Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen
Neiegkeeten

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen

Am Kontext vum „Debat an der Mëttegstonn“ eng Serie vun

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen
Neiegkeeten

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen

En Donneschdeg huet d‘Trump-Regierung ugekënnegt, alle Migranten déi net legal

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter
Neiegkeeten

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“

D‘Präisser am Logement gi buchstäblech duerch de Plafong an d‘Haaptstad verléiert seng Mixitéit

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“

Ouni sozial Mixitéit kann et keng sozial Kohäsioun ginn, firwat et Entwécklungen am Land gëtt déi eng bedreelech Form unhuelen. An éischter Linn geet heibäi ëm d‘Situatioun um Wunnengsmaart, wou der Deierecht mam beschte Wëllen net bäizekommen ass. Dat verbiergt zolidd Risiken…

An engem Joerzéngt hu sech d‘Immobiliëpräisser an der Stad Lëtzebuerg verduebelt – zumindest geet dat esou aus den Zuelen déi vum „Wunnengsobservatoire“ vum LISER rapportéiert ginn ervir. Esou konnt een am Joer 2008 nach eng Wunneng fir ronn 4.250 Euro/m² kafen, 2018 huet ee fir de Quadratmeter iwwer 8.000 Euro missen ausginn. Dat ka sech net emol méi e Beamte leeschten.

Woubäi een der Vollstännegkeet halber muss soen, datt d‘Präisexplosioun um Wunnengsmaart net exklusiv der Haaptstad virbehalen ass, an eigentlech am ganze Land nëmmen nach Spekulanten an „ganz Räicher“ sech „Grondstéck an d‘Mauere“ leeschte kënnen. A well d‘Spueren duerch den Negativzëns vun der EZB kee Sënn mécht, an Aktie ëmmer e Risk sinn, gëtt a Bëtong investéiert.

Héich Wunnengspräisser esou wéi eng jäerlech Plus-value vu bis zu 7% vum „Wäert“ ruffen net nëmme Spekulanten an aner onséileg Gesellen op de Plang. D‘Leit an/oder d‘Famillje mat gutt gefëllte Bankkonten hunn déi nei Attraktivitéit vun der Stad erkannt: du Wunns op Kredit an d‘Wäertsteigerung bezilt quasi de „Loyer“ oder den Hauszëns. Et wunnt een an der Spuerkëscht…

Dat verdäitlecht allerdéngs och, datt d‘Wunnen an der Stad Lëtzebuerg zum Luxus gëtt an esou eng entspriechend Clientèle ulackelt. Dat ass esou vun der Gemeng net gewollt an och net gewënscht, mee et sinn d‘Proprietairen an d‘Nofro no Proprietéit, déi de Präis um Wunnengsmaart bestëmmen. Et spille sécher och d‘Service vun der gemeng eng Roll, an déi si jo wierklech héichwäerteg.

Op Dauer awer, besonnesch wat d‘Präisspiral sech weider an dësem Ausmooss beweegt, riskéiert d‘Stad e soziale Mixitéitsproblem ze kréien. Well och wann d‘Präisser beispillsweis zu Déifferdeng oder Esch-Uelzecht nëmmen hallef esou séier klammen, den Interessi un der Stad ass bei deene wou sech et leeschte kënne weider ongebrach. Gëtt d‘Haaptstad also e Getto fir déi Räich?

Net wann et dem Schäfferot nogeet. Dee wëll sech verstäerkt fir de soziale Wunnengsbau an nei Wunnforme (wéi dat participatiivt Wunnen) asetzen an dofir och op eege Grondstécker – mee net nëmmen – zougräifen. Ob et jeemools derzou kënnt, datt eidel Wunnengen a Spekulatioune mat enger extra Tax belaascht ginn, läit an den Hänn vun der Politik, et wier awer och Ziilféierend.

Ähnlech Sujeten Logement, Präisexplosioun, Spekulatioun, Stad Lëtzebuerg, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel