Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich huet gewielt:
Cool Crazy Meenung

Frankräich huet gewielt:

an der zweeter Ronn: Le Pen versus Macron Fir d’Observateuren

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?
Cool Crazy Meenung

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?

Et gëtt där Deeg, do mengs de du häss scho

crying
D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark
Cool Crazy Meenung

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark

Am Moment suergt eng einfach Foto op Facebook fir vill

cooltongue

Editorial: Wann der zwee sech ëm de Jughurt streiden…

Editorial: Wann der zwee sech ëm de Jughurt streiden…

Wat ass dat awer eppes mat deem ganze Gestreits wéinst enger Jughurtfabrick, déi an der Industriezon tëscht Beetebuerg an Diddeleng soll opgeriicht ginn. Enn Januar war ech bal iwwerzeegt ginn, datt d‘Differenzen, déi tëscht der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider bestanen hunn, vum Dësch wieren.

Mee 2018 gëtt et zu Lëtzebuerg Chamberwahlen, an wéi dat esou an engem Wahljoer ass, et muss méiglechst vill vun engem Geschwat ginn. U wat sech de Wieler erënnert wann hien hannert dem Rideau seng Kräizer soll maachen, ass zum jëtzegen Zäitpunkt éischter zweetrangeg. Et wier allerdéngs net vu Muttwëll, wann een sech bei der wirtschaftlecher Entwécklung eens wier.

Op där enger Säit wëll ee Manner „Bréifkëschten“ a méi Betriber déi produzéieren, well et solle jo och Aarbechtsplaze geschafe ginn. Gutt, do kann een hisiichtlech de Betriber vun deenen ee sech wënscht datt se kommen, an déi wou ee gären do geséich wou de Peffer wiisst, ënnerschiddlech Meenungen hunn. Am Fall vun der Jughurtfabrick, wier de Waasserverbrauch de Problem.

Dat ass natierlech aus der Siicht vum Ëmweltschutz en eeschte Problem, mee een deen ze bewältegen ass. Datt déi gréng Ministesch net vu Freed an d‘Hänn klappt, well eng Fabrick esouvill Waasser verbraucht wéi eng Stad mat 20.000 Awunner, kann ech verstoen. Ech hätt et allerdéngs léiwer, wann esou Entscheedungen am Virfeld, um Niveau vun der Landesplanung geholl géifen.

Wann ech eigentlech éischter op der politescher Linn vum Carole Dieschbourg sinn, also och mir de Schutz vun der Ëmwelt wichteg ass, esou kommen ech hei net derlaanscht, dem Etienne Schneider de Réck ze stäipen. An hien huet dann och gemengt, datt wann net grad Wahlkampf wier, géif den Dossier ganz normal weiderlafen, ouni dat et eng Séil géif këmmeren.

Dat kann ech esou zwar net ënnerschreiwen, et ass awer richteg, datt et och oft vum Zäitpunkt ofhängeg ass, wéini wéi eng Entreprise vum wiem begréisst oder bestridde gëtt. Datt de Grupp Fage aus Griicheland, 2016 an 2017 zu Lëtzebuerg Steieren an héicht vu 60 Milliounen Euro bezuelt huet (an eben net a Griicheland, wat do och net gutt opgeholl gëtt) muss ee berécksiichtegen.

Steieren iwwregens, déi bezuelt goufen ouni och nëmmen een Jughurtsbecher hei produzéiert ze hunn. Bei Fage ass iwwregens rieds vu ronn 200 Aarbechtsplazen, an den Etienne Schneider kann och mam Argument, datt et sech hei net ëm eng chemesch Fabrick handelt, Punkten. Zudeem sollt een dierfen unhuelen, datt et am Bezuch op de Waasserverbrauch och technesch Léisunge gëtt.

Mee egal wéi et mat der Jughurtfabrick weidergeet, et sollt een uecht dinn dat een net op politesch Aussoen erafält, déi vum eigentleche Problem zu Lëtzebuerg oflenkt. Dat et eis eenegermoosse gutt geet, ass och der Konjunktur geschëlt. D‘Konjunktur ass vun der wirtschaftlecher Entwécklung ofhängeg. Entwécklung gëtt et awer nëmme mat Wuesstem, an iwwert dee sollte mir eis eens ginn.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Etienne Schneider, Fage, Jughurt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    2

  • Cool

    59

  • Fail

    2

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    5

  • Love

    1