Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert
Meenung WTF

jade mya dating

Lëtzebuerg ass e proeuropäescht Land an dat huet wéineg mat

23andme dating site
Meenung WTF

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?

An dësem Stad-Quiz gi mer erëm an de Süde vum

Nordsyrien: Washington an Ankara verstännegen sech op Sécherheetszon
Meenung WTF

Nordsyrien: Washington an Ankara verstännegen sech op Sécherheetszon

Dräi ganzer Deeg hu se verhandelt, elo de Communiqué: d‘USA

surprise

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net genuch vu Bréissel, mee wëll sech awer fir d‘Chamberwahlen opsetzen, an erhéicht einfach elo schonn emol den Drock. Dat kann ech novollzéien, well si engersäits nach ni e Ministermandat zu Lëtzebuerg hat, an et tatsächlech ausgesäit, wéi wann hir Partei déi nächst Regierung kéint stellen.

A wéi et an der Chamber ausgesäit, dat weess déi streidereg Madamm, déi vun 1979 bis 1989 fir d‘CSV-Fraktioun um Krautmaart gesiess huet. Géif se gewielt, kéint se esouguer Presidentin vun der Chamber ginn, den Alter huet se jo. Géif et domatter näischt ginn, an ugeholl de Claude Wiseler géif Premierminister, da sollt wéinstens de Fraktiounsvirsëtz dra sinn.

Dat si motivéiert ass, dat huet si e Méindeg ënner Beweis gestallt, an ass direkt emol mat haarde Bandagen an de Ring geklommen. An do huet d‘Viviane Reding et dann och kloer gemaach: Prisonéier gi keng gemaach! A fir d‘Land virun der aktueller Koalitiounsregierung a Schutz ze huelen, wier déi gebierteg Escherin och bereet hiert EU-Mandat opzeginn.

Un der Regierung huet si dann och kee gutt Hoer gelooss, a besonnesch de Premierminister schéngt hir net geheier. Dee wier net Maans genuch sech op der europäescher Bühn duerchzesetzen, an ausser gutt op de Fotoen, nieft wiem och ëmmer, auszegesinn, hätt de Xavier Bettel näischt ze radetten.

Dat grenzt net u Populismus, dat ass scho Populismus, mee Wahlkampf ass och kee Kannergebuertsdag. Woubäi déi „grande Dame“ vu Bréissel eventuell sollt drun denken, datt egal wéi d‘CSV scho misst déi absolut Majoritéit erhalen, fir datt ee sech et mat alle verschäisse kann. Mat der LSAP eng Koalitioun agoen ass fir d‘CSV net wierklech eng Optioun, a sech et mat der DP vu vireran onméiglech maachen, ass net wierklech gutt iwwerluecht.

Mee bon, dat ass dem Viviane Reding seng Entscheedung an wann d‘CSV dat appreciéiert, da kréie mir dëst Joer e krasse Wahlkampf. Dat kann een dann aus dem Communiqué vun der Demokratescher Partei erausliesen, déi op hir verbal Ausscheedungen zackeg reagéiert huet, an einfach emol kloer stellt: „D‘Viviane Reding kann alles, ausser Zeitung liesen“.

An eppes geet aus dem Communiqué vun der DP däitlech ervir: d‘Argumenter vun der DP sinn vill besser wéi dem Viviane Reding seng. Ech hunn mer beim Saz: „Et Schéngt wéi wann déi fréier EU-Kommissärin ausschliisslech hir eegen Interviewen a Pressekonferenzen an de nationale Medie verfollegt“, e Grinsen net kënne verknäifen. Esou wouer, esou richteg…

Och d‘Fakten déi am Communiqué vun der DP opgefouert ginn, sinn keng Béisaartegkeeten, et alles wouer a richteg geschitt. Wéi oft huet d‘Viviane Reding an d‘Dreckskëscht gegraff wann si hir Stëmm ofginn huet? Et ass net opzezielen… An déi energesch Europadeputéiert vergësst oder iwwersäit ganz gären, datt vill vun de Streidereien déi d‘Land mat Bréissel huet, nach vun der Virgängerregierung hir stamen.

Mee bon, ech hat net geduecht datt de Wahlkampf schonn am Januar eng éischt waarm Phas géif bréngen, sinn awer net onglécklech doriwwer. Gutt ech bedaueren datt ech net beim Viviane Reding op der Pressekonferenz war, a versprieche Besserung. An eigentlech feelt elo nach just, datt d‘CSV d‘Astrid Lulling reaniméiere géif, da kéint een direkt d‘Revue 2018 ausfale loossen.

Foto: E passend Bild aus dem Abrëll 2013. Wéi een däitlech kann erkennen, stoung et dem Viviane Reding schonn deemools bis „dohinner“. Faire Wahlkampf dat war gëschter, haut gëtt sech däitlech vum politesche Géigner ënnerscheet. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, DP, Viviane Reding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel