Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Full House zu Barcelona: E Concert virun 2.292 Planzen
Neiegkeeten

Full House zu Barcelona: E Concert virun 2.292 Planzen

Vu Stolz erfëllt, kann d’Oper zu Barcelona matdeelen, datt de

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen
Neiegkeeten

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen

Nodeems leschten Donneschdeg déi 3. Editioun vun den Olympesche Jugend-Wanterspiller

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem
Neiegkeeten

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem

Datt sech d‘Covid19-Pandemie och an den Ausgabe vun der Sozialversécherung

Och ee klenge Geheimdéngscht huet eng Geschicht

Zwee Historiker hu sech mat den Datebanke vum SREL fir den Zäitraum 1960-2001 beschäftegt

Och ee klenge Geheimdéngscht huet eng Geschicht

Et wier eng grouss Missioun a vill Aarbecht gewiescht sech mat der Geschicht vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht auserneenzesetzen, mee och eng ganz spannend Erfarung, esou d‘Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler, bei der Virstellung vun engem iwwer 100 Säite schwéiere Rapport zum SREL a senge Virgängerorganisatiounen.

Dës „Archiv-Raten“ hunn zwee Joer an de Kellere vun den nationalen Archive gesiess an déi 2013 am Sennenger Schlass entdeckten Datebanken dierfen analyséieren. Woubäi „Analys“ et net wierklech trëfft, an ee beschtefalls vun enger „Stéchprouf“ schwätze sollt. Firwat? Ma et war den zwee Fuerscher net méiglech sech iwwer 116.000 rezenséiert Fichen unzekucken, an esou gouf sech op déi 6.500 konzentréiert déi moralesch an/oder physesch Lëtzebuerger Persoune betraff hunn.

Als besonnesch interessant hu se de Fichier „ElCom“ (Kommunistesch Elementer) bezeechent. Esou huet de Geheimdéngscht ab de 60er Joren alles a jiddereen, dee méiglecherweis e Kommunist kannt oder mat engem kéint geschwat hunn, jo och nëmmen d‘Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek (Presseorgan vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg) abonnéiert hat, an engem Dossier zesummegefouert. Wien do erfaasst war, konnt sécher sinn ni eng Plaz beim Staat ze kréien…

De Rapport liwwert interessant Detailer zum wien a wéi ofgelauschtert gouf, wéi ee Bréiwer esou „ëmgeleet“ huet datt keen et soll matkritt hunn an natierlech gëtt et och Informatiounen zum Rekrutement vu Verréider aus de kommunistesche Reien oder sympathiséierenden Associatiounen. Si kruten hei zolidd Hëllef vun der POST, eng Saach déi vun der Post-Direktioun, déi ee private Betrib geréiere muss, esou ni méi géif zougelooss ginn. Dofir brauch haut en Uerder vum Geriicht.

Blann um „rietsen“ A

Keng vun den Aktiounen – zumindest léist de Rapport des Schlussfolgerung zou – war iergendwéi legal, mee am Marieland huet ee sech fir den „amerikanesche Wee“ entscheet gehat, firwat alles wat sech „rout“ ugefillt oder ausgesinn huet, och iwwerwaacht ginn ass. Jo esouguer d‘Liga vun de Mënscherechter oder d‘Unioun vun de Frae ware sengerzäit extreemst suspekt. An deemools gouf et nach kee Facebook, wou d‘Leit alles fräiwëlleg offenbaart hunn, nee et huet ee misse „fuerschen“.

Aus dem Rapport geet nach ervir, datt déi meescht „Fichen“ déi esou ugeluecht goufen, an der Regel mini Dossiere waren, déi héchstens ee puer bis zu enger Dose Säiten déck waren. Woubäi natierlech d‘Ausnamen d‘Regel bestätegen, wéi een Dossier mat iwwer 1.000 Säite fir een eenzege Personnage et ënnersträicht. Mee natierlech goufe sengerzäit net nëmmen d‘Kommuniste vum Geheimdéngscht iwwerwaacht, och aner Lausbouwe stounge sengerzäit ënnert Observatioun.

Wat leider net aus dem Rapport ervirgeet – a vläicht ass dat och bewosst esou gehale ginn – ass de Fait, datt déi och sengerzäit zu Lëtzebuerg aktiv Faschisten a Kollaborateure vun den Nazien, déi vun den „Siergermächten“ nach gebraucht goufen, net vum Geheimdéngscht iwwerwaacht gi sinn. Zudeem handelt sech bei deem um Sennenger Schlass zesummegedroe Material beschtefalls ëm een Ausschnëtt vun den diversen Aktivitéiten déi de Lëtzebuerger Geheimdéngscht esou bedriwwen hat.

Uerdnung gesäit anescht aus

Béid Historiker haten et zudeem och mat dësem verhältnesméisseg „klenge Bierg“ un Daten an Dossieren awer net einfach. Gesäit een emol vum Ëmfang of, esou dierf ee festhalen, datt déi Leit vum Geheimdéngscht sech net vill mat Uerdnung oder engem fir jidderee verständleche System ophalen. Eigentlech hëlt ee jo un, datt si intern all Interessi dorunner sollten hunn, datt d‘Fichen sech ergänzen, ergo liicht zesummenzeféiere sinn, wann et zu Iwwerschneidunge kënnt.

Béid Historiker recommandéieren dann och nach, dës „Aarbechten“ weiderzeféieren. Si roden hei awer, datt iert een eng weider Fuerschungsgrupp asetzt, een emol am Virfeld sollt Uerdnung an déi sëlleche Fichen an Dossiere brénge sollt. Eng Aarbecht fir déi ee sollt en experimentéierten Archivar asetzen, dee vir unzefänken en Inventaire vum Ganze maache misst. Kléngt eppes wéi „Do fënnt eng Sau hir Fierkel net méi erëm“. Dat géif dann och nees zum Geheimdéngscht passen.

Ganz wichteg awer ass dem Jean Reitz an dem Nadine Geisler, datt déi ganz Ënnerlagen – egal a wéi enger Form se bestinn – esou wéi presentéiert erhale bleiwen. Et wieren dat schliisslech ganz wichteg Zäitdokumenter déi zu engem bessere Versteesdemech fir d‘Zäit vum „Kale Krich“ kënne bäidroen. Als klenge Fazit ass dann och zréckbehale ginn, datt ofgesi vun de Kommunisten, et zu Lëtzebuerg keng massiv politesch Spionageaktivitéite sinn huet. Firwat gouf net gesot…

Illustratioun: Henryk Nestroj / Pixabay

Ähnlech Sujeten Geheimdéngscht, Historiker, Jean Reitz, Nadine Geisler, Rapport, SREL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel