Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“
Meenung Neiegkeeten

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo
Meenung Neiegkeeten

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo

Op Invitatioun vum finlänneschen Homolog Kimmo Tilikainen huet d’Carole Dieschbourg,

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen
Meenung Neiegkeeten

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen

Nodeems déi lénk dem Premierminister Xavier Bettel d‘lescht Woch hir

Editorial: Wat en Trallala

Editorial: Wat en Trallala

Et gëtt där Diskussiounen, déi kënnen engem de leschten Nerv klauen: ech soe just „Schantjen“ a mengen natierlech déi ominéis a ëmfänglech Aarbechten déi den Ament eis Haaptstad schwéier belaaschten. Aarbechten déi net exklusiv dem Tram zouzeschreiwen si mee eppes mat der mise à jour vun den Infrastrukturen am grousse Ganzen ze dinn hunn. An d‘Leit gesinn nëmmen den Tram.

Schonn d‘Interventioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP), déi sech am November ganz selbstverständlech fir déi Garer Geschäftsleit agesat huet, hat fir eppes Gedauschs gesuergt, an scho sengerzäit hate mir drop higewisen, datt si als fréier Geschäftsfra net einfach ontäteg bleiwe kann, wann si op Problemer ugeschwat gëtt, an dat vu Leit mat deenen si weiderhi Kontakt huet.

Elo war dann um Tour vum 1. Schäffen aus der Stad, dem Serge Wilmes (CSV) eng Attack géint den Transportminister François Bausch (déi gréng) ze reiden, dat awer mat der gudder Absicht, och d‘Interesse vun de Commerçanten ze verdeedegen. Natierlech ass den Ëmsaz réckleefeg an deene Stroossen wou d‘Chantieren op vollen Toure lafen, mee do sinn net nëmmen Tramschantieren…

Vun do aus ze behaapten, datt den Transportminister schold „um Doud vun de Geschäftsleit op der Gar“ wier, ass eppes krass. Zudeem hätt ee sech dat elo esou net, vum eigentlech ganz konsensfäege Politiker erwaart. Et kann awer och mat der allgemenger politescher Ausriichtung vun der CSV ze zesummenhänken. Wéi och ëmmer, de Minister ass deem ganzen eppes midd.

Deen huet dann och dem Schäffen an Erënnerung geruff, datt „säin“ Tram nëmmen ee Brochdeel vun de Chantieren ausmécht, wat einfach domadder zesummenhänkt datt: 1) bis zu 70% vun den Aarbechten d‘Erneierung vun den Infrastrukture betreffen an déi vun der Gemeng an Optrag gi sinn; 2) dës Aarbechte schonn zanter Joer geplangt sinn an folglech net iwwerraschend kommen.

Wann ee kéint vermudden, datt et just drëms geet, de Geschäftsleit eng finanziell Entschiedegung zoukommen ze loossen, da wier dës Aart vum Dialog wuel éischte kontraproduktiv. Zudeem sollt een dem Stater Geschäftsverband, dee jo eigentlech d‘Commerçante vertrëtt, dës Verhandlungen iwwerloossen. Mee et wäert wuel och ee politesche Volet, béi dësem Dissens unhängeg sinn.

Dat ass Schued. Wien eis kennt, weess datt mir net zimperlech mam Minister fir Verkéierschaos ëmgi wann en ubruecht ass. Hei awer gëtt mat de Steng aus dem Glashaus eraus versicht op sech opmierksam ze maachen. „Et wäert schonn eppes hänke bleiwen“ seet dozou de Kregéiler an huet Recht. Dat ass awer net de Wee iwwert deen een d‘Leit dem demokratesche Prozess zouféiert.

Illustratioun: © Johnson Wang / unsplash

Ähnlech Sujeten Chantieren, François Bausch, Geschäftsleit, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Stater Geschäftsverband, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel