Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jerusalem: Warnung vun den USA virum Vott vun der UN-Generalversammlung
Kultur Meenung

Jerusalem: Warnung vun den USA virum Vott vun der UN-Generalversammlung

Um Donneschdeg ass d’UN-Generalversammlung opgeruff iwwert eng Resolutioun ofzestëmmen, déi

Mat engem koreaneschen Athlet um Tour
Kultur Meenung

Mat engem koreaneschen Athlet um Tour

De Grupp Rodenbourg, haaptsächlech als Concessionaire vu Peugeot bekannt, verkeeft

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?
Kultur Meenung

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?

Den Energie- a Klimaplang fir den Zäitraum 2020-2030 versprécht vill,

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt esou, schonn eleng well d’Leit wierklech vill TV kucken a méi Konkurrenz d’Geschäft belieft. An eventuell souguer d’Qualitéit erop setzt. Ëmmerhi schwätze mer vun engem neie gëllenen Zäitalter vum Fernseh.

Dat kléngt richteg himmlesch, oder? Leider ginn et do e puer Wolleken um Horizont: Disney huet ugekënnegt, sech elo selbststänneg ze maachen. D’Zil ass et, net méi op Netflix seng Contenuen ze weisen, mee an Zukunft en eegene Streaming-Service opzebauen, wou des Inhalter exklusiv gewise ginn.

Dat ass an esou fern problematesch, als datt vill Leit op Netflix setzen, fir eben net méi missen en Televisiounsabo ze hunn an zu all Zäit dat kucken ze kënnen, wat se wëllen. Wat dëst ugebuert méi zerspléckt gëtt, wat déi eenzel Déngschter e manner grousse Reiz hunn. Ween also deen Ament alles disponibel wëll hunn, dee muss erëm déif an d’Täsch gräifen.

Disney an Netflix hunn ausserdeem virdru gutt zesumme geschafft. D’Marvel Serien op Netflix waren innovativ an hunn eng héich Qualitéit mat sech bruecht. Dat huet an deene meeschte Fäll dozou gefouert, datt souwuel d’Kritiker wéi och d’Fans ganz zefridde mat dësen Inhalter war. Zwar gëtt dovunner geschwat, des Kooperatioun och weider féieren ze wëllen, mee et weist awer, wéi zerbriechlech des Allianze sinn.

Fir de Konsument ass ze befiirchten, datt en den Duerchbléck verléiert, wie wat ubitt. De Problem ass scho länger do, huet Netflix senger Zäit vill Lizenzen gënschteg akaf, wéi Streaming nach net esou grouss war. Op der kloerer Plussäit ass awer och ze verzeechnen, datt Netflix ëmmer méi eegene Contenu produzéiert. Dëst och ëmmer méi verstäerkt a Richtung Filmer hin. Eng gutt Entwécklung, ewech vum klassesche Kinos- a Fernsehfilm, och wann ech perséinlech zougi muss, datt mech bis elo nach näischt esou 100eg iwwerzeege konnt.

Da kënnt nach d’Fro dobäi: Wat geschitt mat konventionellen Televisiounschaînen? Wann de Nowuess souwisou schon Youtube an Twitch preferéiert vis a vis vum konventionelle Fernseh, wéi muss sech deen Ament déi Industrie ëmstellen? Netflix lizenzéiert seng eege Contenuen net méi un des Chaîne weider. Wann Disney Erfolleg huet an ëmmer méi Studioen hir eege Streaming Servicer ubidden, ass net ofzegesinn, op déi nach weider hir Lizenzen un déi “normal” Televisioun nach wëllen ofginn.

Egal wéi wäert et nach zu ville spannenden Entwécklunge kommen am Ënnerhalungsberäich. A Spannung ass do jo bekanntlech d’Geschäft!

Foto: Netflix

Ähnlech Sujeten Kultur, Medien, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel