Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
OpenClassrooms: E neit Partenariat mat der ADEM
Meenung

OpenClassrooms: E neit Partenariat mat der ADEM

Um Dënschdeg ass op der ADEM den Accord, deen de

D‘Aarbechtswelt (selwer) anescht gestalten (Lieserbréif)
Meenung

D‘Aarbechtswelt (selwer) anescht gestalten (Lieserbréif)

Méi Flexibilitéit. Selwer wiele kënne wéi vill ee kotiséiert, an

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt
Meenung

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken

Haut fänken an Norwegen déi gréisste Militärmanöver zanter dem Enn vum „kale“ Krich un. Mat „Trident Juncture 18“ soll Moskau gewise ginn, datt een et als Allianz nach drop huet, an ee bereet ass noutfalls dem „Bier“ d‘Pelzemutz iwwert d‘Oueren ze zéien. Dofir ginn eng 50.000 Zaldoten, 10.000 Gefierer, 65 Schëffer an 250 Fliger vun 31 Länner opgebueden. Awer soss geet et?

Den Norweger Jens Stoltenberg, NATO-Generalsekretär, huet kierzlech gemengt, datt d‘NATO net méi „a Form“ ass, an d‘Sécherheet esou net garantéiert ka ginn. Mat dëser „Aktioun“ soll elo dem „Feind“ – an dat ass laut der NATO an den USA ganz kloer Russland – demonstréiert ginn, datt een ënnert Alliéierten zesummenhält an esou gutt ausstafféiert ass, datt ee Russland net ze fäerte brauch.

Gutt fäerte wier sécherlech datt falscht Signal, woubäi Drogebäerden esou onmëttelbar un der Grenz, vu Moskau éischter als Bedreeung musse bewäert ginn, wéi dann als Demonstratioun zu „wien huet deen décksten“. Et ass zudeem och den aktuelle Kontext, deen aus esou engem Militärmanöver séier e Konflikt maach kann. Déi geréngste Provokatioun, a scho kann et lass goen.

Wéi den US-President den Accord zu de Mëttelstreckesystemer zerrappt huet, fir esou d‘Erneierung vum US-Atomwaffenarsenal ze berechtegen, hätt et engem Jens Stoltenberg gutt zu Gesiicht gestanen, dëse (wuel vu laanger Hand geplangten, awer net méi an der adequater Zäitfënster ausgefouerten) Manöver, wann och net ofzeblosen, zumindest zäitlech ze versetzen.

Mee nee, et si schliisslech geschwënn „Midterm Elections“ an do muss och eng NATO deem säit laangem geféierlechsten US-President, de Réck stäipen. Et ass ee jo och op d‘US-Dollar an d‘Zaldoten aus Amerika ugewisen. Europa ouni d‘USA, wier en schwaacht Wiesen dat kaum an der Lag wier sech den hënneschten ofzebotzen, léisst dat alles vermudden, a vläicht stëmmt et esouguer.

Wéi och ëmmer Lëtzebuerg bedeelegt sech och mat enger Handvoll Zaldoten. Woubäi dat eng Informatioun ass, déi éischter um Rand erwähnt gëtt. Iergendwann kritt de virwëtzege Bierger, am Kader vun der Virstellung vum Aktivitéitsbericht gesot wat et kascht huet, a wéi houfreg een op d‘Leeschtung am Kader vum NATO-Manöver op d‘Jongen ass. Dobäi ass et e Spill mam Feier.

Verkaf kritt een dat alles, wann een et net besser weess, als Ausfluch vun Zaldoten am Kader vun der Verflichtungen déi een agaangen ass. Firwat et wichteg ass sech ze bedeelegen, oder wéi en Impakt den Asaz vun engem Lëtzebuerger „Peloton“ hei huet, dat ass iergendwéi irrelevant. Mee dat sollt ee sech gënnen, wann ee ganz decidéiert un engem onverantwortleche Manöver deel hëlt.

Ech bleiwen dann och derbäi, no der Kënnegung vum INF-Vertrag, muss Moskau dëst Manöver, als eng „anti-russesch Operatioun“ bewäerten. Zudeem ginn d‘Russe gezwongen, och Truppen un hir Grenz ze verleeën, wouduerch de Risiko klëmmt datt et zu enger „ongewollten“ Begéinung kënnt. De Beholl vun der NATO, ass ugesiichts der globaler politescher Situatioun, onverantwortlech.

Ähnlech Sujeten Jens Stoltenberg, NATO-Manöver, Norwegen, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel