Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter
Kultur Neiegkeeten

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Bei engem hannerlëschtegen Attentat zu Manchester bekloen d’Autoritéiten 69 Affer.

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Jury vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 säi Laureat

De Weltdrogendag, erkläert
Kultur Neiegkeeten

De Weltdrogendag, erkläert

De Weltdrogendag gëtt et schonn zanter 1987. Eigentlech heescht en

Ee Joerzéngt „Musikbazar“

Ee Joerzéngt „Musikbazar“

Den Occasiounsmaart fir Instrumenter huet sech längst an der Groussregioun etabléiert, an zitt dann och Joer fir Joer honnerten Enthusiasten un. Déi 10. Editioun – an domatter d‘Jubiläumsausgab – gëtt et dëse Sonndeg am Kulturzentrum Artikuss zu Suessem, an dat vun 10 bis 18 Auer.

An hei fënnt e vun allem: op et Partitioune sinn, dat seelent Stéck vun deem een zanter Joren dreemt oder et eppes Spezielles (also net vun der Staang), jo dat alles an och Banales oder Klassesches gëtt ugebueden. Et dierf een zudeem drop verweisen, datt och wann et déi „regulär“ Exposante gëtt déi och e Geschäft maache wëllen a vläicht mussen, hei ëmmer d‘Stëmmung an d‘Laun gutt sinn.

Fir de Charel Vandivinit, President vun der Asbl „MuBa“ déi den Event organiséiert, ass e Sonndeg d‘Geleeënheet ginn, besonnesch fir déi wou mat der Musek ufänken, sech beroden ze loossen an hir musikalesch Rees mat engem tipp topp Instrument zum raisonnabele Präis unzetrieden.

A well ee Jubiläum jo och e gudde Grond ass eng gutt Fläsch opzemaachen an ze feieren, gëtt et dëst Joer och en Event um Samschdegowend. An Zesummenaarbecht mat der „Blues Schoul“ vun Déifferdeng gëtt et ee Fest. Dat huet esouguer ee Numm: „Berabecka Boandelbräu Jamsession“. Frot eis net wat et bedeite soll, gewosst ass awer datt et eng oppe Bühn ass, also matmaache geet.

Bei der Jamsession ass den Entrée geschenkt, fir den Occasiounsmaart muss ee 5 Euro awerfen (d‘Wutzen an alles wat een als Kand „verkaaft“ kritt sollt och esou mat eran dierfen). Fir Gebaffs an eppes géint den Duuscht gëtt gesuergt. Dat war net Informatioun genuch? Da www.musikbazar.lu

Illustratioun: Arthur Halucha / Pixabay

Ähnlech Sujeten Artikuss, Charel Vandivinit, Musikbazar, Suessem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel