Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Zaldote solle syresche Pëtrol schützen
Meenung

US-Zaldote solle syresche Pëtrol schützen

Während d‘Lag a Nordsyrien nach ëmmer zimlech oniwwersiichtlech ass, d‘Russen

“Bäume an Orten der Kraft”: Virtrag am Haus vun der Natur
Meenung

“Bäume an Orten der Kraft”: Virtrag am Haus vun der Natur

Dëse Freideg, de 24. Mee 2019, gëtt um 19:00 Auer

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
Meenung

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou ass wann un der Auer gedréint gëtt. Déi eng Kéier feelt der eng Stonn, déi aner Kéier kriss de eng bäi. Mee emol ganz éierlech, also ofgesinn datt ee sech eng Stonn méi laang um Comptoir dierf gäisselen, wat bréngt et ?

Dat elo jonk Mënschen sech et mat deem stännegen hin an hir méi liicht dinn, geschenkt. Och ech war emol eng Kéier – jo ass bal net virstellbar – „jonk“ a mir war deemools d‘Zäit zimlech egal, mee bon ech hat och keng Auer un där hätt misse gedréit ginn.

Ursprénglech war de Gedanke vun der Summer- a Wanterzäit deen, Energie ze spueren. No der Pëtrolskris 1973 sollt d‘Dagesliicht eng Stonn méi laang kënne genotzt ginn. De reellen Effekt selwer ass awer esou minimal, datt mëttlerweil esou Energiekonzerner gären op dat Gespills mat der Zäit wéilte verzichten.

Mengem Frënd Jängi, Bäckermeeschter a schonn aus beruffleche Grënn ëmmer fréi op de Been, kann dat stännegt hin a hir net leiden. „A mam Alter gëtt dat net besser“, esou de Mann dee mer mäi Croissant zesummebaut, „ech brauch ëmmer méi laang bis ech mech nees nei agestallt hunn“.

An domatter sinn ech dann och beim Punkt: d‘Ëmstellung vu Summer op Wanter (oder ëmgekéiert) ass fir den Organismus nëmme Stress. D‘Déckkäpp halen un eppes fest wat eis krank mécht awer wirtschaftlech kee Sënn mécht. Wie gewinnt ass all Dag zur selwechter Zäit den Aarsch aus dem Bett ze hiewen, gëtt esou Wochelaang zum falschen Ament wakereg.

Medeziner déi sech mat der „Chrono-Biologie“ beschäftege sinn dann och ganz kloer fir d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung. Och am Spidol selwer, huet ee keng Freed drun, dat wëll gewosst ass wéi wichteg et ass engem op Medikamenter agestallte Patient säi Preparat ëmmer zu der selwechter Zäit ze ginn.

Wëssenschaftler wëllen esouguer erausfonnt hunn, datt déi verännert Auerzäit fir 8% méi Autosaccidenter verantwortlech ass. An den éischten zwou Woche vun der Zäitëmstellung huelen och d‘Häerzinfarkter zou. An d‘Neurologe sinn sech sécher, datt de Mënsch, bis en nees „agestallt“ ass, och vill méi liicht aus der Haut fiert.

Leider traut sech keen dru fréckelen ze goen. Et gëtt keng EU-Direktiv déi virschreift datt mir dat Gedeessems mat der Summer- a Wanterzäit misste matmaachen. Gutt eis Nopere wiere vläicht net ganz glécklech, mee et kéint als kléngt Land weisen datt et geet an et och der Gesondheet entgéint kënnt.

Also dir Dammen an Hären an der Chamber, wann et wirtschaftlech näischt bréngt, de Mënsch awer e gesondheetleche Virdeel dovunner hätt wann een d‘Zäitëmstellung géif ofschafen, faasst iech en Häerz a schaaft et of. Ech a vill vu menge Matbierger, wéi och de Jängi, géifen iech dat héich urechnen.

Ähnlech Sujeten Gesondheet, Summerzäit, Wanterzäit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel