Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet
Angry Cool Love Meenung

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet en Donneschdeg bei sengen

angrysurprise
Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen
Angry Cool Love Meenung

Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen

Um Méindeg huet d‘Tierkei d‘USA dozou ermaant hir Entscheedung, tierkesche

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner
Angry Cool Love Meenung

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) felicitéiert d‘ALUPSE fir déi exemplaresch Kollaboratioun

angrycoollove

Editorial: Den Trump huet d‘Bécks vun der Pandora opgemaach

Editorial: Den Trump huet d‘Bécks vun der Pandora opgemaach

Datt den Trump sech géif aus dem Atomofkommes mam Iran zréckzéien, war spéitstens nom Staatsbesuch vum Macron gekläert. Net gekläert war bis en Dënschdeg d‘Aart a Weis wéi de Milliardär an Immobilienhändler et géif ugoen. Gutt datt ass elo och gekläert.

Net gekläert sinn d‘Konsequenze vun dëser Decisioun. Datt zumindest den Iran elo Rou behält, an emol wëll mat den iwwrege Signatairë kucke wëll wéi et da ka weidergoen, muss hei awer begréisst ginn. Woubäi duerch d‘Sanktiounen Europa ënner Zochzwang geréit.

An do stellt sech dann och d‘Fro mat wéi engem Recht den Donald Trump entscheede kann, a wéi enger Form oder op iwwerhaapt Europa mam Iran „dierf“ Handelsbezéiungen hunn. „Dat kann dach net sinn“, jäizt de Jempi virum Comptoir, mee genau dat ass d‘Situatioun.

Dat diplomatescht Weesekand aus dem Wäissen Haus, dee scho mat senger Menace en „Handelskrich“ ze provozéieren, Europa (an aner Natiounen) erpresst, fir deen de Klimawandel eng Erfindung vun de Chinese soll sinn, an et och mat de Mënscherechter net esou genee hëlt, wëll elo och nach bestëmme wéi mir Handel a Politik ze maachen hunn.

„Deem hunn se dach an de Kapp geschass“ mengt de Jempi, a bestellt sech zum Humpen eng Drëpp iert d‘US-Ambassade vun eiser Regierung d‘Aféierung vun der Prohibitioun fuerdert. Gutt iwwert dee Sproch kann ee laachen – wat och besser ass wéi kräischen – mee d‘Lag ass eescht.

An den Trump kritt seng „Fuerderung“ och schonn eleng dowéinst duerch, datt den Handelsvolume mam Iran net mat deem tëscht Europa an den USA ze vergläichen ass. Datt seng Aktioun en diplomatesche Super-GAU ass, ass dem Geschäftsmann egal. Eis dierf et net egal sinn.

Et ass dann och net esou, och wann dat vu ville Medien ëmmer nees gären esou duergestallt gëtt, datt d‘USA – déi zanter de 90er Joren am Noen Oste Krich spillen – zum Fridden an der Regioun bäigedroen hätten. Villméi ass et esou, datt wa si sech net ëmmer nees agemëscht hätten, d‘Situatioun enge aner wier.

Bedenkt datt et den CIA war deen d‘Taliban am Afghanistan bewaffent huet. Et waren och d‘USA déi deemools de Saddam Hussein un d‘Muecht bruecht hunn. Et sinn och d‘USA, déi Saudiarabien am „Stellvertriederkrich“ am Yemen ënnerstëtzen. An et sinn och d‘USA, déi mam Transfert vun der Ambassade op Jerusalem, de Konflikt tëscht Israel a Palestina verschäerft hunn.

Dat gesot kann een dergéint halen a mat Recht behaapten dat den Iran net d‘Land vun de Mënscherechter ass, datt d‘Fraen ënnerdréckt géifen an si aus hirem „Juddenhaass“ keen Heel maachen. Dobäi kann awer liichtfankeg iwwersi ginn, datt eng Léisung just am Dialog méiglech ass.

Wann een e Land isoléiert, an esou eng ganz Natioun mam Réck widder d‘Mauer dréckt, fërdert dat alles, ausser d‘Gespréichsbereetschaft. Wien mat aneren Handel bedreift, huet sënngeméiss keen Interessi mat der Waff an der Hand un de Verhandlungsdësch ze trieden. Den Handel, grad ewéi de kulturellen Austausch sprengt Grenzen.

Europa, an hei ganz besonnesch d‘Signataire vum Atomofkommes mussen sech elo zügeg entscheeden, wéi eng Interessen – am Sënn vun hire Bierger – e gréissert Gewiicht hunn. Iwwerhaapt muss sech Europa emol duerchréngen, mat enger Stëmm ze schwätzen.

Sech vu Washington alles diktéieren ze loossen, ass hei de falsche Wee, an mir stinn eréischt un Ufank vun der Geschicht. Esou wéi et awer elo ausgesäit bleift d‘Hoffnung d‘Mamm vum Gedanken, well Réckgrat weisen ass net den éischten Attribut vun eise Politiker.

Foto: Streetart op der Mauer vun der aler US-Ambassade zu Teheran © Atta Kenare/AFP

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Donald Trump, Europa, Iran, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel