Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Null Offall Stad Lëtzebuerg: Patrick Goldschmidt mellt sech zu Wuert
best german dating sites https://moien.lu/best-german-dating-sites/

local dating sites in japan

Lescht Woch huet déi gréng Stad Lëtzebuerg eng Motioun zur

https://moien.lu/black-dating-for-free-app/
best german dating sites https://moien.lu/best-german-dating-sites/

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!

A manner wéi engem Mount wäert déi US-amerikanesch Hard-Rockband Halestorm

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso
best german dating sites https://moien.lu/best-german-dating-sites/

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso

Op e Restaurant vun Ouagadougou ass um Sonndegowend en Uschlag

surprise

Gutt Aussiichten an der Stad

Gutt Aussiichten an der Stad

Um Mëttwoch war et emol ee besonnesche Rendez-vous deen de Stater Schäfferot sech fir d‘Press ausgeduecht hat. Amplaz wéi gewinnt am klenge Konferenzraum op der Gemeng, war an de City Skyliner ageluede ginn.

Schued datt d‘Wieder sech net vu senger beschter Säit gewisen huet an een d‘Aussicht op 80 Meter héicht net esou wierklech konnt genéissen. Dofir war dann awer d‘Konzentratioun och net gestéiert, fir de verschiddene Punkte vun der Dagesuerdnung déi verdéngten Opmierksamkeet zoukommen ze loossen.

Vu Museksfest bis Nationalfeierdag

D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) huet fir unzefänken ee Réckbléck op déi sëllechen Aktivitéite vun der leschter Woch gemaach. Esou ass festgehale ginn, datt de Concert vum OPL op der Kinnekswiss ee puer dausend Leit ugezunn huet. Een Erfolleg deen ënnersträicht, datt hei eng gutt Iddi gewuess ass an de Projet och 2018 weidergefouert gëtt.

De Virowend vun Nationalfeierdag hat, net zu gudder läscht wéinst dem herrleche Wieder, och ee rise Succès. Stroosse voller Leit an dat bis op d‘Gare, dobäi kee Mëssel deen d‘Feierlaun gestéiert hätt an dat éischt Freedefeier wou d‘Militärmusek live derzou gespillt huet. Op dëser Plaz huet d‘Lydie Polfer dann och all de Leit a Servicer Merci gesot. Si hunn voller Engagement a groussem Asaz dofir Suerg gedroen, datt alles geklappt huet.

Eng 26 Tonne Knascht opgesammelt goufen a fir d‘Parad op Nationalfeierdag nees alles Propper war. 54 Mann vum Hygiènesdéngscht waren heifir verantwortlech a weider 74 hunn Dagsiwwer uecht ginn, datt et néierens Problemer gi sinn.

Mam Wieder war d‘Aussicht net besonnesch. Mier wäerten eis dem City Skyliner awer nach eppes méi am Detail zouwennen. Mat der Sonn dierft en dann och méi flott Biller ginn (© Martine de Lagardère/moien.lu)

De PAG

Betreffend de PAG (Plan d‘Aménagement Général) – dee jo nach wuel eng kuerz Zäit dierft den Dauerbrenner an der Stad bleiwen – ass matgedeelt ginn, datt sech nach ronn 250 Leit schrëftlech beim Inneminister mat engem Awand gemellt hunn. Déi sinn elo beim Schäfferot agaangen a gi mat Suergfalt nogekuckt. Virgesinn ass hei den 10 Juli, dem Inneminister den Avis vun der Stad matzedeelen.

Eigentlech sollt och nach iwwer de Waassermangel ee puer Wuert verluer gi, wat sech awer unhand der Meteo erleedegt huet. Hei wier et dann dreems gaange matzedeelen, datt eng Derogatioun ugefrot war, fir d‘Quelle vu Koplescht unzezapen. Esou wäit dann och dozou, woubäi d‘Buergermeeschtesch nach drop higewisen huet, datt a gutt dräi Wochen, mat der Grousser Vakanz, de Waasserverbrauch an der Stad souwisou vill manner ass.

Maach en Tour mam Vëlo

D‘Verkéiersschäffin Sam Tanson (déi gréng) ass a kuerze Wierder op verschidden Theme vun der Mobilitéit agaangen. Op de Park & Ride Kockelscheier a Bouillon (Süd) gëtt ab dem 3. Juli eng Taxe fir ze Parken erhuewen. Déi éischt 24 Stonnen si weiderhi gratis, duerno kascht et 10 €/Dag. Dës Tax ass eng Äntwert op verschidden Abusen, wéi beispillsweis Firmen, déi hire Fuerpark nawell gären do ofstellen. Mee och Leit déi unhuelen et wier eng gutt Plaz fir den Auto ofzestelle wann een an D‘Vakanz fiert, sollten et sech elo vläicht anescht iwwerleeën.

Vill méi interessant a sécherlech och eppes méi Flott, dann d‘Aluedung fir den 12. Juli een Tour mam Vëlo ze maachen. Nodeems déi éischt Editioun 2016 sech als erfollegräich presentéiert hat, widderhëlt d‘Schäffin déi ronn 10Km laang Randonnée duerch d‘Stad. Gestart gëtt owes um hallwer aacht um Knuedler a wéi zejoert ginn d‘Cyclisten nees vun der Police op hirem Tour begleet. Deelhuele kascht näischt, de Vëlo matbrénge mécht awer Sënn. Ee flotten Owend a ee gellege Spaass fir d‘ganz Famill.

Erënnere mer dann nach kuerz dorunner, datt de Quiz „Respect.vdl.lu“ nach bis den 9. Juli am Internet allen Interessenten op steet. Hei gëtt et schéi Präisser ze gewannen an eppes méi Gescheit mécht et och. Mier hunn et ausprobéiert, deels eppes gestaunt an och vill gelaacht.

Grousse Gebuertsdag

Am Kader vum 175. Anniversaire vun eiser Militärmusek gëtt op de grousse Concert „1812“ vum 7. Juli an der Abtei Neimënster higewisen. Organiséiert vum LCTO an Zesummenaarbecht mat der Arméi an der asbl Frënn vun der Militärmusek ass dëst een Evenement dat sech net eleng un Amateure vun der klassescher Musek riicht. D‘Entrée ass gratis mee d‘Plazen si gezielt, esou dat ee gutt beroden ass sech een Ticket ze reservéieren.

Dat kann een hei maachen:

www.neimenster.lu / Tel 262052-444

www.lcto.lu/fr/concert-musique-militaire / Tel 222809

www.luxembourg-ticket.lu / Tel 470895-1

Foto: Mam Wieder war d‘Aussicht net besonnesch. Mier wäerten eis dem City Skyliner awer nach eppes méi am Detail zouwennen. Mat der Sonn dierft en dann och méi flott Biller ginn (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Muséksfest, Nationalfeierdag, Stad Lëtzebuerg, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel