Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)
Neiegkeeten

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)

Vill Mënschen hunn e gespléckte Verhältnis zu sougenannte Bezuelbarrièren am

Nationalen Dag vun der Resistenz
Neiegkeeten

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert

US-President gëtt trotzeg
Neiegkeeten

US-President gëtt trotzeg

An der Affär „Ukrain-Telefonat“ huet dat Wäisst Haus an engem

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch

10 Strummerten am Kontext vun der „Wanteraktioun“ positiv op de Covid19 getest

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch

Datt mir als Gesellschaft virun Aarmut a Misär d‘Ae verschléissen ass net wierklech nei, et gëtt jo genuch Associatiounen déi eis dat alles vum Hals halen, an zudeem huet sech d‘Meenung gefestegt, datt dës Leit jo selwer Schold hunn. Ganz esou einfach ass et dann awer net, an den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) huet an dësem Zesummenhang eng parlamentaresch Fro gestallt.

Vun de Ministesche wollt den Deputéierten esou wëssen, wéi et sech a Punkto Maske fir Leit ouni feste Wunnsëtz verhält, wa gewosst ass, datt een eng fest Adress brauch fir an de Genoss vun der Verdeelung vun eben dëse Masken deelzehuelen. Hie wollt zugläich och wëssen, ob d‘Regierung weess, wéi en Infektiounsgrad et bei dëser Populatioun huet a wéi eng Hëllef hinne gewäert gëtt.

Aus der Äntwert vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP) ass ze enthuelen, datt sech wéi ëmmer op déi fläisseg Hänn vun de Benevollen an Organisatioune verlooss gëtt, fir sécherzestellen, datt och d‘Strummerten eng Gesiichtsmask zur Verfügung gestallt kréien. Esou hunn d‘Scouten, deenen Organisatiounen déi sech ëm dës Populatioun këmmeren 5.000 stoffe Maske bereet gestallt.

Ouni Widdersproch geet et einfach net

Dës géife vun de verschiddene Strukturen un déi Bedierfteg verdeelt, woubäi och déi sougenannt „Street-Worker“ Masken un déi Leit verdeele sollten, déi net an dës Strukture kommen. Fir datt, dës Gesiichtsmasken och kënne gewiesselt ginn, ginn an der Wanteraktioun déi benotzte Masken agesammelt a „professionell“ wäsche gelooss. Detailer gëtt et keng an Nofroen ass nach net erlaabt.

Wann een einfach emol Abstraktioun vun der Unzuel u verfügbare Maske fir dës Populatioun mécht an d‘Familljeministesch schonn an hirer Äntwert drop verweist, datt net all d‘Strukture vun de Strummerten ugeholl hunn, déi also net op de Findel wäerte fuere fir hir Maske wäschen ze loossen, géif dat heeschen, datt wann iwwerhaapt, si déi anerwäerts missten ofginn. Mee geet dat?

Wien sech mam Covid19 infizéiert huet kritt gehollef

Op d‘Fro wéi vill Infektiounsfäll et bei de Sans-abri gëtt, huet d‘Corinne Cahen notéiert, datt op der 24 Abrëll, vun deene Leit déi an d‘Wanteraktioun kommen, der 10 positiv op de Virus getest gi sinn. Hei ass d‘Personal ugewisen, wa Symptomer wéi Féiwer, Houscht oder Kappwéi bemierkt ginn, d‘Leit direkt engem test ze ënnerzéien. Ass dëse Positiv, ginn se un d‘Rout Kräiz iwwerwisen.

Déi soll sech an dofir speziell zur Verfügung gestallte Strukture këmmeren. Wien eppes méi grave Symptomer huet géif awer an engem Spidol behandelt. Op der Plaz bitt d‘ONG „Doktere vun der Welt“ eemol an der Woch fir all aner gesondheetlech Problemer eng Consultatioun un. Et gëtt och nach betount datt de Betraffenen déi selwecht Hëllef wéi allen anere Bierger zur Verfügung steet.

Illustratioun: © Randy Jacobs / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Doktere vun der Welt, Familljeministesch, Infektiounsgefor, Pandemie, Rout Kräiz, Sans Abris, Strummerten, Wanteraktioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel