Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iran: russesch-amerikanesche „clash“ op de Vereenten Natiounen
Fail International cs go matchmaking server probleme year dating

after 2 months of dating

Et war eng kontroverséiert Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot, déi d’USA um

dating a guy smaller than me
Fail International cs go matchmaking server probleme year dating

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss

No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen,

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass
Fail International cs go matchmaking server probleme year dating

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

dislikesurprise

Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet

Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet

Mat ganz knappe 56% huet den SPD-Parteidag um Sonndeg sech fir Koalitiounsgespréicher mat de konservative Schwësterparteie CDU/CSU ausgeschwat. Schulz, Nahles & Co. Verhandelen elo ëm Posten a hu versprach Verbesserunge bei de Koalitiounsgespréicher ze erwierken.

Wat si elo gleewe léisst, datt sech den eigentlech politesche Géigner bei Koalitiounsgespréicher méi ofrénge léisst, wéi dat bei de Sondéierungsgespréicher de Fall war, datt ass wat ze beweisen ass. Hiren Zéck-Zack-Kurs jiddefalls, deen se zanter de gescheiterte Verhandlunge vun „Jamaika“ ageschloen hunn, ass eng däitlech Failliteerklärung.

Et wier also sécherlech gescheit gewiescht, hätt sech de Martin Schulz, wéi d‘Wahlresultat virgeleeën huet, net aus der Fënster geleeënt a groussspuereg getéint d‘SPD géif elo an d‘Oppositioun goen an net fir Koalitiounsgespréicher zur Verfügung stoen. Och d‘Andrea Nahles, dat um Mueren no bekannt gi vu de Wahlresultater, gemengt huet, datt en der elo „laanscht d‘Bake“ géif ginn, hat eng Geleeënheet verpasst de Mond ze halen.

Standhaftegkeet – dat ass et wat ee vun engem Politiker dierf erwaarden – dréit enorm zur Kredibilitéit aus, och grad dann, wann een eng net esou populär Entscheedung trëfft, déi awer duerchzitt. De Wieler hat jo och, doranner sinn sech d‘Experten eens, d‘GroKo ofgewielt, well him engersäits de politesche Stëllstand duer gaangen ass, an anersäits keng vun de Parteien am Wahlkampf vertrietbar Verännerungen ugebueden huet.

Am Fall vun der grousser Koalitioun (GroKo) verléiert d‘SPD net nëmmen de Wieler u sech, mee spléckt och nach déi eege Partei an zwee Lager. Esou ass et wuel richteg, datt et ënnert den Delegéierten um Parteidag eng – wéi gesot knapp – Majoritéit ginn huet, d‘SPD-Basis a ganz besonnesch déi jonk Sozialiste majoritär dergéint sinn.

Mat engem „Verrot“ un den eegene Leit, an anescht kann een dat Trauerspill net bezeechnen, huet sech d‘Parteispëtzt duerch de Knéi an den eegene Fouss geschoss. Zu de Fuerderungen déi nach am Raum stinn: Familljenozuch fir Flüchtlinge mat subsidiärem Schutz, Biergerversécherung (Ofschafe vun der Zwouklassemedezin) an de Verbuet vun onbegrënnten Zäitaarbechtsverträg; ass net dovunner auszegoen, datt et en entgéintkomme vun der CDU/CSU dierft ginn.

Se hu sech vum Bundespresident breet schloe gelooss Sondéierungsgespréicher ze féieren an si riicht ewech dem Géigner an d‘Messer gelaf, vläicht och gedriwwe ginn. Gutt si wollten net schold u Neiwahle sinn, an hate wuel och Angscht, datt et an deem Fall nach manner Mandater géif ginn. Dat wier awer de Präis gewiescht deen ze bezuelen ass, wann ee sech „éierlech“ wëll erneieren.

Vun enger GroKo profitéieren zu gudder Lescht d‘Populiste vun der AfD. Déi Brong am Bloe Kleed sinn stäerksten Oppositiounspartei, hunn doduerch méi Riednerzäit a kënnen sech och soss a ville Gremie besser positionéieren. Déi konservativ CDU/CSU behält d‘Schlësselministèren am Grëff an do wou et net esou „gutt ausgesäit“ dierfen dann d‘Sozialiste kucken datt se eens ginn.

Mat der GroKo kann ee behaapten, datt sech d‘SPD quasi am Alleingang ofschaaft. An och wann et nach esouwäit ass, esou wäert d‘GroKo fir vill, wahrscheinlech ze vill Memberen e Grond sinn auszetrieden. D‘Jusos ënnert der Leedung vum Kevin Kühnert, hunn sech jiddefalls virgeholl bis op dat allerlescht géint d‘GroKo virzegoen, an de Martin Schulz sollt einfach emol schonn iwwert seng Pensionéierung nodenken…

Foto: De Parteipresident Martin Schulz an d‘Fraktiounspresidentin Andrea Nahles, waarde gespaant op d‘Resultat vum Vott vun den Delegéierten. Op se sech bewosst sinn wat se hirer SPD a ganz besonnesch der Jugend mat enger Weiderféierung vun der GroKo undinn, ech menge jo. © Odd Andersen/AFP

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, CDU, CSU, Däitschland, GroKo, Martin Schulz, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel