Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gefaangenenaustausch bréngt Hoffnung
what should a man wear to a speed dating event

Gefaangenenaustausch bréngt Hoffnung

Mam Tausch vu Gefaangenen ass ee wichtege Schratt gemaach ginn,

https://moien.lu/abilene-dating-sites/
what should a man wear to a speed dating event

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela

Knapps datt de Sozialist Nicolas Maduro nees als President vum

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?
what should a man wear to a speed dating event

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?

Um haidege Freideg mussen sech d’Iren mëttels Referendum fir oder

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?

Eng Erklärung vum Myriam Cecchetti a Jos Piscitelli

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?

Den 11. Januar 2018 ass den neie PAG an PAP-Quartiers-existants vum Gemengerot ugeholl ginn. Dëst ass d’Basis vum zukünftege Bauer an der Territorialplanung an der Gemeng Suessem. Heibäi waren déi Lénk vun der Diskussioun a vum uschléissende Vott ausgeschloss.

Si hunn d’Erklärung vum Buergermeeschter zur Kenntnis geholl, datt dësen Akt, den géint d’Demokratieverständnes verstéisst, dem Schäfferot vum Affekot vun der Gemeng an de Juriste vum Banneministere net nëmmen ugeroden, mee no laangem Widderstand souguer opgezwonge ginn ass.

An awer ass et falsch. Mee wat war geschitt? Déi zwou Säiten, déi ënnerschriwwen hunn, haten an der ëffentlecher Berodungsprozedur zum PAG a PAP-QE, déi duerch d’Aarhus-Konventioun stattfonnt huet, als BiergerInnen Stellung bezunn an op 13 Säiten eng ganz Rei vu prinzipielle Bemierkungen ervir bruecht. Dovunner sinn der vill berécksiichtegt ginn, wéi beispillsweis déi ehemooleg geplangten, extravagant Ausnamebedingungen , déi de Buergermeeschter betreffen.

Den Dag virdrun ass hinne per E-Mail d’Argumentatioun vum juristeschen „Orakel“ aus dem Banneministere geschéckt ginn an ass wärend der Sitzung mëndlech bestätegt ginn. Zu kenger Zäit louch hei ee schrëftlecht Attest fir. Dat Ganzt ass op zwee Argumenter eraus gelaf:

déi Lénk hunn, laut Artikel 20 vum Gemengegesetz, ee „perséinlecht Interesse“, wouduerch hinnen d’Participatioun un der Ofstëmmung verweigert ginn ass

si kënnen net „juge et partie“ sinn, wat op dat selwecht hinaus leeft

Sachlech gesinn ass dat falsch a gouf och net an der Diskussioun ënnerstrach. D’Bemierkunge bei ëffentleche Consultatiounsprozeduren hunn, laut déi Lénk, nëmmen den allgemenge Gemengenintressi betraff.

Et huet näischt domadder ze dinn, datt d’Myriam Cecchetti, wat ënnerschriwwen huet, zousätzlech nach an enger sonner Reklamatioun an engem perséinleche Fall Stellung bezunn huet an och net domadder, datt 3 weider Gemengeréit, selwer oder duerch Familljememberen, perséinlech Reklamatiounen ervirbruecht hunn. An dëse Fäll louch tatsächlech ee perséinlechen Interessi vir, wat an der Sitzung och unerkannt ginn ass. An awer wier et duergaangen, bei dëse punktuelle Reklamatiounen eng getrennten Ofstëmmung virzegesinn, bei der déi Betraffen de Sall verloossen. Dat ass awer net geschitt.

Alleguerten d’Reklamanten – am ganzen hu 5 Leit vum Gemengerot – hunn schlussendlech am Spectateurszëmmer misse Plaz huelen, dorënner och de Jos Piscitelli, den just den allgemengen Interessi wärend der Consultatiounsprozedur vertrueden huet.

Domadder läit vum Gemengen- a Schäfferot ee Gesetzesverstouss géint d’Gemengegesetz an déi verfassungsméisseg Prärogative vum Gemengerot vir, wat déi Lénk net acceptéiere wäerten. Donieft wäerten si sech fir weider juristesch Schrëtter, déi zur Nullitéit vun der Prozedur an zur Widderhuelung féiere kéinten, berode loossen.

Heibäi geet et ëm wichteg Froe vum Prinzip: Kënne Gemengeréit, Organisatiounen a Parteien an ëffentleche Consultatiounsprozeduren hir Meenung soen, och wann si kee privaten Interessi hunn? An dësem Fall huet de Schäfferot et akzeptéiert, déi Lénk empfaangen an ass op d’Bemierkung agaangen. An awer kann d’Reklamatioun net als Privatinteressi ofgestempelt ginn an hinnen esou d’Recht zur Stellungnam am Gemengerot geholl ginn. Wouropper wëll de Banneministere a seng Juristen eraus?

Diskussioun kënnt Dir Iech HEI nach ëmol ulauschteren.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Gesetzesverstouss, PAG, PAP-QE, Privatinteressi, Suessem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel