Search

You may also like

Nationalen Dag vun der Resistenz
Meenung Neiegkeeten

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!
Meenung Neiegkeeten

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI),

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert
Meenung Neiegkeeten

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll,

Editorial: D‘Rentrée mat Zouversiicht ugoen

Editorial: D‘Rentrée mat Zouversiicht ugoen

Um Apero ee Sonndeg, war d‘Rentrée – gemengt ass zwar éischter d‘Enn vum Summer an der Vakanzenzäit – zum Haaptthema erhuewe ginn. Fir déi wou Krapperten am schoulflichtegen Alter hunn, an natierlech och déi wou där „Grousser“ hunn, vun deenen een dach esou gäre wéilt unhuelen, datt sech ze behuele wëssen. Mee och wéi et op der Schaff soll ausgesinn, war villen am Kontext vun dësem houere Covid19, deen einfach net senger Wee wëll goen, en Uleies.

Interessanterweis maachen sech déi mannst Suergen doriwwer, op si perséinlech kéinten infizéiert ginn, et ass ee jo sportlech ënnerwee, et erniert ee sech mam beschte wat de Bio-Rayon am Cactus, wann een net direkt am Naturata akeeft, ze bidden huet. Jo mir gehéieren zu de privilegiéierten, zu deenen déi sech d‘Zäit huele kierperlech aktiv, ergo „fit“ ze sinn. Eis Patronen si d‘Gemeng oder Staat, grouss Assurancen oder traditionell Bankhaiser. Angscht virum Virus ass hei net ze gesinn.

Et geet ee sech och teste loossen, an vill geséichen et gären, wa jiddereen dëser Aluedung nokënnt, besonnesch elo no der Vakanz, wou jo gewosst ass, datt all zweeten deen heem kënnt sech den Dreck iergendwou opgeraf huet. Kuerz: dat eenzeg wat gefaart gëtt, ass datt et kéint zu engem neie Lockdown kommen. Dofir wëll sech och alles géint d‘Wantergripp impfe loossen. Land a seng Wirtschaft muss um lafe gehale ginn… Kléngt vernënfteg, mee eisen Apero-Grupp ass kleng.

Fir datt sech d‘Rechnung opgeet, muss jidderee bereet sinn der Situatioun Rechnung ze droen. Esou wéi et sech presentéiert, muss uecht gedoe ginn, datt d‘Infektiounszuele weiderhin niddreg bleiwen, Interaktiounen op der Aarbechtsplaz sollten ënner Berécksiichtegung vun de Gest Barrière geschéien an do wou et méiglech ass, sollten d‘Entreprisen den Télétravail erméiglechen. An de Schoul schéngt ee virbereet, firwat dann och den ament keng nei Reegelen ze erwaarde sinn.

Illustratioun: © Cedric Letsch / unsplash

Related topics Covid19-Strategie, Covid19-Tester, Grippeimpfung, Home-Office, Lëtzebuerg, politesch Rentrée, Rentrée, Schoulrentree, Teletravail
Next post Previous post