Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
Fail International Meenung

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China
Fail International Meenung

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung
Fail International Meenung

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung

Um Mëttwoch haten d‘Politiker an d‘Poliziste just Gebieder a keng

dislike

Editorial: Quo Vadis Polen ?

Editorial: Quo Vadis Polen ?

Rietsradikal an nationalistesch huet sech Polen um 11. November, dem polneschen Nationalfeierdag der Welt gewisen. Zu dausende sinn d‘Faschisten a rietsextrem Gestalten duerch d‘Stroosse vun der Haaptstad gezunn. Symboler aus den 30er Joren hunn se gedroen an zum Kampf géint de Liberalismus opgeruff.

D‘Géigendemonstratioun hat deem wéineg entgéint ze setzen an d‘Police huet mat engem Groussopgebuet an Ofspärgitter béid Lager ausenaner gehalen. Vu gréisseren Ausschreidunge war wuel näischt ze héieren, an awer muss engem esou Bild ze denke ginn. Zudeem kann ech gutt op ee „Wäisst Europa vu bridderlechen Natiounen“, wéi et op de Plakater ze liese war, verzichten.

Zudeem, wann ech esou Dommheeten héiere wéi „Polnesch Industrie a polnesch Hänn“ stellen ech mer d‘Fro op den Dabo deen sech dat op e Plakat schreift, och nëmmen ee Grëtz Verstand huet. Gutt, seng Industrie a seng Hänn; wann elo awer all déi „friemlännesch“ Entreprise Polen verloossen, dann huet hie net méi genuch Industrie awer vill ze vill Hänn.

99 Joer ass et hir, datt den 1. Weltkrich op en Enn gaangen ass, an genee esou laang ass Polen onofhängeg. Zu den Zäite vum däitschen Nationalsozialismus, waren se fir d‘éischt tëscht der Sowjetunioun an Hitler-Däitschland opgedeelt ginn. Nodeems de Kaperol aus Éisträich vun der Weltbühn verschwonne war, ass Polen nees vu Russland „iwwerholl“ ginn.

Eigentlech genuch eege Geschicht, fir sech net enger moderner Form vun Diktatur, Faschismus oder soss engem nationalistesche Quatsch ze ënnerwerfen. Stellt sech just d‘Fro op se hir Geschicht kennen, a wéi se gedenken sech am Europa vun haut mat aneren auszetauschen, wann och Si sech opféiere wéi den Trump a mat „Poland First“ de Bäitrëtt ze bedauere schéngen.

Wat mech da bal am meeschten Erschreckt huet, dat ass de Fait, datt en keen europäesche Politiker gestéiert huet. Gutt de Macron war mat senger Feier zum Waffestëllstand an der Éierung vum Clemenceau wierklech beschäftegt, mee hei zu Land an zu Bréissel do hätt ech mer dann awer erwaart, datt et ginn hätt déi dozou geäussert hätten.

Mee bon vläicht läit zu gudder lescht just u mir a dem Bild wat ech mer vun Europa gemaach hunn. Op ech allerdéngs esou en Europa wëll, esou en Europa muss unhuelen, ech denken net. Ech denken iwwregens och net datt all meng polnesch Frënn hei zu Lëtzebuerg an zu London, esou en Europa wëllen, déi wëllen nach net emol „esou e Polen!“.

Foto: Se maachen der PiS-Partei all Éier. Nationalistesch a rietskonservativ, domatter ëmmer méi wäit ewech vun engem Europa dat bis ewell schonn aus wirtschaftleche Grënn, de Polen um Häerz misst leien. © Janek Skarzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Faschismus, Nationalfeierdag, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel