Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht
Meenung Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Saudiarabien huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt 11 Persounen, déi

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert
Meenung Neiegkeeten

Laut STATEC gi franséisch Frontalieren diskriminéiert

An der leschter vum STATEC verëffentlechter Etüd geet ervir, datt

money
D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen
Meenung Neiegkeeten

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

Déi zu Lëtzebuerg usässeg europäesch Satellittenagence SES huet an engem

Editorial: Ass Nationalitéit ee Kritär fir Polizist ze ginn?

Editorial: Ass Nationalitéit ee Kritär fir Polizist ze ginn?

Datt de Prozess vun der Police-Reform nach ëmmer net ofgeschloss ass, läit an der Natur vun der Saach, mee nodeems sech doriwwer gëschter an der Chamber „laang a breet“ driwwer ënnerhale ginn ass, kann een zouversiichtlech sinn, datt hei alles säi Wee geet an d‘Changementer vun de Concernéierten esouwäit gutt ugeholl ginn. De gréisste Problem awer, deen d‘Police huet konnt leider nach ëmmer net emol am Usaz enger Léisung zougefouert ginn.

Primär ass et de Mangel u Beamten, administrativem Personal an och beim Rekrutement ass nach vill Sputt no uewen. Iwwer 800 Poliziste solle bis 2023 ausgebilt an asazfäeg gemaach ginn, esou de fromme Wonsch vum Minister fir bannenzeg Sécherheet. En kann en sech awer keng Polizisten aus dem Stee schloen an déi wou mir hunn loossen sech leider och net klonen. Rekrutéieren ass also ee ganz wichtegt Instrument, mee dat muss een dann och beherrschen.

D‘Iddi, eng Filière „Sécherheetsberuffer“ an der Schoul anzeféieren ass wuel en Usaz, dierf awer net doriwwer ewechtäuschen, datt et Personalproblemer och bei der Arméi an dem CGDIS huet, déi sech, zesumme mat de Besoine vun de Gemengen an den Administratiounen, alleguerten eppes Konkurrenz maachen. Also gëtt noutgedrongen och doriwwer nogeduecht, dës Staatscarrièrë fir Auslänner, a firwat och net Grenzgänger zougänglech ze maachen.

Et géif dann u sech och duer goen, wann een déi dräi Landessprooche beherrscht, an wann een sech bewäert huet soll esouguer eng Naturaliséierung als Primm dra sinn. Wann een dat elo bei der Arméi esou nach guttheesche kann, an de Kandidat sech fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit entscheet huet, dann awer nëmmen déi, kann dee jo uschléissend bei der Police seng Chance erhalen. Fir de Recht, ass et wuel net esou wëllkomm, Auslänner anzesetzen.

Fir de Recht, ass et schonn eng bosseg Fuerderung, den Auslänner d‘Carrière bei de Police, egal op als administrativen Agent oder Beamten, während dësen nach ëmmer d‘Wahlrecht verwiert gëtt. Do geet sech eppes esouwuel ethesch wéi moralesch net op. Zudeem dierft esou eppes, och beim Vollek net wierklech op Zoustëmmung stoussen, och dann net wann et vun der CSV virgeschloe gëtt, wat u sech schonn ee Widdersproch ass, och wann dëse gutt gemengt ass.

Woubäi driwwer nozedenken ass berechtegt. Elo sollt een dann awer emol ofwaarden, wat sech aus der op eis duer kommend Wirtschaftskris ergëtt. Net all Entreprise wäert den Impakt iwwerliewen an et wäerte wuel och net exklusiv Grenzgänger an auslännesch Residenten hire Job verléieren. Hei sollt een emol kucken, op een net ganz onerwaart méi Kandidate wéi Plazen huet. Auslänner an der Police awer, dat dierft net gutt bei de Bierger ukommen, do wiere mir virsiichteg…

Illustratioun: © CJ Dayrit / unsplash

Ähnlech Sujeten Integratioun, Nationalitéit, Police, Reform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel