Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch. Elo kéint et zu enger offizieller EU Sprooch ginn!
Fail Meenung how does seasons matchmaking work

hookup history

Et ass eng Sprooch déi vu manner wéi 400.000 Mënsche

definition of teenage dating
Fail Meenung how does seasons matchmaking work

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Et ass u sech kee Geheimnis, zumindest wat d‘EU betrëfft,

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress
Fail Meenung how does seasons matchmaking work

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Et ass Chrëschtdag, dir wësst schonn, ee vun deenen Deeg

dislike

Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch

Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch

De Paräisser Fussballclub PSG (Paris St.Germain) bezilt fir den Transfert vum brasilianeschen Neymar da Silva Santos Júnior (FC Barcelona) 222 Milliounen Euro. Dat ass ee neie Rekord. Bis dohinner war den Transfert vum Fransous Paul Pogba mat 105,2 Milliounen Euro den deiersten.

Gutt elo kann ee sech engersäits soen „wann se sech et leeschte kënnen“ an anersäits froen „wou féiert dat hin, wou hält et op?“. Dobäi kéint mir jo eigentlech egal sinn, Fussball ass elo net grad déi Sportaart déi ech virzéien. Net, datt et mer net géif gefale, wann 22 Mann um Terrain sech ëm e Ball schloen, wou dach jidderee säin eegene kéint hunn.

Bon méi seriö: De Fussball ass eng Industrie ginn. Zur Gelddréckmaschinn verkomm an huet mat Sport beschtefalls nach bäileefeg eppes ze dinn. Nieft den Zomme fir TV-Rechter, Reklamm a mëttlerweil kaum nach ze bezuele Stadionticketen, ass och nach de Salaire vu munche Spiller net méi novollzéibar.

Wann ee Fussballspiller an engem Joer méi verdéngt, wéi déi ganz Equipe un Infirmièrë vum CHEM an engem Aarbechtsliewen, pardon, mee da leeft eng dernieft. Wann eleng de Wiessel vun engem Veräi bei deen aneren esou deier ass, datt een 41 Crèchen oder Maison Relais kéint bauen. Da fänkt et un onanstänneg ze ginn.

Ass sech eigentlech nach iergendee bewosst, datt déi Jongen – deenen net de Virworf ze maachen ass! Ech géif de Goss och unhuelen… – näischt produzéieren. Jo, wiertlech geholl nach net emol Spaass. Se gi gehandelt wéi et fréier nëmmen de Fall béi Renn-Päerd war an si hautdesdaags och grad esou ufälleg. De Fussballspiller ass eng Wuer wéi eng aner ginn.

Elo gëtt et der bestëmmt déi sech opreegen, well et jo nëmmen normal wier, datt ee Veräin engersäits um Spiller verdéngt; de Spiller anersäits u senger Leeschtung verdéngt. Ah sou? Ech war bis dohinner der Usiicht, datt et sech beim Fussball ëm een Team-Sport géif handelen. Wat u sech bedeit dat dee beschten nëmmen esou gutt ass wéi déi schwächsten.

Kloer am Fussball zielt fir de „Aficionado“ just Zuel vun de Goler déi gefall sinn. Eventuell och nach wat den Abo vum Sportkanal kascht an op genuch Béier am Keller ass. Vum Virstand am klengste Veräi bis zur Spëtzt vun der FIFA ass dat bekannt. An esou laang wéi et jidderengem egal ass, dréit och déi Spiral sech weider.

Foto: De brasilianesche Stiermer Neymar (hei eng Archivfoto aus dem September 2016) schreift mat der gréisster jee bezuelter Transfert-Zomm Foussballgeschicht. Fir datt alles de Regelen no ka lafe, bedeelegt hien sech mat eegenem Geld. Dat kritt hien da nees als Gehalt fir d‘Roll vum „Ambassadeur“ vun der WM zréck. Bléckt nach een duerch? (© Pau Barrena/AFP)

Ähnlech Sujeten Fussball, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel