Search

You may also like

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch
International Neiegkeeten

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch

Wéi d‘Regierung sech e ganz besonneschen Deal mat der Bertelsmann-Duechter

Eng wichteg Fro: Muss d‘Permanence als Aarbechtszäit betruecht ginn?
International Neiegkeeten

Eng wichteg Fro: Muss d‘Permanence als Aarbechtszäit betruecht ginn?

Dës Fro war de Géigestand vun enger Podiumsdiskussioun vun der

dislike
Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?
International Neiegkeeten

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir

Frankräich: Ee Joer Protest an et ass net besser ginn

De giele Gilet ass d'Erkennungszeechen, de Kreesverkéier den Treffpunkt

Wann de Schwong eppes verluer gaangen ass, esou sinn d‘Grief an der Gesellschaft déif. Iwwreg bliwwe sinn d‘Tockskäpp. Zanter Mäerz waren net méi esouvill giel Gileten ze gesinn an zu Paräis koum et nees zu Zesummestéiss mat der Police. Mee wat kann dës Bewegung nach bewierken?

Eng Fro déi sech a Frankräich gestallt gëtt, an ob déi et gëschter sollt eppes wéi eng Äntwert ginn. Um Jubiläum-Weekend sollt mobiliséiert ginn, mee de grousse Worf war et net. Laut der Police hu sech 28.000 giel Gileten op de Stroosse gewisen, virun engem Joer waren et der ronn 300.000. U Gewalt verluer huet de Protest, dee vill Casseuren ugelackelt huet, bedauerlecherweis net.

ProtestAm Weste vu Paräis hat sech kuerz viru Mëtteg e Cortège gebilt. D‘Sloganen hei waren déi al: „Macron triet zréck!“ an eng Manifestantin stellt fest: „Mir fannen, datt mir kaum eppes vun deem wat mir gefuerdert, och kritt hunn“. D‘Manifestatiounen hate virun engem Joer mat der Erhéijung vun de Bensin- an Dieselpräisser ugefaangen. Et sollt net dat eenzegt sinn, wat ze kontestéieren ass.

De Mouvement huet sech séier zur sozialer Bewegung entwéckelt. Et ass alles a säi Géigendeel gefuerdert ginn, woubäi de Fokus op déi sozial Ongerechtegkeete geluecht gouf. Méi Kafkraaft, manner Steieren, méi Soziales… dat sinn e puer vun de Grondfuerderungen, déi d‘giel Gileten un d‘Regierung geriicht hunn. Zweedrëttel vun de Fransousen halen d‘Fuerderunge fir berechtegt…

De schwaarze Block

Wann et gëschter an de Regiounen éischter „roueg“ zougaangen ass, esou war dat zu Paräis net de Fall. Op der Place d‘Italie haten sech déi „richteg“ zesummefonnt. Eigentlech sollt vun hei aus och ee Cortège lasszéien, mee ee puer honnert Demonstranten hu fréi ugefaangen ze randaléieren. Et si Fënstere vreckt geschloen, Autoen an Dreckskëschten a brand gestach ginn. Dat brauch keen…

Nodeems dann och nees mat Steng a soss Géigestänn déi sech „werfe“ loossen op d‘Police a géint d‘Pompjeeë virgaange gouf, huet de Police-Präfekt vu Paräis, Didier Lallement, d‘Demonstratioun verbueden. D‘Plaz ass hermetesch ofgerigelt ginn an et gouf massiv Tréinegas agesat. Es war es därmoosse vill, datt ee scho vu wäitem d‘Wollek iwwert der Place d‘Italie konnt gesinn.

ProtestGéint 16 Auer war d‘Plaz geraumt, vun den offiziell gezielte 4.700 Manifestante waren der owes 129 an Untersuchungshaft. Insgesamt goufen zu Paräis 147 interpelléiert, 71 Protokoller hu missen erstallt ginn. De Police-Präfekt huet annoncéiert, datt no der Auswäertung vun de Videoopnamen, all déi wou Gewalt ugewannt hunn, zur Rechenschaft solle gezu ginn. An d‘Police war virbereet.

Entgéint deem wat ee soss erlieft huet, hat d‘Police hei d‘Manifestante regelrecht agekesselt. Dat huet zumindest den Ëmfang vun de Schied begrenzt. Aus „Revanche“ – anescht léisst et sech net erklären – hunn dann um Owend kleng mobil Gruppen d‘Police erausgefuerdert. Vun den Zoustänn wéi ee se nach virun engem Joer erlieft huet, war een e Samschdeg awer zum Gléck wäit ewech.

mat indymedia/par

Foto: 1 Joer „Giel Gileten“… kee Grond ze feieren © Gaspar Glanz (via Twitter)

Related topics Giel Gilten, Paräis, Place d'Italie, Protest, Randaléieren, Tréinegas
Next post Previous post