Search

You may also like

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen
Meenung

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen

Um Méindeg Owend huet den Donald Trump eng „zäitno a

E Kaddo fir de Vëlo – E gudde Start an d’Europäesch Mobilitéitswoch!
Meenung

E Kaddo fir de Vëlo – E gudde Start an d’Europäesch Mobilitéitswoch!

Ganz der Traditioun no huet gëschter d’Aktioun „E Kaddo fir

surprise
60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen
Meenung

60 Millioune ginn investéiert, fir Lëtzebuerg an e Touristemagnéit ze verwandelen

Um Dënschdeg huet d’Staatssekretärin Francine Closener (LSAP) de „strategesche“ Kader

Editorial: Musse Parteien am Wahlkampf respektvoll mateneen ëmgoen?

Editorial: Musse Parteien am Wahlkampf respektvoll mateneen ëmgoen?

Et gëtt Saachen, do wonnert sech de Journalist an et staunt de Lieser. „Fair Play“ am Wahlkampf ass, wann ee géif oder kéint Bezuch op de Sport huelen, un a fir sech net verkéiert, bréngt awer keng Stëmmen. Woubäi, een ënnert dësem Begrëff jo och kéint verstoen datt d‘Kandidate gewëllt wiere respektvoll mateneen ëmzegoen.

Dat ass dann awer kee Wahlkampf méi, beschtefalls nach eng Wahl-Show. Trotzallem wëllen sech néng Parteien e „Code de bonne Conduite“ opëerleeën. Eng éischt Reunioun soll et den 28. Abrëll ginn, an de Wieler dierf sech zu Recht d‘Fro stellen: „Wat soll dat ganzt?“. An engem Wahlkampf geet drëms de Wieler ze iwwerzeegen, datt een déi „besser Politik“ mécht.

Bei enger „Reglementéierung“, näischt anescht ass ënnert dem Begrëff „bonne Conduite“ ze verstoen, bedreift de politesche Kandidat eng Zensur vu der eegener Ausso, déi jo eigentlech zum Zweck soll hunn, opzeweisen, wat „deen aneren“ alles falsch gemaach huet, oder wou e keng Léisungen zu de Problemer huet, déi de Wieler beschäftegt.

Aus menger Siicht ass dat awer och éischter Sekundär, wëll déi sougenannte „Volleksparteien“ sech am grousse Ganzen eens sinn. Et kennt ee sech, a wéi et Volleksmond esou schéin heescht: „Pack schléit sech, Pack verdréit sech“. An nëmmen ugeholl et géif sech um Enn jiddereen drun halen, muss erlaabt sinn ze soen, datt si hiert richtegt Gesiicht verstoppen.

De „Code de bonne Conduite“ ass fir mech eng politesch „Burka“; et gesäit nach d‘Persoun, net méi awer dat wat se wëll duerstellen. An iwwerhaapt gehéiert zu engem Wahlkampf de Populismus grad esou derzou, déi wéi eng fundéiert op Fakte baséiert Argumentatioun. Et gehéiert sech, an dat ass meng fest Iwwerzeegung, och an engem Wahlkampf, datt een de politesche Géigner bedrängt.

Net datt ech elo fuerdere géif, datt een deem aneren seng politesch Veranstaltung stéiert, oder esouguer d‘Plakater erofrappe soll, mee e Wahlkampf féiert mat oppenem Viséier. Zudeem dierf ech hei bemierken, datt e gudde Kandidat sech ze behuele weess, a schonn aus Respekt géintiwwer dem Wieler weess wou déi rout Linn opgezeechent ass, déi een net ze iwwerschreiden huet.

Et läit also an der Natur vun der Saach, datt et net am Interesse vun der eegener politescher Ambitioun, an och net senger Partei ka sinn, wann ee sech als Kandidat de Batti stellt. An dofir sollten déi kleng Parteien och d‘Fanger vun esou enger Reglementéierung loossen, déi ee roueg als Maulkuerf kéint bezeechnen. Wann een de Fanger an d‘Wonn leet, muss et och wéi doen.

De Wieler sollt et also begréissen, datt sech d‘Piraten, d‘Kommunisten an déi lénk (d‘Populisten ernimmen ech hei bewosst net) scho vu vireran vun esou engem „Accord“ distanzéieren. Datt iwwregens den ADR dësem „Code de bonne Conduite“ zoustëmme wëll, baséiert eenzeg an eleng op der Hoffnung koalitiounsfäeg ze ginn.

A wann een sech dann e Bléck an déi politesch Landschaft gënnt, mierkt ee séier datt eis Politiker et net wierklech eescht menge kënnen. Um Beispill vun der Ausenanersetzung tëscht dem Guy Brecht (LSAP-Conseiller am Péitenger Gemengerot) an dem Marc Goergen (Conseiller vun der Piratepartei am selwechte Gemengerot) kann een dat wierklech einfach verdäitlechen.

Deen éischte beschëllegt deen zweeten – ouni dat et dofir Beweiser géif ginn oder juristesch Schrëtter ënnerholl gi wieren – Sue vun zwee Veräiner, an deenen si Member sinn, ënnerschloen ze hunn, fir se senger Partei zouzeféieren. De Beschëllegte streit net of datt e Feeler geschitt ass, an et ass erwisen, datt d‘Suen nees do sinn wou se higehéieren.

D‘Piraten hunn et iwwerhaapt am Moment schwéier aus de Schosslinn ze geroden, wëll hinnen (net vum Wieler) de Virworf gemaach gëtt eng „ongerecht“ Campagne géint déi gréng, bei de Gemengewahlen zu Réimech, bedriwwen ze hunn. Si mussen awer mat deem wat se gesot esou falsch net geleeën hunn, wëll de Buergermeeschter hat verluer a si sëtzen am Gemengerot.

Et ass also um Enn de Wieler deen ze entscheeden huet, wien sech de Batti stellt (also net kredibel ass) a wiem säin Argument vertrietbar a glafwierdeg ass.

An och d‘KPL huet e gutt a gerechtfäerdegt Argument, d‘Fanger vun engem Accord ze loossen, deen déi kleng Parteie penaliséiert. Am „Code de bonne Conduite“ gëtt nämlech och festgeluecht, wéi vill Goss eng Partei soll dierfen an de Grapp huele fir säi Wahlkampf ze bedreiwen. Si maachen däitlech, datt de „Plafong“ disproportionéiert ass, am Bezuch op d‘Moyenen déi d‘KPL huet.

Dat Argument ass valabel fir all déi „kleng“ Parteien, an gëtt deene „groussen“ e Virdeel deen se esou net hätten. Zum engen, well si awer entscheedend méi Fric asetze kënnen, zum aneren, well si esou Sue spueren, déi, wa mat haarde Bandage gekämpft gëtt, missten an de Wahlkampf fléissen. Net ze vergiessen, datt d‘CSV, d‘DP, an d‘LSAP sech op hir „Mediepartner“ verloosse kënnen.

E faire Wahlkampf ze verspriechen, ass fir mech déi éischt politesch Ligen an engem Wahlkampf deen nach net emol richteg ugefaangen huet.

Related topics Chamberwahlen 2018, Code de bonne Conduite, Fair Play
Next post Previous post