Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Mute ass Cyberpunk mat Gefill
Meenung

Mute ass Cyberpunk mat Gefill

Fir Netflix schéngt Februar de perfekte Mount ze sinn, fir

surprise
9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts
Meenung

9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts

All Dag reegen sech Leit doriwwer op, datt hiren Zuch

love
E klengen Asaz mat grousser Wierkung
Meenung

E klengen Asaz mat grousser Wierkung

Blummen an enger Wiss ze séinen, ass net nëmmen eng

Editorial: Eng onkohärent Approche zur „Start-up“ Natioun

Editorial: Eng onkohärent Approche zur „Start-up“ Natioun

Mat de Gambia-Koalitioun ass 2013 och d‘Ambitioun opkomm, aus Lëtzebuerg eng Start-up Natioun ze maachen. Dat ass net verkéiert an eigentlech misst een all déi Efforte begréissen déi jonk Entrepreneuren derzou ermonteren sech an d‘Selbststännegkeet ze beginn an eppes ze riskéieren.

An genee do ass et dann och wou de Problem lassgeet. Et gëtt engem villes versprach, vun der administrativer Simplifikatioun bis hin zu finanzieller Ënnerstëtzung. Wéi gesot versprach. Net jidderee kritt déi selwecht Chancen an Scheiteren ass nach ëmmer „net wierklech“ erlaabt.

Mee well een déi schéinst an gäilste Regierung aller Zäiten ass, verpasst e keng Geleeënheet fir sech mat zwee Hänn selwer op d‘Schëller ze klappen. Et ass wuel gutt, richteg an och sécherlech noutwenneg, datt Lëtzebuerg op der CeBIT zu Hannover vertrueden ass, mee ech froe mech: „Firwat hannerfreet keen d‘Kritären no deenen déi erausgesicht goufen, déi dohinner dierfen?“.

Et geet mir och fatzeg géint de Stréch, datt et (eigentlech intelligent) Leit gëtt, déi mengen datt sech Lëtzebuerg mat Stied wéi Amsterdam oder Berlin misst miessen, wat d‘Attraktivitéit ebe fir Start-up Entreprisë betrëfft. Dat ass mindestens esou domm wéi och geféierlech.

Zum enge kann a sollt een sech net op d‘Konkurrenz behaapten, an da gläichzäiteg vun engem vereenten Europa braddelen. Béides geet net, an dofir sollt e vun der Complementaritéit ënnert europäesche Stied schwätzen, den Echange tëscht de kreativen a risikofreedege Mënsche fërderen, an och nach zou hinnen hale wann sech eng bluddeg Nues geholl hunn.

Lëtzebuerg gëtt mega attraktiv gemaach fir Leit unzelackelen. Et gi „Katalysatore“ gebaut „Pôle d‘Echange“ aus dem Buedem gehuewen, wat jo och net verkéiert ass, mee wéi geet ee mat deene Käpp ëm déi een huet? An do ass et dann och wou d‘Krom an der Heck läit.

Et ass zudeem zimlech gewot, wat een, wéi d‘Karin Schintgen, Direktesch vum „House of Start-ups“ sech zu enger Ausso verleede léisst wéi „D‘Geld ass net de Problem, et ass d‘Zäit“. Gutt, et ass scho richteg, datt zu Lëtzebuerg d‘Weeër eppes méi kuerz sinn ewéi op villen anere Plaze, mee datt een – besonnesch als Lëtzebuerger – elo méi liicht sollt un e Finanzement kommen…

Wéi esou oft, gëtt zu Lëtzebuerg eng gutt Iddi nëmmen hallefhäerzeg ugepaakt. Et gëtt keng konsequent a besonnesch keng kohärent Begleedung fir déi Leit, déi d‘Jicken hunn hire Projet unzegoen an ëmzesetzen. Zu gudder Lescht ass dann awer de Goss, deen den Zäitplang opstellt.

Fir sech als „Start-up Natioun“ ze presentéieren, wier Lëtzebuerg gutt beroden, Synergie mat deene Stied anzegoen, déi als „Konkurrenz“ verkläert ginn, an, wann ee schonn derbäi ass, och esou Start-up Entreprisen ze ënnerstëtzen, bei deenen op den éischte Bléck ersiichtlech ass, wat do eigentlech gezwaft gëtt. D‘Leit musse verréckt Iddien ausprobéieren an och domatter scheiteren dierfen.

Ähnlech Sujeten CeBIT, Lëtzebuerg, Start-up Natioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    2

  • Fail

    7

  • Cry

    0

  • Angry

    1

  • WTF

    3

  • Crazy

    3

  • Love

    0