Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt
seymour duncan pickup dating online dating success rate 2017

https://moien.lu/plus-size-dating-apps-free/

Egal wéi een et dréint a kéiert, d’Universum geet iegendwann

proverb dating former miss sa
seymour duncan pickup dating online dating success rate 2017

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu

surprise
D’Unhänger vum Mélenchon fuerderen de Macron eraus
seymour duncan pickup dating online dating success rate 2017

D’Unhänger vum Mélenchon fuerderen de Macron eraus

De Leader vun der „radikaler“ Lénker, Jean-Luc Mélenchon huet seng

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!

Déierrech Gläichberechtegung bei dëser Hëtzt

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!

Zur summerlecher Zäit, an der sech haaptsächlech ëm d’Wuelbefanne vu Mënsch, Hond a Kaz gekëmmert gëtt, ass bis ewell leider nach keen ee Wuert zum Schutz vun enger spezieller Grupp gefall: eisen Notzdéieren.

Wie selwer vum Duerf kënnt, am Alldag oft mam Bauerenhaff, senge Wisen a Felder konfrontéiert gëtt – wann och nëmme vum kucken – a sech ëm d’Déierewuel këmmert, deem ka bei der Haltung vu Kou, Päerd a Schof schonn emol iwwel ginn. Tëschenduerch gesäit ee schliisslech ëmmer erëm Wisen, op deenen eis Notzdéieren ouni iergendeng Ënnerdachung a Méiglechkeeten, fir Schiet ze kréien, de Wiederverhältnisser ausgesat sinn.

Sief et Reen, een Donnerwieder oder – wéi momentan – déi extrem Hëtzt, oft feelt et wäit a breet un enger Ënnerstellméiglechkeet fir eis grouss Véierbeener. Natierlech ass d’Majoritéit vun der Bevëlkerung nach net esou wäit, een Déier als fillend Liewewiesen, mat Emotiounen, Sozialwiesen an Intelligenz unzegesinn, trotzdeem sinn dës Verhältnisser keng aartgerecht Konditiounen – wie géif säi Kand dann an der praller Sonn einfach dobausse stoe loossen?

Wou d’Schwäiz kloer am Gesetz zur Fleeg an dem Ëmgang mat Déiere festsetzt, datt een nom Artikel 31, Ofsaz 1 vun der Déiereschutzveruerdnung oppasse muss, den Déieren am Summer genuch Schiet ze bidden, si mir wuel nach net grad esou wäit.

Schiet

Lëtzebuerg an d’Déiereschutzgesetz

Um 27. Juni 2018 ass am Grand-Duché dat neit Gesetz zum Schutz vun den Déieren ënnerschriwwe ginn, um 3. Juli 2018 ass et dunn a Kraaft getrueden. Och an den Nopeschlänner si mir als Pionéier, Virreider a gutt Séilen ervir gehuewe ginn, déi endlech d’Déier als Wiese mat Gefiller ugesinn, an net méi als Géigestänn.

Schonn am 2. Kapitel, Artikel 4 gëtt erkläert, datt all Persoun, déi een Déier hält, dësem och ze iessen, ze drénken an déi entspriechend Fleeg muss bidden, ëm donieft och ee Logement muss ginn, wat se physiologeschen, ethologeschen an ekologesche Besoine gerecht gëtt.

(1) Toute personne qui détient un animal, qui en a la garde ou qui en prend soin est tenue :
1. de donner à l’animal l’alimentation, l’abreuvage et les soins appropriés à son espèce et de lui fournir un logement adapté à ses besoins physiologiques, éthologiques et écologiques ;

Generell kann een hei mat enger Geldstrof tëscht 25 an 1.000 € rechnen – woubäi déi éischt Zuel jo wuel fir ze Laachen ass. Souvill dozou, datt d’Gesetz d’Déiere besser protegéiere soll an déijéineg, déi sech net un d’Bestëmmungen halen, méi streng bestrofe wäert.

Natierlech, oder éischter hoffentlech sinn dës Fäll vun net-aartgerechter Haltung vun den Notzdéieren d’Ausnamen. Schliisslech ginn et och genuch Baueren, déi sech bei extreme Wiederkonditiounen ëm d’Wuel vun hiren Déieren, vun deenen hirer Existenz dat eegent Wuel ofhänkt, këmmeren, hinne Schiet bidden oder souguer ee klimatiséierte Stall. All Liewewiesen, dat bei 38°C opwäerts der praller Sonn an ouni eng Drëps Waasser ausgesat ass, leit allerdéngs. Dëst Leed kéint einfach vermidde ginn.

Schiet

Iwwert d’Verhale vun den Déieren

Eng ganz natierlech Reaktioun bei Hëtzt ass et, eng Plaz mat Schiet oder vill Loftbeweegung opzesichen. Donieft probéieren eis Notzdéieren hire Kierper ze befiichte, beispillsweis duerch lecken oder d’Reiwen iwwert eng naass Plaz. Generell friessen si manner, brauchen awer dofir däitlech méi Waasser. De Kierper reagéiert duerch Schweessen oder Hechelen.

Beim leschte Punkt gëtt et ee grousse Problem: Eng erhéichten Ootmung kann zur respiratorescher Alkalos féieren. Am Kloertext heescht dat, datt de Blut-pH-Wäert steigt. Esou soll d’Kierpertemperatur reguléiert ginn an déi liewenswichteg Funktiounen erhale bleiwen. Heibäi gëtt vill Energie verbraucht, déi duerch Fudder a Waasser nees opgebaut misst ginn.

Am schlëmmste Fall dehydratéiert de Kierper, wouduerch och déi eegen Temperatur ëm zirka 1°C, sou wéi d’Otemfrequenz klëmmt. Heiduerch ginn eis Déieren nach manner tolerant géint d’Hëtzt. Huele mir elo d’Beispill vum Rand, da ka schonn 20°C opwäerts als Belaaschtung gesi ginn. Virun allem bei Mëllechkéi geet dann d’Leeschtung zeréck.

Schiet

Schutz virum Wierder

Fir sengen Déieren eng Schutzplaz virun de Wiederverhältnisser ze bidde muss een net zwéngend eng Hütt bauen. Als natierlech Form vum Witterungsschutz gëlle beispillsweis Beem oder Hecken. Am Summer si virun allem Lafbeem gutt gëeegent, fir Schiet ze spenden. Zur kaler Joreszäit kënnen si allerdéngs net méi genuch Schutz géint d’Keelt an de Wand bidden. Heivir sinn Nolebeem ideal, déi souwuel fir de Schiet, wéi och géint d’Auswierkunge vum Hierscht a Wanter genuch Réckzuchsméiglechkeete bidden.

Eis Bedenke leien hei just beim Sonnenafall. Oft grenzen d’Beem oder d’Bëscher jo just un d’Wiss op der sech d’Notzdéiere befannen, wouduerch – virun allem wann d’Sonn hiren Zenit Mëttes erreecht an et am wäermsten ass – dann trotzdeem kee Schiet do ass.

Wichteg wier et an Zukunft hei exakt Grenzwäerter an detailléiert Gesetzestexter opzestellen, bei deenen d’Notzdéieren eenzel berécksiichtegt ginn. Schliisslech ass eis Gesellschaft vun dëse Liewewiesen ofhängeg!

Ähnlech Sujeten Déiereschutzgesetz, Editorial, Hëtzt, Notzdéieren, Schiet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel