Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kann een dat iranescht Atomofkommes nei Verhandelen?
Fail International https://moien.lu/high-school-dating-anime/

https://moien.lu/nadech-dating-yaya/

Den Iran gesäit net wou den Interêt soll leien, mat

dating spots in coimbatore
https://moien.lu/boyfriend-has-profile-on-dating-site/
Fail International https://moien.lu/high-school-dating-anime/

De Copyright braucht eng Reform, mee dës Propose geet villen ze wäit

Datt déi aktuell Copyright Reegelung reforméiert muss ginn, dorunner besteet

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem
Fail International https://moien.lu/high-school-dating-anime/

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem

Ankara hat et ugekënnegt an elo maachen d‘Tierken eescht. Um

dating spots in coimbatore

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Also wat do nees a Groussbritannien eng opgefouert gëtt, just well e Spioun, an dann och nach en Iwwerleefer, mam Nervegëft iwwert de Jordan gejot sollt ginn. Als Vergeltungsmoossnam huet déi britesch Premierministesch Theresa May, elo emol 23 Diplomaten aus dem Land verwisen, an déi bilateral „Bezéiung“ op Äis geluecht.

Hei dierf ech dann och schonn eng éischt Bemierkung dertëschent klemmen. Mat allem wat London de Russen an dëser (nach ongekläerter) Affär virgehäit huet, sinn déi vum May geuerdert Mesuren, hallefhäerzeg. En Diplomatebalett organiséieren, eng Bezéiung op Äis leeën, dat ass Kannerkino. Wann een den Nol wëll aschloen, da gräift ee no Sanktiounen, am beschten där déi Geld kaschten.

Ech stelle mir zudeem d‘Fro, wéi d‘Premierministesch am Parlament ka vun engem illegale russeschen Asaz vu Gewalt géint d‘Kinnekräich schwätzen. De Spioun Sergueï Skripal (66) a seng Duechter Lulia (33) sollten erwisenermoosse mat engem Nervegëft ëmbruecht ginn, mee wéi an all guddem Krimi, et brauch ee Beweiser fir den Täter ze iwwerféieren.

Sech am UN-Sécherheetsrot de Batti stellen, just well ee sech sécher ka sinn, datt ee vu sengen traditionellen Alliéiert de Réck gestäipt kritt, ass dann och eng ganz bëlleg Aktioun. Eng déi beschtefalls d‘Opmierksamkeet vun de Medie fuerdert, soss awer kaum eng Mënscheséil dierft hannert dem Canapé erauslackelen.

An dem President vum UN-Sécherheetsrot, den Hollänner Karel van Oosterrom seng Ausso: „Et ass déi éischte Kéier zanter dem Enn vum zweete Weltkrich, datt esou eppes an Europa geschitt“, ass Quatsch. Et ass schonn deen een oder aneren „Iwwerleefer“ mat Gëft bei der Däiwel gejot ginn. Zur Erënnerung: de Fall Alexander Litvinenko, FSB-Offizéier, 2006 u Polonium-210 gestuerwen.

Schonn deemools hat Scotland Yard behaapt, datt „d‘Beweiser suggeréieren, datt déi eenzeg kredibel Erklärung, op déi eng oder aner Manéier dohinner féiert, datt déi russesch Regierung mat der Ermordung vum Litvinenko eppes ze dinn huet“. Bewisen, datt Moskau eppes mam Dout vum Litvinenko ze dinn hat, huet dat Scotland Yard bis haut net.

Elo also gëtt d‘Affär dann och nach an den UN-Sécherheetsrot geschleeft an et dierf ee sech froe firwat? De briteschen UN-Ambassadeur, Jonathan Allen, begrënnt dat esou: „Ass dat eleiten net déi Plaz, un déi sech Länner wennen, wann et eng Bedreeung fir den internationale Fridde gëtt, wann ee Land ugegraff gëtt?“. An da koum och d‘Argument dat dech vum Hocker hieft.

„Baséierend um Wëssen, datt Russland dëse Kampfstoff fréier hiergestallt huet an, an der Vergaangenheet ‚Optragskiller‘ op ex-Spiounen ugesat huet, kënnt meng Regierung zum Schluss, datt Russland ganz wahrscheinlech verantwortlech ass“, esou den Jonathan Allen. „Ganz wahrscheinlech“ ass awer kee Beweis, just nëmme Gebraddels.

D‘Nikki Haley, US-Ambassadrice bei der UNO, beweist och geeschtlech Wäitsiicht: „D‘USA stinn an absoluter Solidaritéit zu Groussbritannien. Mir gleewen, Russland ass fir den Asaz vun engem militäresche Kampfstoff verantwortlech“. Datt dem Trump seng Knetzel Partei fir d‘Briten ergräift, huet kee juristesche Grond, dofir awer e politeschen.

An dat ass et wourëms et hei geet. Den ex-Spioun, säi Meedchen an och e Polizist, déi ëm hir Liewe kämpfen, sinn verhältnesméisseg „onwichteg“. Bei dësem „Spill“ geet et an éischter Linn dorëms, Russland weltpolitesch ze diskreditéieren. Dat de Beschëllegten awer esou laang als onschëlleg muss betruecht ginn, wéi seng Schold net erwisen ass, interesséiert anscheinend keen.

An esou gesäit et dann aus, datt Russland dementéiert an déi westlech Allianz beschëllegt. Dobäi ass awer eigentlech gewosst, datt een als Spioun e geféierlecht Liewe féiert, an den Dout ëmmer am Gepäck ass. Zudeem sollten d‘Briten an d‘Amerikaner de Ball flaach halen, wann et nämlech dorëms geet ee Verréider „auszeknipsen“, sti béid Regierungen ëmmer ganz vir an der Rei.

Randnotiz: An de 70er an 80er Joren hat d‘Sowjetunioun ënnert der Bezeechnung „Nowitschok“ eng ganz Rei vu neien Nervegëfter entwéckelt. Esou soll ënnert dëser Bezeechnung bis zu 100 Variante ginn, déi alleguerten zu den déidlechste Kampfstoffer gehéieren, déi jeemools sollen hiergestallt gi sinn. Gëft dat schwéier nozeweisen ass a bei deem d‘Iwwerliewenschance ganz geréng sinn.

Foto: Schwéier geschützt a mat Otemschutz, waren a sinn d‘Enquêteure beim Salisbury Distrikt Spidol ënnerwee, fir no Spuere vun engem russeschen Nervegëft ze sichen. © Daniel Leal-Olivas/AFP

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, Sergueï Skripal, Spionage, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel