Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen
Meenung Neiegkeeten

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen

  Datt et Weltwäit net gutt ëm d‘Beie bestallt ass,

Zäitspuerkonte fir de Privatsecteur: Strikt Konditiounen?
Meenung Neiegkeeten

Zäitspuerkonte fir de Privatsecteur: Strikt Konditiounen?

Nodeems 2018 d‘Sozialpartner sech eenege konnten Zäitspuerkonte (CET) fir den

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst
Meenung Neiegkeeten

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

Haut ass de Fast Food Day. Op mannst an den

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Datt den Tram an der Stad fir onbequem Situatioune Suergt, datt muss een elo awer net nach emol explizit erklären. An datt déi noutwenneg Chantieren net gutt fir d‘Geschäft sinn och dat war scho virum Ufank vun den Aarbechte bekannt. Dat verhënnert net, datt bei all neier Phas nees an de Gaasse gehurelt gëtt wéi wann engem de Weltënnergank bevirstoe géif. Abee merde alors…

Esou ass den Ament an der Aler Avenue (Ave. de la Gare) eng méi lass, wëll hei déi bi-bidirektional Vëlospist ugeluecht gëtt, an dat genee esou wei annoncéiert war. Datt mat esou engem Schantje virun der Vitrinn wéineg Clienten unzelackele sinn, verständlech awer mat Sécherheet elo och keng „Iwwerraschung“. Wann da behaapt gëtt: „Si hunn einfach ugefaangen, mir woussten näischt“…

Gutt kee Mënsch ka vun eise Frontaliere verlaangen sech fir d‘Land, oder déi Stad ze interesséieren an där si Schaffen. Wien awer déi ganz Diskussiounen ëm den Tram, déi unhänglech Chantieren an déi domatter verbonnen Onannehmlechkeeten, net matkritt huet, deen dierf een en Ignorant nennen. Sech der Informatioun verweigeren, awer gehéierlech eng Opféieren, passt net gutt zesummen.

A wann et fir de Client beschwéierlech ass, esou gëllt datt och fir déi sëlleche Chaufferen déi hir Päck auszeliwweren hunn. Interessanterweis – Ausname bestätegen d‘Regel – hunn déi sech mat Zäiten op de „Changement“ agestallt kritt. Et dierf och nach emol drop higewise ginn, datt hei de Chantier den 12. Mee fäerdeg ass. Et gesäit zumindest ganz duerno aus, a se komme gutt virun.

Zum Schluss nach eng kleng Provokatioun: Wann et wierklech „ee Mount fir ze vergiessen ass“ am Sënn vum Handel, firwat net einfach de „Congé Annuel“ virzéien, schliisslech ass Lëtzebuerg eng Touristestad, an och am Summer leeft de Compteur. Mee wien elo „iwwerrascht“ ginn ass, ech fäerten deen ass net vun dëser Welt, an wéi ee weess schützt Onwëssenheet net virum Ongléck…

Illustratioun: Alexa /Pixabay

Ähnlech Sujeten Al Avenue, Chantier, Luxtram SA, Stad Lëtzebuerg, Tram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel