Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn
International Kultur Neiegkeeten

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Dem Donald Trump seng Situatioun gëtt vun Dag zu Dag

Porsche mécht eng Plainte… géint sech selwer
International Kultur Neiegkeeten

Porsche mécht eng Plainte… géint sech selwer

Passend zum Lëtzebuerger Autofestival, kënnt eis eng Meldung aus Däitschland

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde
International Kultur Neiegkeeten

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde

De Lycée Ermesinde (LEM) zu Miersch invitéiert op seng Porte

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an de Palais zu Lëtzebuerg iwwerfouert ginn ass, huet déi groussherzoglech Famill am klenge Kader eisem Monarch eng lescht Éier erwisen. Säit gëschter ass dëst och fir d’Ëffentlechkeet méiglech, woubäi wahrscheinlech kee mat esou enger grousser Undeelnam gerechent hätt!

Um Sonndeg ass de verstuerwene Grand-Duc Jean geseent ginn. Mat dobäi war S.R.A. De Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse, déi vun hire Bridder a Schwëstere begleet gi sinn. Ganz a schwaarz gekleet hu si an der Chapelle Ardente vum groussherzogleche Palais Ofschid geholl.

Grand-Duc Jean

1.Rei: SS.RR.AA de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse sinn ëmgi vun (l.n.r.) S.R.A. Dem Prënz Jean, S.R.A. Der Prinzessin Margaretha, S.R.A. Der Prinzessin Marie-Astrid a S.R.A. Dem Prënz Guillaume, Bridder a Schwëstere vu S.R.A. Dem Grand-Duc 2.Rei SS.RR.AA den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin sinn ëmgi vun (l.n.r.) der Comtesse Diane de Guerre, dem Prënz Nikolaus de Liechtenstein, dem Archiduc Christian d’Autriche an der Prinzessin Sibilla 3. Rei D’Enkelkanner vu S.R.A. Dem Grand-Duc Jean © Cour grand-ducale / Guy Wolf

D’Schlaang zitt sech

Säit gëschter huet jiddwereen d’Méiglechkeet, den opgeboerte Läichnam vum verstuerwene Groussherzog kucken ze goen, eng Kaart am Palais ze loossen oder och ee Wuert an d’Kondolenzbuch ze schreiwen. De Grand-Duché fillt sech beréiert, wouduerch een sech e bëssen Zäit sollt mathuelen, fir him eng lescht Éier ze erweisen.

Grand-Duc Jean

© Shari Pleimelding/moien.lu

Dobäi muss ee soen, datt d’Waarden sech wuel lount an een d’Méiglechkeet sollt notzen Äddi ze soen, och wann een net de grousse Patriot ass. Ëmgi vu wäisse Blumme kritt een, een iwweraus häerzlechen a friddleche leschten Androck vun engem Mann, deen eist Land an alle Liewenslagen immens gepräägt huet. Esou roueg, wéi et an deem Moment ass, wou een direkt virum Sarg steet fillt ee sech, wéi wann een eleng mat enger besonnescher Atmosphär am Raum géif stoen. Aus dësem Grond fanne mir et wichteg an eng gutt Decisioun, datt d’Vollek och um Enn vun engem laange Wee esou mat abezu gëtt.

Grand-Duc Jean

© Shari Pleimelding/moien.lu

Zu folgenden Zäiten ass déi nächst Deeg op:

  • en Dënschdeg 30. Abrëll vun 10 bis 12, a vu 14 bis 19 Auer
  • e Mëttwoch 1. Mee vun 10 bis 19 Auer
  • en Donneschdeg 2. Mee vun 10 bis 12, a vu 14 bis 19 Auer
  • e Freideg 3. Mee vun 10 bis 12, a vu 14 bis 16 Auer
Ähnlech Sujeten Begriefnis, Chapelle Ardente, Grand-Duc Henri, Grand-Duc Jean, Kondolenzbuch, Palais
Nächsten Artikel Virrechten Artikel