Search

You may also like

dislike
Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?
Fail Meenung Sport

Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?

Am Venezuela herrscht säit längerem Krisestëmmung. Dëst well de President

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter
Fail Meenung Sport

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Zum Optakt vun der Presentatioun vum Rapport vun der Consultativer

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter
Fail Meenung Sport

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter

Bal wier den Hans Peter Geerdens, besser bekannt als Scooter

dislike

Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes

Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes

Elo ass en dann endlech gestart, dee faméisen Tour vu Frankräich. Dat ganz um Vëlo a mat enger nach méi grousser Unzuel un Autoen, Camionen a Reklamm op Rieder. Mam Zäitfuere gëschter zu Düsseldorf huet nieft dem sportlechen Evenement och eng riseg Werbecampagne den Depart geholl.

Während d’Ae vun de Spectateuren eigentlech op d’Coureure vun der „grande boucle“ geriicht sinn, ass d’Reklamm awer esou omnipräsent, et muss een se einfach gesinn. An eng Fro déi sech da stellt ass: Muss dat sinn? Gutt, et ass ee vun den deierste Sportevents op der Welt an dat muss finanzéiert ginn. Mee erkläert dat schonn alles?

Opfälleg ass hei, datt et net déi gewinnten Entreprise sinn, déi déif an d’Täsch gräifen. Coca-Cola a Nestlé beispillsweis si mat hire Produiten net esou Präsent wéi se dat bei aneren Evenementer sinn. D’Reklamme sinn op de Public, dee sech fir Vëlossport interesséiert, ausgeluecht. Et dierft net ee Supermarché an och keng Bank ginn, déi sech net iergendwéi mat engem Calicot wëll bemierkbar maachen. Ganz ofgesi vun der Liewensmëttelindustrie (eis Foto) déi hei richteg Goss an de Grapp hëlt.

Och op den Trikote vun de Cyclisten ass alles esou ubruecht, datt, op’s de wëlls oder och net, bal méi Reklamm wéi Coureur gesäis. Elo ass dat u sech net weider schlëmm. Déi meescht „gesinn“ et net emol wierklech, ass et dach d’Course ëm déi et geet a fir déi een sech interesséiert. Wier do net dat Ënnerbewosstsinn wat engem dach ëmmer nees, grad da wann et net misst sinn, drun erënnert.

Wien den Tour intensiv verfollegt, also all Dag wéi et sech gehéiert vrun de Tëlee dem Dreiwe vun de Coureure gespaant nokuckt, dee wäert et mierken. Fiert ee beispillsweis an d’Vakanz, ugeholl a de Süde vu Frankräich einfach op ee Camping, dann ass et do d’Ënnerbewosstsinn. Et brauch een eppes z’iessen an ze Drénken. Einfach Léisung, schnell bis an de nächste Supermarché. Der gleeft et vläicht net, mee wien de Choix huet, wäert an ee Carrefour oder Lidl goen.

Et huet sech einfach agebrannt an et kann ee sech eigentlech och net dogéint wieren. D’ass einfach do. De Mënsch ass konditionéiert ginn an obwuel hien nach ëmmer de Choix huet, de Programm deen am Hannergrond ëmmer matleeft, hält d’Steier fest am Grëff. Et ass wéi mat der Musek, huet een ee Lidd oft genuch héieren, kann een dat iergendwann matsangen, vläicht ass dat net schéin, mee et ass gespäichert.

Net anescht ass et mat de Reklammen. An enger Ënnersichung konnte Spectateure wuel net auswenneg d’Reklammen um Trikot vun hirem Favorit op ee wäisst Blat schreiwen. Mee wéi se ënnert eng Auswiel vu Logo’en déi sollten auszortéieren déi um Trikot sinn, haten se enge Trefferquote vun 98%. Et bleift also „hänken“ wëll een net driwwer nodenkt. Doriwwer sollt een emol nodenken…

Foto: © Eric Feferberg/AFP

Related topics Reklammen, Sport, Tour de France, Vëlo
Next post Previous post