Search

You may also like

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!
Meenung Neiegkeeten

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!

Gëschter Owend huet déi iresch Folk- a Punk-Rock Band Flogging

An der Ribeschpont zu Diddeleng…
Meenung Neiegkeeten

An der Ribeschpont zu Diddeleng…

Datt dës am Kontext vun der duerch de Covid19 ausgeléiste

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert
Meenung Neiegkeeten

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert

Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi

Editorial: Wou bleift den Opstand?

Editorial: Wou bleift den Opstand?

Heiansdo geschéie Saachen, do mengs de et géif d‘Leit aus hirer konsumgesteierter Lethargie rappen an da stells de fest, et ass jidderengem esou eppes vun egal… Esou dann och dat ganzt Gedeessems wéinst engem „Casier“ deen eigentlech eng Datebank ass, an esou geheim war, datt jiddereen dovunner wëll gewosst hunn, sech awer zu gudder Lescht net dofir interesséiert huet.

De „geheime Casier“ ass deemno, zumindest fir de Lëtzebuerger, dat normaalst vun der Welt. Während an anere Länner d‘Bierger fir vill manner Skandaléises op d‘Strooss ginn, bleift et zu Lëtzebuerg roueg. Eenzeg d‘Oppositiounsparteien an en Affekot denoncéieren eng Sauerei sonnergläichen. Déi zoustänneg Ministeren si wuel an Erklärungsnout geroden, méi awer net.

Sécher et ginn „Upassunge“ versprach an och de sakrosankten Dateschutz, esou wéi en an der EU-Direktiv bestëmmt a vu Lëtzebuerg ratifizéiert, soll zukünfteg ugewannt ginn. Mee all déi schéin Daten déi sech bei der Justiz sammelen, sinn awer wierklech vill ze Schued, fir se dem Schredder zur endgülteger „Léisung“ zouzeféieren. D‘Zankerte mussen sech also eppes afale loossen…

Datt de sougenannte „Casier-bis“ an den anale vun der Geschicht soll verschwannen, dat ass esou ausgeschloss wéi d‘Opklärung am „Bommeleeër-Dossier“. Et ass awer richteg, datt dës fir d‘Justiz wichteg Informatiounsquell besser encadréiert muss ginn, a sech an dëser Datebank och alles sollt erëmfanne loossen, wat eng zu engem bestëmmten Ament verdächtegt Persoun, entlaascht.

Wann also Instruktiounen oder Enquêten net derzou féieren, datt e Verdächtegen engem Verbrieche kann zougefouert ginn, muss och dat entspriechend am „Casier“ notéiert ginn. Besser wier et wuel et géif deen iwwerhaapt net, mee wéi gesot, wann et schonn de Lëtzebuerger kaum bis guer net interesséiert, wäerten sech d‘Autoritéiten hir Datesammelwut net fräiwëlleg ofgewinnen.

Interessant ass awer och d‘Feststellung, datt net nëmmen dee vum Alldag gestresste Bierger dës Iwwerwaachung a kaf hëlt. Keng Gewerkschaft weist sech veriergert, keng ONG zu Lëtzebuerg, déi sech fir d‘Mënscherechter an der Welt asetzt, rifft zum Protest op. Jo net emol d‘Jugend, schéngt et ze stéieren, dobäi gëtt et bestëmmt en Dossier iwwert d‘Leader vun der Klimaschutzbeweegung

Illustratioun: Si wëssen net nëmme wat s du de leschte Summer gemaach hues… Kropek/Pixabay

Related topics Casier, Casier-bis, Geheim, Justiz, Opstand
Next post Previous post