer!

Editorial: Prost Neijoer!

Eng laang Nuecht geet op en Enn, fir déi wou gefeiert hunn, mee och a ganz besonnesch fir déi wou op Silvester „d‘Staang riicht gehalen hunn“. Vun dëser Säit also emol fir unzefänken ee grousse Merci un déi ongezielte Mataarbechter an der Spidäler, Fleegeheimer, Pompjeeë, Polizisten, Zaldoten, an d‘Personal vun de gastronomesche Betriber a Clibb, déi „fir eis“ am Déngscht waren.

Haut fänkt awer och en neit Joerzéngt un, dat eis viru vill Erausfuerderunge stelle wäert. National bleift d‘Kris vum Logement den däregste Problem an bei allem Optimismus, wéi dës Regierung de Problem léise wëll, ass nach ëmmer net gewosst. Et misst u ville Schrauwe gedréint ginn, wat nees politesche Courage viraussetzt. E Courage deen déi aktuell Regierung net erkenne léisst.

Eng schier onléisbar Aufgab stellt de Klimawandel duer. Et schéngt een hei awer d‘Gefill ze hunn, datt dee vun enger grousse Majoritéit net als Solches erkannt gëtt. Hei ass ee richtege Rass an der Gesellschaft festzestellen an et kann een eigentlech net emol béis sinn. Fakte sinn net populär an déi alternativ Wourechte schéngen d‘Leit méi ze interesséieren. Hei misst een awer zesummestoen…

Déi drëtt Sail: d‘Mobilitéit! Den demographeschen a wirtschaftleche Wuesstem vun de leschte Joren, feelend oder net zäiteg ausgebauten Infrastrukturen hunn d‘Land un de Rand vum Kollaps bruecht. Och hei gëtt den Ament wéineg Unzeechen, datt et 2020 kéint besser ginn. Woubäi et net esou wier, wéi wann net géif dru geschafft ginn, mee d‘Chantieren erfreeë jo och keen.

Um Wuesstem an all senge Forme gëtt onverännert festgehalen. Sécherlech ass et gutt gemengt sech engem „qualitative Wuesstem“ zouzewennen, woubäi d‘Definitioun net hir gëtt wat tatsächlech vun der Regierung gemaach gëtt. Sinn den Datenzenter vu Google oder d’Jughurtsfabrick vu Fage dat wat ee „qualitativ“ nenne kann? Eigentlech net, firwat dann och d‘Verträg „geheim“ sinn.

Wien sech 2020 op eng nei Verfassung agestallt huet, sollt engem neien Thema zouwennen. Mat eppes Chance kann et zu punktuelle „Verbesserunge“ kommen, Referenden zu eenzelen Artikele gëtt et awer keng. Et ass och zimlech onerhieflech wien elo Schold dorunner huet, well esou ee Projet muss een zesummen ugoen. Dat mat deem „Zesummen“ um Krautmaart ass awer net de Fall.

An dat sinn och just déi grouss politesch a gesellschaftlech Chantieren déi eis als Bierger fir 2020 virun d‘Dier geluecht goufen. Et sinn wichteg Themen, well si eng reell Gefor fir de soziale Fridden am Land bedeiten. Woubäi et och déi „kleng Sujete“ gëtt, déi bei bestëmmte Leit fir vill Onmutt suergen an eigentlech mat eppes Solidaritéit ze léise wieren.

Mee et misst een dofir de Bléck vum eegenen Nuebel ofwennen, seng Gewunnechten ëmstellen an sech wahrscheinlech esouguer op Verzicht astellen. Eng Bereetschaft déi 2019 net ze erkenne war firwat een net sollt dovunner ausgoen, datt sech datt elo schlagaarteg ännert. An esoulaang wéi mir un eiser Meenung festhalen an eis net duerch Fakten dovunner oflenke loossen, bleift et derbäi…

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Chantieren, Ëmwelt, Klima, Logement, Mobilitéit, Politik, Steierreform, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel