Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
Cool Meenung

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

cool
CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff
Cool Meenung

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder

coolcryingmoney
Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar
Cool Meenung

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Um Donneschdeg ass de Präis fir e „Barrel“ Brent-Pëtrol iwwer

cool

Editorial: Wann der zwee sech streiden…

Editorial: Wann der zwee sech streiden…

Dat déi „grouss“ Manifestatioune vun OGBL an LCGB, fir d’Rechter vun den Aarbechter an e Kollektivvertrag fir de Bausecteur, um Dënschdegowend op zwou verschidde Plaze stattfonnt hunn, an der Essenz awer déi selwecht Fuerderunge gestallt goufen, ass kee gutt Zeechen. Et dierf een zudeem verwonnert sinn, wéi wéineg „schlecht behandelt Aarbechter“ manifestéiert hunn.

An engem Secteur, wou ronn 15.000 Leit beschäftegt sinn, hätt ee sech eng gréisser Bedeelegung gewënscht. Gewënscht hätt een sech och, datt sech béid Gewerkschaften op eng gemeinsam Maniff géifen eenegen. A wënschen dierft een sech och, datt een eng Gemeinsam Fuerderung op den Dësch leet. Woubäi, reng Technesch, d’Fuerderungen identesch sinn, d’Formuléierung awer net.

Fir d’Patronat, datt sech elo zanter gutt zwee Joer alle Verhandlunge verweigert, ass de geprouften Opstand vum Salariat dann och net wierklech e Grond fir kal Féiss ze kréien. Leien sech déi zwou Gewerkschaften déi d’Salariat am Bausecteur vertrieden an den Hoer, da besteet kee Grond op iergendwellech Fuerderungen anzegoen. Wann der zwee sech streiden, laacht den Drëtten.

Et ass awer och am Ament net einfach fir d’Gewerkschaften. Si ginn – op se wëllen oder och net – an de politesche Wahlkampf agebonnen. Am Oktober si Chamberwahlen, an et kann een et als „natierlech“ betruechten, datt den OGBL sech éischter der LSAP, den LCGB der CSV, verbonne fillen. Fir den Aarbechter, deen nëmme wëll datt säi Recht vertruede gëtt, eng schwiereg Situatioun.

Dobäi sinn d’Fuerderungen no enger Lounerhéijung gerechtfäerdegt. Kaum e Secteur profitéiert esou massiv vun der exzellenter konjunktureller Lag wéi de Bau. An obwuel deem esou ass, stäipt sech d’Patronat géint e neie Kollektivvertrag a stellt och nach Fuerderungen. Fuerderungen déi d’Aarbechter net gewëllt sinn unzehuelen: méi Flexibilitéit an eng verlängert Aarbechtszäit.

A wann dann dovunner rieds ass, datt „ee bereet ass all Mëttel anzesetzen“ fir d’Patronat un de Verhandlungsdësch ze zwéngen, da misst een sech awer och bewosst sinn, datt een dat Zil nëmmen zesummen erreeche kann. OGBL an LCGB wieren also gutt beroden sech aus dem Wahlkampf erauszehalen, an dat ze maache firwat se do sinn: d’Rechter vum Salariat verdeedegen.

Ähnlech Sujeten Bausecteur, LCGB, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel