„New Start“-Ofkommes tëscht Russland an den USA
Moskau schéngt bereet Washington beim Ofrëschtungsaccord entgéintzekommen. Russland wier elo
Moskau schéngt bereet Washington beim Ofrëschtungsaccord entgéintzekommen. Russland wier elo
Am Casino 2000 zu Munneref war ee Sonndeg nees de
Ewéi wann d’Welt net scho genuch Problemer hätt – elo dréit d’Tierkei schonn erëm op der Felg.
De Grond ass eng tierkesch Netflixserie, déi de 24ten Abrëll soll ugoen. Zoufällegerweis fält dat op den Ufank vum Ramadan, da passt et natierlech guer net, dass e Personnage an der Serie homosexuell soll sinn. Et ass just e Gerücht, ma et hält sech nawell. A ganz éierlech, fir den Opruff zum Boykott vum amerikanesche Streamingdéngscht sollen déi tierkesch Besserwësser sech schummen. Netflix kritt, ënnert anerem, virgeheit Onmoral ze normaliséieren. Do muss ech de Kapp rëselen! Wat géife mir verpassen, wann alles zenséiert géif ginn? Mir kéinten net iwwer eisen Horizont kucken, eis Welt an eise Versteesdemech erweideren.
“Mir wäerte keng Sendungen toleréieren, déi national a spirituell Wäerter vun eiser Gesellschaft behënneren, huet den Ebubekir Sahi, de Chef vum Ieweschte Rot fir Radio a Fernsee, d‘lescht Woch géigeniwwer der regierungstreien tierkeschen Zeitung “Yeni Akit” erkläert.
Mir liewen am Joer 2020, et wär un der Zäit Schluss mat dëser onnëtzer Zensur ze maachen, se bréngt guer näischt. Just Frustratioun. A wiem déngt se? Kengem! Och net dem Erdoğan. Et ass villäicht schéin a gutt Kontroll iwwer seng Matmënschen ze hunn, ma et ass net de richtege Wee. Am Koran steet: Et gëtt kee Gott ausser Gott. Dat misst dach duergoen, oder? An der Bibel steet: Wien net gären huet, kennt Gott net; well Gott ass d’Léift.
Den Dalai Lama seet: Respektéier dech selwer, respektéier anerer an iwwerhuel Verantwortung fir dat wat s de mëss. Den Hinduismus mengt, dass Gott gläich ass, just Seng Nimm si verschidden.
Vun dohier – Transparenz an Toleranz wär besser. Richteg! Ethesch a moralesch.
Dofir sinn hei nach e puer Nexflixserien, déi homosexuell Persounen an hire Filmer oder Sendungen hunn. Gutt et si keng tierkesch Serien, mä mir liewen all ënnert dem selwechten Himmel. Kucken op déi selwecht Stären. Fillen, hunn Wënsch an Dreem. D’Relioun ass net alles – alles ass eis Existenz. An et soll egal sinn, ob mir schwul, lesbesch, transgender, asexuell, pansexuell oder wat och ëmmer sinn. Fäerdeg!
Illustratioun: © Osman Köyucu / unsplash
Quell: https://www.queer.de