Search

You may also like

De kontrolléierte Klimawandel
Fail Meenung

De kontrolléierte Klimawandel

Mat eppes méi Gedauschs wéi soss, mee ënnert anhale vun

Télétravail: Vill oppe Froen
Fail Meenung

Télétravail: Vill oppe Froen

Mëtt Mee hatt d‘CGFP de Minister vum Ëffentlechen Déngscht, Marc

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Fail Meenung

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles

dislike

Editorial: Tëscht Clientelismus an guddem Wëllen

Editorial: Tëscht Clientelismus an guddem Wëllen

Den Aarbechtsministère war ee Méindeg Géigestand vun enger Pressekonferenz, bei där ëm d’Hëllef fir all déi Mënschen déi zanter méi wéi engem Joer ouni Aarbecht Sinn. Eppes méi prezis, fir Leit iwwer déi méi al sinn wéi 45 Joer an a keng oder just eng niddreg Qualifikatioun hunn. Dat alles zesummegefaasst am parlamentareschen Dossier 7149.

Dat am Bezuch op de Constat, datt 47% vun de Chômeuren hei zu Land säit laangem keng Aarbecht hunn an domadder eigentlech RMGiste sinn oder, wéi et d’Familljeministesch nei definéiert huet REVISionisten, misst een dat als ee gudden Usaz vum Minister Nicolas Schmit gesinn. Missten, wëll och wann et sécherlech eng wënschenswäert Approche ass, fir dës Leit eng richteg Aarbechtsplaz ze schafen, esou Mesuren dann och sollte bis zu Enn geduecht ginn.

Et gëtt esouguer Deputéierter sech iwwert eventuell Kontradiktioune mam RMG deen elo als sozialt Inklusiounsakommes (revis) reforméiert soll ginn (parlamentareschen Dossier 7113). Gutt bis elo handelt et sech bei deem ganzen nach ëm ee Projet de Loi den an d’Aarbechtsrecht agebaut soll ginn, an wann een den Aarbechtsminister richteg verstanen huet geet et och just dorëms de betraffene „d’Méiglechkeet op en normalen Aarbechtskontrakt“ ze ginn. Hien huet dann och betount, datt et just déi Leit betrëfft déi „op mannst ee Joer am Chômage“ sinn.

Et soll dann och keng Mesure sinn wou ee „mat engem Fouss an der Aarbechtswelt a mat deem aneren nach am Chômage steet“. Also net eng vun deene kënstleche, fir d’Zuelen ze verschéineren, Moossname wou zu gudder läscht déi betraffe Persoun alt nees genee do ukënnt wou si gestart ass. Betraff dovunner sinn haut 1.230 Leit, wouvunner der ronn 500 beim Staat an 300 bei enger Gemeng beschäftegt sinn.

Wann et also dem Nicolas Schmit nogeet, schéngt de Staat gewëllt ze sinn eng nei geschaafte Plaz op enger Gemeng, beim Staat enger parastaatlecher Institutioun oder esouguer bei enger asbl iwwert dräi Joer ze finanzéieren. Also eigentlech iwwert den Aarbechtsfong, woubäi een et dréine ka wéi ee wëll, et ass a bleiwe Steiergelder. An déi sinn dann och nach richteg bëlleg, wëll „fir honnert därer neier Plaze géif dat manner wéi eng Millioun kaschten“ seet den Aarbechtsminister.

Firwat kréie just Gemengen, de Staat an asbl’en hir Aarbechter subventionéiert?

Aus den Zuele vun der ADEM an dem Statec léisst sech net kloer erausliese wéi vill Leit vun dëser, mat engem Gesetz ofgesécherter Mesure kéinte profitéieren, et dierften der awer largement méi wéi honnert sinn. Eppes wat hei och elo net vu kengem ugeschwat gëtt, awer de Minister misst beäntwerten, firwat kréie just Gemengen, de Staat an asbl’en hir Aarbechter subventionéiert? Firwat sollt et enger Startup oder soss Neigrënnung net erlaabt sinn am éischte Joer 100% vum Salaire (duerno 80 an da 60%) aus dem Aarbechtsfong zréck ze kréien?

Hei gi mat Steiergelder Aarbechtsplaze bezuelt déi souwisou vu Steiergelder finanzéiert sinn. Besser nach, et entzitt een engem Fong (Fonds pour l’emploi) finanziell Moyenen déi sécherlech anescht misste genotzt ginn. An et muss een och froen dierfen, wat da fir ee „Laangzäit-Chômeur“ dee qualifizéiert an méi al wéi 45 Joer ass, ka gemaach ginn?

Här Minister, wann et jo net falsch ass sech Gedanken ze maachen, och net wann een dat aneren iwwerléisst, also sech Gedanken ze maachen, esou wier et awer net verkéiert dat ganzt net aus den Aen ze verléieren. Hei gëtt Clientelismus bedriwwen, a Gemengen duerch d’Ëmgoe vum eegene Budget ermontert Leit anzestellen déi se u sech souwisou brauchen. Kleng Patronen, besonnesch därer déi sech géife freeë qualifizéiert Personal mat Erfarung, also och eppes méi al wéi 45 Joer, anzestellen, gi mat deem Gesetzprojet net berécksiichtegt.

Related topics Lëtzebuerg, Nicolas Schmit
Next post Previous post