Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf
secret dating app login

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert,

https://moien.lu/adam-maroon-5-dating-victorias-secret-model/
secret dating app login

wikihow dating a shy guy

Um leschte Juli-Dag ass beim CGDIS den Appell eragaangen, datt

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong
secret dating app login

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong

Et war kee gudden Dag fir dem Donald Trump säi

Editorial: Solidaritéit mat de Kollegen aus Mëttelamerika

Editorial: Solidaritéit mat de Kollegen aus Mëttelamerika

Zanter Méint, wann net Jore, sinn d’Journalisten a Mëttelamerika eppes wéi Fräiwëld. Se gi verfollegt an ermuert. Eng ronn drësseg Länner fuerdere scho vun der UN ee Sonner-Beoptraagte fir de Schutz vu Journalisten an dëse Freideg wëll sech Däitschland deenen uschléissen.

Schonn 2015 hat „Reporter ouni Grenzen“ gefuerdert de Kampf géint d’Verbriechen u Journaliste resolut opzehuelen. Et huet  sëllech Beschlëss ginn, wierklech geschitt ass awer wéi esou oft. Näischt. Dat dreift mir den Hutt héich, besonnesch wou ënnert deene méi wéi 700, déi weltwäit ëmbruecht gi sinn oder „verschwonne“sinn, der derbäi sinn, déi ech perséinlech kannt hunn.

Mee wat reegen ech mech eigentlech op, et geet mer dach gutt zu Lëtzebuerg. Jidderee léisst mech meng Aarbecht maachen an ech dierf schreiwen iwwert wat ech wëll, wéi ech wëll. Net emol mäi Chefredakter zitt de Rimm un, wann ech mer een „eekelegen“ Dossier gräifen a mat Dreck ëm mech werfen. Et muss just d’Wourecht sinn a stëmmeg dem Lieser erzielt ginn.

Esou an net anescht huet och de Javier Valdez aus Mexiko seng Aarbecht gemaach. Hie war esou respektéiert, datt hie mam Präis vun der US-Medierechtsgrupp zum Schutz vu Journalisten ausgezeechent ginn ass. Elo ass en dout, virun ee puer Wochen um hellliichten Dag am Nordweste vu Mexiko op der Strooss erschoss. Et ass dee siwente Journalist, deen an dësem Joer a Mexiko ëmbruecht ginn ass, an ee vun de 27, déi, zanter datt den Enrique Peňa Nieto President ass, gestuerwe sinn. Net besser ass et zur Zäit am Honduras. Hei sinn zanter 2009 méi wéi 25 Journalisten ëmbruecht ginn.

Et gëtt wuel ee Sonner-Berichterstatter bei de Vereenten Natiounen, den David Kaye. Deen huet nach am Abrëll bei de mexikanescher Regierung offiziell nogefrot, déi Fäll dierfen ze ënnersichen. Op eng Äntwert waart de gudde Mann nach haut. Ee neie Sonner-Beoptraagte kéint awer mat gréissere Kompetenzen ausstafféiert ginn an hätt méi Duerchsetzungsméiglechkeete.

Bis dat geschitt wäert ech wuel al a gro sinn. Mir bleift just deene ville mäi Respekt auszedrécken an meng Regierung opzefuerdere wéinstens een Zeechen ze setzen. Et ass mir wuel bewosst, datt ee politesche Statement keng Liewe ka retten, mee et stéing der Chamber, an domadder der Regierung net schlecht zu Gesiicht, wann se wéinstens dat kéinte maachen.

Och vun de Kollegen hei zu Land, hire Verbänn a Gewerkschafte sollt ech dierfen erwaarden, datt se sech op mannst solidaresch weisen. Mee ofgesi vun de Jongen aus der „Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek“ huet nach keen et fir néideg fonnt de Sujet och nëmmen unzeschwätzen. Et ass een Trauerspill an dobäi gehéiere mer dach eigentlech der selwechter Famill un.

Och den Damen an Hären am Presserot, geheien ech de Stee vrun d’Féiss. Si déi sech nieft der Pressefräiheet an dem Schutz vun de Journaliste, och fir een transparent Pressegesetz agesat hunn wiere gutt beroden och emol un der Regierungsbänk ze rëselen. Et ass nämlech och hir Flicht d’Pressefräiheet iwwert eis Grenzen eraus ze verdeedegen. Et schéngt se awer net wierklech ze interesséieren…

Foto: De 15. Juni hunn Journalisten zu Mexiko-City demonstréiert, fir déi hannerlëschteg Ermordung vun hirem Kolleg Javier Valdez unzekloen. De 50 Joer ale Journalist war en Expert a Froen zum Droge-Kartell a Korrespondent vun der AFP. Hien ass mat enger Dose Kugelen um 15. Mee virum Büro vu „Riodoce“ enger Zeitung déi hie matgegrënnt huet, ermuert ginn. (© Pedro Pardo/AFP)

Ähnlech Sujeten Editorial, Journalismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel