Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Net einfach d‘Séinoutrettung am Mëttelmier
International Meenung

hook up webster

D‘Schëff „Bruno Gregoretti“ vun der italienescher Küstewaach, mat 141 Migrante

bria dating app
International Meenung

Géint de Kriibs rocken!

De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!
International Meenung

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier

Editorial: Den Donald Trump huet nogelauschtert

Editorial: Den Donald Trump huet nogelauschtert

Den US-President Donald Trump, deen der NRA, also der nationaler Waffelobby, eng schëlleg ass, huet et am Moment net wierklech einfach. Schold dorunner: en Dabo, deen zu Parkland déi Schéisserei ze vill duerchgefouert huet, an e sëlleche Kanner, déi net méi gewëllt sinn sech de Geforen duerch bewaffent Idioten auszesetzen.

Also muss den Donald Trump, sech beméien, an kucke wéi een de Spagat hikritt, sech mat den Familljen a Frënn vun den Affer mediewierksam ze presentéieren, an awer weiderhin all Mënsche d‘Recht zougestoen sech bis ënnert den Hutt ze bewaffnen. Eng Klak ze besëtzen ass nu emol ee fundamentaalt Recht an Amerika, an dorunner wäert och d‘Gejéimers vu gëschter näischt änneren.

Dobäi hunn déi „auserwielten“ Trauergestalten, déi et bis an d‘Wäisst Haus bruecht hunn, jo och net wierklech an explizit d‘Annulatioun vum zweeten Amendement vun der amerikanescher Constitutioun verlaangt. Dat ass et awer wat ze fuerderen ass, wann een iwwerhaapt eng Chance wëll hunn de Misär an de Grëff ze kréien. Kee Reglement, kee Gesetz kann sech driwwer stellen.

An natierlech sinn all dës Affer vermeidbar, wéi et d‘Emma Gonzalez (Sandy Hook Elementary School) mat kriteschen Toun an de Raum geworf huet. Bestëmmt hätt een och Columbine verhënnere kënnen, mee gestuerwe sinn d‘Kanner an de Schoulen awer. Woubäi jo och net nëmmen an de Schoule gestuerwe gëtt, an Amerika ass d‘Shooting Range iwwerall.

Mee de gréissten Amerikaner säit „Rambo“ oder „Terminator“ lauschtert gedëlleg no, esou steet et jo och am Skript datt den Donald Trump fest a sengen Hänn gehalen huet. Nolauschtere Männi a virun allem ëmmer betraff drakucken. Looss d‘Leit schwätzen, denk un d‘Kameraen an d‘Mikroen, déi ganz Welt – oder och net – gesäit an héiert mat.

An esou konnten sech déi traumatiséiert Iwwerliewend beim Milliardär äussere bis, jo, bis et dann och nees un him war. A wien sech do erwaart hat, datt den Donald Trump mat enger gescheiter Ausso d‘Welt géif op d‘Kopp stellen, dee sollt den Alkohol an aner Drogen op der Säit loossen. Nee dee Mann mam doudegen Hond um Kapp huet näischt Gescheites ze soen…

Den US-President wëll elo nach méi Waffen, där „gudder“, déi sech deene „béisen“ an de Wee stellen“. Besser nach, elo sollen d‘Schoulmeeschter, d‘Proffen un der Waff ausgebilt ginn, an sech, wëll d‘Police ëmmer 8 Minutte brauch iert se kann do sinn, engem „Amokleefer“ an de Wee stellen an dësen einfach esou platt maachen. Ma gutt, dann, ech sinn elo dann och seriö berouegt.

Foto: Den Donald Trump huet nogelauschtert wéi d‘Julia Cordover (Parkland) seng Meenung zur Waffegewalt an den amerikanesche Schoule gesot huet. Mee et waren nëmmen „Auserwielter“ ageluede ginn, a keen huet de „second amendement“ a Fro gestalt. Den US-President gesäit als Léisung, d‘Bewaffnung vum Léierpersonal. © Mandel Ngan/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Parkland, Schéisserei, Waffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel