Search

You may also like

Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung
Meenung

Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung

Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client
Meenung

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client

Um fréie Mëtteg huet den Minister fir Tourismus a Mëttelstand

Distanz wann ech gelift!
Meenung

Distanz wann ech gelift!

Esou lues wot d’Welt nees éischt Schrëtt, fir aus dem

Editorial: Wann de Client nach just een liicht Affer ass

Editorial: Wann de Client nach just een liicht Affer ass

Wat sech d‘Ubidder am Beräich vun der mobiller Téléphonie erlaben léisst engem den Hutt héich goen. Jorelaang ass zu Bréissel gestridde ginn, fir déi onmoosseg Käschten vun den Telekommunikatiounspräisser beim benotzen vum Handy am Ausland no ënnen ze korrigéieren. Elo wou dëse Schratt mat groussem Erfolleg gemaach ginn ass, loossen d‘Operateuren op ee neits d‘Muskele spillen an drécken hire Clienten Präisserhéijungen op d‘Ae.

Dat war och ee vun de Punkte déi den Nico Hoffmann, senges Zeechen President vum Konsumenteschutz (ULC), op der Generalversammlung opgegraff hat. Tatsächlech verhält et sech esou dat elo d‘Operateuren alleguerten kuerzerhand den Inlandstarif zolidd erhéijen an de Konsument bei d‘Lisette gelooss gëtt. Eng klassesch „win-loose“ Operatioun déi, ugesiichts der Tatsaach dat de Lëtzebuerger Verbraucher säin Handy jo awer méi lokal notzt, hien net wierklech an de Genoss vun enger Erspuernis kënnt.

An den Handy ass aus dem haitegen Alldag definitiv net méi ewech ze denken. Hien ass de Begleeder am ëffentlechen Transport, op ee fiert oder drop waart gefouert ze ginn. En ersetzt ofmools am Bistro de Gespréichspartner deen ee soss um Comptoir einfach esou ugeschwat huet. Wëll ee jo haut zu all Ament an de soziale Netzwierker ënnerwee ass oder sech informéiert wou grad eppes lass ass, Twittert an Informatioune erofluet, fält et de Leit ëmmer méi schwéier de Bléck vum Schierm ewech ze dréinen.

Jo et kann an et muss een esouguer dierfe behaapten, datt dat, wat emol een einfacht Kommunikatiounsmëttel war, hautdesdaags zu enger Sucht ginn ass, vun där lasszeloossen bal onméiglech ass. Dat wëssen d‘Operateure och aus eegener Erfahrung an zweiwelen esou keng Sekonn dorunner, datt wat de Präis ugeet, de Konsument nach wäit vu der Schmerzgrenz ewech ass. Domadder misst dann och jidderengem bewosst ginn dat kee Spill, dat ee wuel gratis eroflueden an spillen kann, am Endeffekt net wierklech gratis ass.

Ee liicht Spill also fir all déi, deenen Profitmaximéierung am klassesche Sënn net duer geet, mee mat all Moyen och nach de leschten Eurocent aus dem Client wëllen ausquëtschen. De Konsument vun neie Medien mëttels den intelligenten Telefonen ass en Affer, engersäits vu senger „Sucht“, anersäits vun schnell ënnerschriwwene Verträg déi hien bis zu zwee Joer u säin „Dealer“ bannen. Do kommen da schnell bis 60 Euro Fixkäschten am Mount op een duer an et dierft an Zukunft esouguer nach eppes méi deier ginn.

Et gëllt also elo opzepassen an sech natierlech och d‘Méi ze maachen ze vergläichen. De Witz ass jo och nach deen, datt et absolut egal ass op de Konsument de gratis WiFi an sengem Stammbistro notzt oder net, duerch dat stännegt „online“ sinn, ginn Onmassen un Daten hin an hir geschéckt dat sech ee Vertrag mat manner wéi 10GB quasi net lount. Kuckt iech also roueg emol un wat der all Mount bezuelt a bäi där Geleeënheet sidd och gutt beroden de Vertrag deen der ënnerschreiwen hutt eppes méi am Detail unzekucken. Wéie seet de Franzous: „Un homme averti en vaut deux“ – loost iech net zum Affer maachen.

Related topics Editorial
Next post Previous post