Search

You may also like

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!
Meenung Neiegkeeten

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!

Et ass wuel ee vun den trauregsten Deeg, déi eist

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk
Meenung Neiegkeeten

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk

Wéi d’Gemeng Käerjeng matdeelt, huet sech de 26. Juni 2019

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?
Meenung Neiegkeeten

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?

[onionbuzz quiz-id=53][/onionbuzz] Et ass gewosst, datt eis Uertschaften souwuel e

Editorial: Wien brauch Hëllef? Eis Kanner oder de Staat?

Editorial: Wien brauch Hëllef? Eis Kanner oder de Staat?

Déi lescht Pressekonferenz vum Educatiounsminister Claude Meisch huet bestëmmt bei villen Elteren an och bei de Jugendlechen fir e Kapprësele gesuergt. Jo, et ass wichteg op de Kanner hiert d’Wuelbefannen anzegoen.

Et ass nämlech eng Tatsaach, datt déi negativ Gedanken zouhuelen a sou munche Jugendleche mat Suizidgedanken ze kämpfen huet. Dat ass kee Wonner – mir musse bedenken, datt d’Pandemie eis schonn ee Joer am Grëff huet.

De soziale Kontakt aschränken heescht, datt d’Kanner hier Frënn online däerfe gesinn. Wou bleift den tëschemënschleche Kontakt? Eng Persoun hannert dem Bildschierm kann een net opfänken, wann ee riskéiert an e Lach ze falen. Eis Kanner sinn eleng. D’Elteren och.

Wéi gesäit en da mam Homeschooling aus? Schonn eleng dat Wuert kann den Ausléiser fir schwéier Panikattacke sinn. Do feelen nämlech d’Reegelen, déi fest Struktur, déi verschiddener ënnert hinne brauchen.

Zemools bei Teenager, déi op Identitéitssich sinn. Oder wann si schoulesch net nokommen. Vu lauter Iwwerfuerderung fänken si un d’Couren ze schwänzen. Libeskommer kann och eng Roll spillen. Et ass en Däiwelskrees.

Mat der Zäit wëssen eis Kanner net méi wou vir oder hannen ass. An dat ass eng batter Pëll.

D’Identitéitskris huet hire Wee an d’Gedanke fonnt – zemools d’Angscht virun der Zukunft. Schlëmm dorunner ass, datt psychiatresch sou wéi psychologesch Berodungsplazen nach méi laang Waardezäiten ze bekloen hunn. An dat ass net gutt! Fir d’Kanner net, ma fir d’Elteren och net. D’Suerge ginn ëmmer méi grouss – et ginn gutt Deeg a gro Deeg.

Ganz Familljen zerbriechen ënnert dëser Laascht, domat sinn och si vum Coronavirus betraff.

Wien iwwerhëlt do d’Verantwortung? Wéi kënne mir eise Kanner hëllefen? Eng Léisung muss hier! An dat ganz séier, ier et ze spéit ass.

Hei kann een seng Suergen e bësse lassginn: www.kjt.lu.

Opmaacherbild: © Patrick Fore / Unsplash

Related topics Benodeelegung, Claude Meisch, Editorial, Educatiounsminister, Homeschooling, Kanner, Kontaktbeschränkung, Mental Gesondheet, Schoulschléissung, Schüler
Next post Previous post