Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung
Meenung

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Um Méindeg hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Entrevue mat

CSV-Kongress: Fir méi Liewensqualitéit an eng besser Mobilitéit
Meenung

CSV-Kongress: Fir méi Liewensqualitéit an eng besser Mobilitéit

Si „hunn e Plang“. Dat zumindest steet op alle Wahlplakater,

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino
Meenung

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino

Eis all ass déi kleng Mierjongfra Arielle vu Walt Disney

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!

Et gëtt Mënschen, deenen een och mam allergréisste Versteesdemech net op engem Muere wëll begéinen, op deem eppes méi wéi dräi Schnéiflacke vum Himmel falen. Gutt Virsiicht, besonnesch am Stroosseverkéier, ass net vu Muttwëll, mee wann ee scho fäert iert een d‘Steierrad an de Grapp hëlt, dann ass et un der Zäit wou een et sollt ganz si loossen. Esou klëmmt een net an den Auto.

Wie fäert dee bremst, a wie bei dësem Wieder bremst: verléiert! A verléieren dinn och ëmmer nees domm Mënschen, därer déi net agesi firwat ee fir ee puer Deeg muss Wanterpneuen opleeën, an därer déi et partout net verstinn, firwat een seng Vitesse ëmmer de Wiederbedingunge sollt upassen. Eigentlech kann een doriwwer nëmmen de Kapp rëselen, wieren se net och eng Gefor fir Drëtter.

Mir ass et souwisou ëmmer nees e Rätsel, wéi et ka sinn, datt et tatsächlech därer Leit gëtt, déi – an dat ass leider kee Witz – ganz éierlech doriwwer verwonnert sinn, datt et am Wanter zu Schnéi ka kommen. Dës „selektiv Opmierksamkeet“ ass bei ville scho pathologesch, an et sinn dat och déi, wou sech doriwwer iergeren, datt hir Streck net gestreet oder geplout ginn ass. Ass och schlëmm…

Et ass zudeem ongerecht, de Männer vum Stroossebauamt (Ponts & Chaussées) oder de Gemengen hei e Virworf ze maachen. Si sti matten an der Nuecht op fir eis Verkéiersweeër esou sécher wéi iergendwéi méiglech ze maachen. Woubäi et an der Natur vum Mënsch läit, d‘Spläiter am A vun deem aneren ze erkennen, net awer d‘Briet virum eegene Kapp ze gesinn. Dat ass och net einfach.

Also sollten déi wou sech bei dëse Wiederverhältnisser „onsécher“ fillen, et einfach si loossen. Fir déi puer Deeg wou et wiedertechnesch eppes chaotesch op eise Stroossen zougeet, ass et eng gutt Optioun, sech mam ëffentlechen Transport ze bewegen, oder op de Covoiturage zréckzegräifen, also wann dee wou d‘Steier am Grapp hält, iwwer genuch Selbstvertrauen an Erfarung verfüügt.

Net ze vergiessen, datt et där „Piloten“ op eise Stroosse gëtt, déi iwwerzeegt sinn, datt wat se deem virdru méi no opfueren, wat dee sech méi begannt. Dësen Artiste kritt een nach net emol erkläert, datt esou e Verhale schonn um dréchenen näischt daacht, also op rutschegem Ënnergrond misst een et jo net emol ernimmen. Wéi ee gesäit et ass net einfach op eise Stroossen, a jidderee mécht mat.

Ähnlech Sujeten Glattäis, Ponts et Chaussées, Schnéi, Verkéier, Wanter, Wanterpneuen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel