Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onofhängeg oder à la Carte?
Neiegkeeten

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet
Neiegkeeten

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet

Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen
Neiegkeeten

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn,

Educatiounsminister: „Et muss méi matenaner geschwat ginn!“

Den Dialog mat den Acteure vun der Educatioun an der Zivilgesellschaft intensivéieren

Educatiounsminister: „Et muss méi matenaner geschwat ginn!“

Geet et dem Educatiounsminister, Claude Meisch (DP) no, da muss de participative Prozess am Kontext vun der Schoulreform verstäerkt ginn. Dëse Prozess deen am Dezember ugelaf ass, huet éischt Resultater opzeweisen. Informatiounsowenter, eng online Meckerkëscht a méi Presenz um Terrain sollen all déi implizéiert Acteure federéieren.

Et ass dann och den Ament keng einfach Sitautioun fir de Minister. Iwwert ee Mangel un Kritik kann sech de Claude Meisch net beschwéieren, an enger Rei Virwërf huet hie wéineg entgéint ze setzen. Begréissenswäert an dësem Kontext, seng Bereetschaft den Dialog mat alle concernéierte Parteien ophuelen, an e bessert Versteesdemech fir d‘Reform entwéckelen.

Aus dem Mond vum Minister héiert sech dat folgendermoossen un: „et geet drëms sech mat enger grousser Zuel un Acteuren – vun de Gewerkschaften, iwwert déi verschidde Beruffskummere, den Enseignanten an den ënnerschiddleche Ministèren – ausenanerzesetzen. (…) All d‘Entrevue a Gespréicher ware konstruktiver Natur an hunn eng Rei Reflexiounen zougelooss“.

Et soll een d‘Bomi net an d‘Brenndessele geheien

Dat klengt gutt, mee et sollt ee bedenken, datt dëse „participative Prozess“ nach a de Kannerschong stécht. Sécherlech net deen eenzege Grond, firwat den Educatiounsminister elo eng Schëpp drop leet, an den Dialog intensivéiere wëll. Et soll e besonneschen Akzent op den Dialog mat de Leit um Terrain geluecht ginn. Dësen Dialog huet et scho plazeweis ginn, mee ass nach net zefriddestellend.

Esou huet sech de Claude Meisch och virgeholl, mat de Vertrieder vun den Elterevertriedungen – am fundamental Unterrecht wéi och am Secondaire – ze schwätzen, an am gläiche Kontext och eng Entrevue mat der Konferenz vun de Lëtzebuerger Schüler ze organiséieren. Et misst sech och mam Personal vum sozioedukativen Zenter vun Dräibur a Schraasseg ënnerhale ginn.

Am politesche Kontext, huet de Minister ugekënnegt, datt hien sech fir e consultativen Debat um Krautmaart staark mécht. „Et geet mir drëms de Leit nozelauschteren an ze verstoen, wat si eigentlech vu mir wëllen. Ech stelle mech onverhuelen der Kritik a wäert ugesiichts den Elementer déi do zesummekomme kucken, wéi sech de Regierungsprogramm vervollstännege léisst“.

Educatiounsminister

Zesummen iwwer d’Educatioun schwätzen, dat ass et, wat ech mer fir den Ufank vu mengem zweete Mandat virgeholl hunn. Ech wëll domat uknäppen, un déi konstruktiv Gespréicher, déi ech an der leschter Legislaturperiod hat. An deem Sënn hunn ech d’Initiativ “Bildung am Dialog” lancéiert, eng Initiativ déi sech duerch d’ganz Gesellschaft soll zéien.
An de leschte Wochen a Méint hunn ech an deem Kontext déi méi institutionell Gespréichspartner gesinn, wéi d’Beruffschamberen oder offiziell Gremien aus dem Secteur vun der Educatioun. Donieft souz ech mat e sëllechen Associatiounen, Gewerkschaften a Partner beieneen, déi an der Educatioun schaffen an déi di verschidden Interesse vertrieden. Ech war och a verschiddene vun eise Strukturen um Terrain an hat do d’Geleeënheet, Kontakt mat de Professionellen a mat Kanner a Jugendlechen ze hunn.
En Dialog, dat ass ee Gespréich tëscht op mannst 2 Leit. Et ass ee Schwätzen an an dësem Fall fir mech virun allem och een Nolauschteren. Dee Prozess läit mir um Häerz an ech huele mer Zäit dofir, Zäit déi gutt investéiert ass, an déi nächst 5 Joer an an d’Reformprozesser déi mer wëlle virundreiwen. Ech wëll wësse wou de Schong dréckt fir e kënnen op de Leescht ze huele wann et néideg ass.
Dat Gespréich beschränkt sech awer op kee Fall op Professioneller, mä mäi Wonsch war, fir et sou breet wéi méiglech opzemaachen. Dofir hu mer och 5 Diskussiounsowenter an de verschiddene Regioune vum Land organiséiert, wou jidderee wëllkomm ass: Schüler, Mammen, Pappen, Enseignanten, Gemengevertrieder, Vertrieder vun der Société civile, Bierger, asw.
Esou eng breetgefächert Diskussioun erlaabt eis zesummen iwwer d’Zukunft vun der Educatiounspolitik ze schwätzen an déi nächst 5 Joer ze preparéieren. Ech wëll och an dëser Legislaturperiod d’Kand an de Mëttelpunkt vu menger Politik stellen an dofir suergen, dass mer zu Lëtzebuerg fair Bildungschancë fir jiddereen hunn. Dorunner schaffen ech déi nächst Joer mat vollem Engagement weider. Wann Der wëllt, mat Iech zesummen.
Claude Meisch, Educatiounsminister

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Dialog, Educatiounsminister, Reform, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel