Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?
Crazy LOL Meenung

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?

Neien trauregen AIDS-Rekord zu Lëtzebuerg
Crazy LOL Meenung

Neien trauregen AIDS-Rekord zu Lëtzebuerg

Wann de Problem an d‘Ursaachen och am grousse ganze bekannt

crying
De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend
Crazy LOL Meenung

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend

Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de

tonguelaughing

Editorial: D‘TNS Ilres mécht eng Ëmfro zum Cannabis a kee kritt et mat

Editorial: D‘TNS Ilres mécht eng Ëmfro zum Cannabis a kee kritt et mat

De „Sondage-Institut“ TNS Ilres huet am Mäerz e Sondage gemaach, an deem déi ëffentlech Meenung zu der Legaliséierung vum Cannabis zu rekreativen Zwecker gefrot war. Hire Fazit: zu Lëtzebuerg ass ee gedeelter Meenung. Bei engem online-Sondage via „My-Panel“ – wou 537 Persounen iwwer 18 Joer deel geholl hunn – hunn sech 41% dergéint ausgeschwat.

Mäi Beruff bréngt et mat sech, datt ech och ville Leit begéinen, an ech hunn eng Woch laang just nëmme vu Leit deenen ech begéint sinn (um Maart, am Bistro, op Evenementer an um Wee tëscht zwou Pressekonferenzen) gefrot, op si dovunner eppes matkritt hunn. Vum Sondage versteet sech. Ech hu keen eenzege getraff, dee vum Sondage eppes matkritt huet.

Elo behaapt sech de Sondage-Institut awer ëmmer nees drop, datt hir Ëmfroe wëssenschaftlech fundéiert sinn. Bei enger Gesamtpopulatioun vu 602.005 Awunner, vun deene laut Statec ronn 480.000 missten iwwer 18 Joer al sinn, fannen ech, datt „537“ sondéiert Persounen net wierklech dat sinn wat een als representativ ka bezeechnen.

Dat sinn och eppes manner Leit wéi déi duerchschnëttlech 550 Visits déi de Site „mypanel.lu“ laut „easycounter“ huet. Bei enger Fro, déi vun héchster gesellschaftlecher Relevanz ass, a wou esouguer vun de jonken Demokraten (JDL) gefuerdert gëtt, datt et zum Thema am Wahlkampf soll ginn, ass mir d‘Bezeechnung „Representativ“ mindestens „dubiéis“.

Ech stelle mir also d‘Fro, op 0,11% vun der Populatioun zu Lëtzebuerg dat sinn, wat ee normale Bierger, mat sengem Versteesdemech, nach als „Representativ“ ugesäit. D‘Kredibilitéit vun de Sondagë steet mat esou Zuelen op dënnem Äis. Laut dem Klaus-Peter Schöppner vu Kantar Emnid (fréier TNS Emnid) kann et eng Ëmfro no wëssenschaftlechem Moossstaf guer net ginn.

Dat hänkt domatter zesummen, datt een net „muss matmaachen“ an esouguer wann ee 60% vun der Populatioun géif erreechen, wéisst een net wéi déi aner 40% sech entscheet hätten, an dat wier laut Kantar Emnid schonn „optimistesch“. Um Beispill vum Sondage per Telefon, esou de Joachim Behnke, gëtt ersiichtlech datt am gënschtegste Fall 10% matmaachen.

Dorausser erginn sech Zuelen déi dann „interpretéiert“ ginn. Also bei allem Respekt léif TNS Ilres, wann dir elo op ärer Internetsäit geschriwwen hätt „Mir hunn 537 befrot“ an dir hätt d‘Bezeechnung „echantillon representatif“ ewech gelooss, da wier et eng Informatioun mat där ech gutt hätt kënne liewen. Mee 0,11% vun der Populatioun als „Representativ“ ze bezeechnen…

An dësem Fall ass et dann och gutt, datt kaum een eppes matkritt huet. Obwuel ech elo derzou bäigedroen hunn, datt e puer Leit méi wëssen datt et eng Ëmfro ginn huet. Ech wëll meng Interventioun dann och mat engem Zitat vum Holger Liljeberg (Meenungsfuerschungsinstitut Info GmbH) schléissen: „D‘Kollegen traue muenchmol hiren eegene Resultater net“.

Ähnlech Sujeten Cannabis, Ëmfro, JDL, Representativitéit, TNS-Ilres
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    7

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    1

  • Crazy

    2

  • Love

    0