Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!
Meenung

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!

Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven.

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
Meenung

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)
Meenung

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)

D‘Presidentin vun der Vereenegung „Femmes pour le dire, Femmes pour

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz

Datt et ëmmer nach Leit gëtt déi sech fir dat neit Joer selwer Virsätz operleeën, déi wuel gutt gemengt sinn, a virun allem oft richteg sënnvoll sinn, awer an de seelenste Fäll dann och tatsächlech ëmgesat ginn, dat kennt e vu sech selwer, an eise Premier mécht do keng Ausnam. Dat ass säi gutt Recht, wann een och drop hiweisen dierf, datt hien dorunner bemooss wäert ginn.

Esou huet de Xavier Bettel sech um privatiséierte Staatssender RTL (Bertelsmann Grupp) en Dënschdegowend, nodeems hie seng Zukunftsvisiounen an déi Lëtzebuerger Stuffen iwwermëttelt hat, och nach mat Zuschauer ënnerhalen, déi an de Studio uruffe konnten. Iwwert d‘Aart a Weis wéi hei „selektionéiert“ ginn ass, war näischt gewuer ze ginn, wat e schlechte Bäigeschmaach huet.

Interessant wier et zum Beispill ze wëssen, op de staatlechen Informatiounsdéngscht (SIP) do e Wuert huet dierfe matschwätzen, op d‘Auswiel vu RTL getraff ginn ass, a virun allem, op et sech dobäi ëm eng Opzeechnung gehandelt huet, wat viraussetzt, datt d‘Intervenante laang am Viraus festgeluecht gi wieren. Fir e Premier dee sech der Transparenz verschriwwe wëll hunn…

Dat an de Raum gestallt, gëtt et déi oder aner Ausso, déi engem éischter ze denke ginn, wéi datt se Zouversiicht vermëttele géifen. Esou soll d‘Ongläichheet an de kommende fënnef Joer „net zouhuelen“. Gutt, se „sollen“ net. D‘Ongläichheete bleiwen eis also erhalen, zumindest rhetoresch. Dat freet de klenge Krees vu Privilegiéierten, a kann net als Motivatioun fir aner gesi ginn.

Eise Premierminister geséich et gäre wann d‘Land sech géif entwéckelen, ouni datt sech nëmmen op d‘Finanzplaz verlooss gëtt. Eigentlech näischt deem ee widdersprieche kann, wann de Xavier Bettel dann net nach bäigefüügt hätt, datt déi „ganz, ganz wichteg“ ass. Hie sollt wëssen, datt mir eis duerchaus bewosst sinn e liberale Premier ze hunn, a wien seng Clientèle ass.

Do wou mir da bal den Humpen aus den Hänn gefall wier, dat war den Ament wou de Xavier Bettel gemengt huet: „Ech wäert alles dru setze fir datt de Stau net méi zum Alldag gehéiert, a jonk Koppelen sech kee Kapp musse maache fir eng Wunneng ze fannen“. Dat kléngt zwar vernënfteg, mee ech fäerten, sollt hien a fënnef Joer op d‘Resultat bemooss ginn, dann deet et richteg wéi.

Dat e liberale Bloen, an e grénge Liberalen et an den nächste fënnef Joer sollte ronn bréngen, de Mobilitéitsproblem ze léisen, ass ongeféier esou realistesch, wéi d‘Chance déi d‘Lëtzebuerger Fussballnationalequipp huet sech fir eng Weltmeeschterschaft ze qualifizéieren. Net datt si dat net wéilten, dat wëllen si schonn, mee dorunner missten sech eis Nopere bedeelegen, an dat…

Interessant – och wann et kee Feeler ass sech Prioritéiten se setzen – datt et grad déi jonk Koppele sinn, déi sech bei der Sich no engem Daach iwwert dem Kapp, keng Suerge méi maache sollten. Dat mussen déi meescht haut schonn net maachen, well wann déi zu zwee Schaffen, also zwou Paie kënnen noweisen, si am allgemenge gutt Aussiichten op e Logement zu Lëtzebuerg hunn.

Datt sech de Xavier Bettel dann och nach wënscht, datt d‘Schéier tëscht Räich an Aarm net weider ausenaner geet, bedeit net datt déi Aarm dierfe „méi räich“ ginn, eigentlech soll et bleiwe wéi et ass. Déi gesellschaftlech Kohesioun soll erhale bleiwen, fir datt keng rietsradikal Klatzkäpp e Mandat fir de Krautmaart erhalen, an eis gutt Renommée an der Unioun soll gestäerkt ginn.

Wéi gesot, mir wëssen alleguerte wéi sech mat gudde Virsätz verhält, an ech wëll dem Xavier Bettel op dëser Plaz och keng béis Absichten ënnerstellen. Mir liewen allerdéngs an enger Zäit wou déi nächst Bankekris eis schonn an d‘Gesiicht laacht, bezuelbare Wunnraum mat enger liberaler Politik net vereenbar ass, a vill Leit aus bekannte Grënn net op den Auto fir op d‘Schaff verzichte kënnen.

Ähnlech Sujeten Finanzplaz, Logement, Mobilitéit, Virsätz, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel