Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel
International Meenung

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel

Den Donald Trump huet beim Sommet zu Singapur, eng Invitatioun

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
International Meenung

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
International Meenung

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen

Beim Kampf ëm d‘Muecht am Venezuela, steet fir d‘USA vill um Spill. Wirtschaftlech Interessen a Wahlversprieche sinn ee Volet, d‘Iwwernam vun der Regierung mëttels enger „Marionett“ en anere Volet. Verréckt gëtt et, wann sech d‘Welt den USA uschléisst, am allgemengen déi selwecht Ligen an Dommheete verbreet, awer sech gläichzäiteg op de Respekt vun der Souveränitéit berifft.

An den Donald Trump, deem eleng well hien d‘Atomofkommes mam Iran, an den INF-Vertrag mat Russland zerrappt huet, Saudiarabien d‘Arsenal fir „d‘Befriddung“ vum Jemen an Zaldote géint Migranten opstellt, huet nach ëmmer net de Friddensnobelpräis kritt. Zum Gléck gëtt him an der Kausa „Maduro“ zolidd de Réck gestäipt, a mëttlerweil mellen sech droleg Gestalten zu Wuert.

Venezuela

Esou de „blatzkuederege“ Senateur Marco Rubio (Republikaner – Florida), 1971 a Florida als Kand vu kubanesche Migrante gebuer, dee jo aus der Familljegeschicht erfueren huet, datt Sozialismus a Onofhängegkeet vun den USA, eng denkbar schlecht Zukunftsperspektiv ze bidden hunn. Hie fillt sech dann och „natierlech“ moralesch verflicht, fir d‘Enn vun der „Maduro-Diktatur“ anzetrieden.

Hie muss net wierklech iwwerzeegen. Grad wéi d‘Exil-Kubaner a Florida sech fir déi amerikanesch Ausbeutung vun hirer Heemecht agesat hunn, esou erhoffen d‘Exil-Venezuelaner d‘Regierung mam sange vun der Nationalhymn an dem schwenke vu Fändelen, zum Récktrëtt beweegt ze kréien. Ënnerstëtzt gëtt de Marco Rubio vun der demokratescher Senatorin Annette Taddeo.

Déi gebierteg Kolumbianerin huet gemengt: „Ech an all déi aner hei ënnerstëtzen d‘Demokratie a Venezuela. (…) Et fält mir net liicht et zouzeginn, mee de President Trump geet et richteg un. Dat musse mir och soen, wann et stëmmt, well mir vertrieden d‘Uleies vun engem Vollek an net dat vun enger Partei“. Aussoen déi zu näischt verflichten, bei den Latäinamerikaner awer gutt ukommen.

Venezuela

Iwwert d‘Ursaachen, déi zur Kris am Venezuela gefouert hunn, gëtt kaum e Wuert verluer, ausser et stellt d‘Regierung vum Land schlecht duer. Dobäi sinn et d‘Sanktiounen, déi d‘Land wirtschaftlech an Knéie gezwongen hunn. Dofir ass et den USA och net duer gaangen d‘Handelsbezéiungen zum Venezuela ofzebriechen. Hei hunn d‘Partner (och d‘EU) den Uerder erhalen, sech unzeschléissen…

Mëttlerweil huet den John Bolton déi tatsächlech Interessen oppen ausgeschwat: „Mir féiere Gespréicher mat groussen Entreprisen, déi entweder am Venezuela oder an den USA aktiv sinn, wéi zum Beispill Citgo. Ech menge mir hunn all datselwecht Zil. Et wier fir d‘USA wirtschaftlech vu Bedeitung wann US-Pëtrolsfirmaen investéieren a Fërderméiglechkeeten opbaue kéinten“.

Ähnlech Sujeten Annette Taddeo, Chevron, Citgo, Halliburten, John Bolton, Juan Guaido, Marco Rubio, Nicolas Maduro, Petrol, Schlumberger, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel