Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“
Fail Meenung

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“

Bei der „alternativ demokratesch reformpartei“ (ADR) hunn se sech eppes

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam
Fail Meenung

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam

De Grupp „islamesche Staat“ huet fir sech d’Geiselnam vu Melbourne

dislike
De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht
Fail Meenung

De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue

dislike

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Den Donald Trump an de Klimawandel

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem amerikanesche President si falsch Wahlversprieche méi wichteg, wéi de gesonde Mënscheverstand. Woubäi den Donald Trump sech bis ewell bei deenen, déi hie gewielt hunn, elo och net grad als Triumphator presentéiert huet. Mam Ausstig aus dem Paräisser Accord huet den US-President zwar elo „Wuert“ gehalen“ sech allerdéngs och mat der Wirtschaft am eegene Land ugeluecht.

Héich Zäit dat emol een dem gudde Mann kloer mécht, datt ee Presidentestull keng „reality show“ ass wou ee Kandidate bei d’Lisette ka loossen. Well anescht ass déi Aart a Weis wéi sech den Trump – iwwregens och bei sengen Auslandsreese – behëlt net ze ëmschreiwen. Dat hien Amerika nees wëllt grouss maachen, ass dann och net de Problem. Mee déi Wëll lafen am Bësch an am Moment zitt hie mat all senge Mesuren, Dekreter a onverständlech Decisiounen, Amerika an en déift Lach.

D’Annuléiere vun „Obama Care“ enger zwar elo net mat eiser vergläichbarer Krankeversécherung, ass ee Schlag an d’Gesiicht vun all deene wou hie versprach huet et géif besser ginn. D’Verspriechen eng Mauer tëscht Amerika a Mexiko ze bauen, fir déi hien och mat enger zweeter Amtszäit d’Fongen am Liewen net zesummekritt, kann ee ganz kloer als Mënscheveruechtend duerstellen. Am selwechte Kontext, verschidden ethnesch Gruppen d’Arees ze verbidden, wat ville Gouverneuren dës Gudden dann awer ze vill War.

Dann ass do och nach dat stännegt Gesouers an ee substantielle Verdacht wat säi Gemauschels mat de Russen ugeet. Gutt, géint hie perséinlech gëtt net ermëttelt, mee a sengem Ëmfeld stinn awer esou munch Kandidaten op der Ofschosslescht. Ee puer huet et jo och kal erwëscht a bis elo wëllt vun deenen och keen eng Ausso maachen. Dann zu gudder Läscht säin Optrëtt um Bréisseler Sommet an säin onkooperativt verhalen zu Taormina, wou hien esou zimlech jidderee widder de Kapp gestouss huet deen him net schnell genuch aus de Féiss komm ass.

Op béide Plazen huet sech dann och ugekënnegt wat sech en Donneschdeg am Rousegaart vum Wäissen Haus bei enger vu senge längere Riede bestätegt huet. D’Äerderwiermung ass also elo net direkt Quatsch an och net méi eng chinesesch Propaganda Moossnam, mee se steet Aarbechtsplazen am Wee, déi net den amerikanesche President mee d’Industrie soll schafen. Wann et him schonns eppes ze komplizéiert war eng „gerecht“ Krankeversécherung hinzekréien, dann dierf ee gespaant sinn, wéi hien eng Marod an zerfalen Industrie nees wëllt hiriichten.

Datt hien et mam Denken net esou huet, a mat esou Entscheedungen och u senge wirtschaftleche Kompetenzen dierf gezweiwelt ginn, schéngt dem Trump dann och egal ze sinn. Investitiounen an erneierbar Energien, ouni op eng Spezialitéit hei mussen anzegoen, sinn nämlech noweisbar net nëmmen Ekonomesch sënnvoll, mee och ee Garant fir vill Aarbechtsplazen. Aarbechtsplazen am iwwregen, déi net d’Gesondheet bei der Däiwel schécken a fir déi d’Salariéë keng uerdentlech Krankeversécherung hunn.

Mee bon an engem Land wou de Kreationismus an de Schoulen als Fach enseignéiert gëtt, wou et méi einfach ass sech ee Klabes – der richteg béiser een – ze besuerge wéi eppes Gesondes z’iessen, do mëscht et och Sënn en Animateur d’Land regéieren ze loossen. Amerika „great again“ maachen ass awer leider keen Trapewitz vun der Geschicht. Dat ass batter Realitéit a mer sti beschtefalls un Ufank vun eppes wat eis Welt, wéi mir se haut nach kennen, wäert gehéierlech op de Kapp stellen.

 Foto: AFP PHOTO / PAUL J. RICHARDS

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Klimawandel, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel