Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dag, deen Europa gespléckt huet
Meenung Money

Den Dag, deen Europa gespléckt huet

Place Guillaume, de 6. September: Um Riednerpult steet eng Kopie vum

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm
Meenung Money

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss.

D’Justiz verbitt dem Trump seng „Géigner“ op Twitter ze blockéieren
Meenung Money

D’Justiz verbitt dem Trump seng „Géigner“ op Twitter ze blockéieren

Um Mëttwoch ass den Donald Trump vun der US-Justiz „enttäuscht“

money

Editorial: Stell der vir et si Solden a kee geet hin

Editorial: Stell der vir et si Solden a kee geet hin

Et steet ee kuerz virum Summer, e Fakt see sech och dorunner erkenne léisst, datt haut d‘Solden ugefaangen hunn. Bei eise franséischen Nopere war dat scho gëschter de Fall an fir d‘Belsch geet de Kampf um Wulldësch muer eréischt lass.

An dësem Kontext hunn dann och (all) all d‘Geschäfter an der Stad e Sonndeg Nomëtteg op, an et gëtt esouguer e Floumaart an der Garer Avenue organiséiert. Och op anere Plazen uechtert d‘Land dierft dat de Fall sinn, woubäi ee sech froen dierf, wat et eigentlech haut am Internetzäitalter nach mat de Solden op sech huet.

„Ëmmer alles méi bëlleg“ kléngt op där enger Säit gutt, suergt am Kontext vun de Solden awer och fir Kappzerbrieches. Stänneg gëtt et Promotiounen, „Serien“ déi „auslafen“ a sougenannte privat Venten. Do kann ee sech dann d‘Fro stellen, op et Sënn mécht doheem ongedëlleg op d‘Solden ze waarden, oder op een eigentlech drop kéint verzichten.

Gutt, ech hu kee fonnt deen drop verzichte wëll, woubäi am allgemengen och an der Soldenzäit, awer nach am Handy oder der Tablett nogekuckt gëtt, op de Präis vum Artikel dee soldéiert ginn ass, och zu gudder Lescht deen ass, deen ee bereet ass ze bezuelen. Zudeem gëtt besonnesch bei de Kleeder oft bedauert, datt dat wat e begiert, net an der passender Mooss ze fannen ass.

Do wier, esou d‘Ausso vun e puer jonken Dammen, den Internet däitlech am Virdeel, wat sech och doduerch erkläert, datt dat wat net passt, einfach zréck geet. An engem Geschäft wier een do oft op d‘Kulanz vun de Vendeuren ugewisen.

Fir d‘Geschäftsleit awer sinn d‘Solden eng ganz wichteg Period am Joer. Si verdeedegen d‘Solden dann och mam Argument: „Solden si keng Promotiounen“. D‘Solde sinn d‘Äntwert op eng ekonomesch Logik: d‘Saison an d‘Moud ännert sech. Dat bedeit, datt vill Geschäfter hiren „Iwwerhang“ musse lass ginn, a Plaz fir déi Wuere musse bereetstellen.

Dofir wier et net verkéiert, wann een als Geschäftsmann schonn un de Solde festhält, ze bedenken, datt och an der Soldenzäit de Client gären ëmschwäermt gëtt. Service ass och, oder grad vläicht während de Solden, eppes wouropper de Client wäert leet.

Ähnlech Sujeten Solden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel