Search

You may also like

Groussbritannien huet e… Mayxit!
Neiegkeeten Stories

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020
Neiegkeeten Stories

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check
Neiegkeeten Stories

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check

Mam honnertsten C-Check am Lëtzebuerger Maintenance Zenter, huet d‘Cargolux e

Ee Minister ass kee Mathematiker

Nom Interview vum Minister fir bannenzeg Sécherheet, huet déi national Gewerkschaft vun der Police (SNPGL) sech elo zu dësen Aussoe positionéiert

Ee Minister ass kee Mathematiker

D‘Sécherheetssituatioun am Garer Quartier wéi an den ëmleiende Quartieren ass méi wéi alarmant, an den Dout vun engem jonke Mann, no der Attack mat engem Messer duerch zwee Jugendlecher, ass ee weideren trauregen Héichpunkt.

De SNPGL kann och nëmme constatéieren, datt dat vun den Awunner zum Ausdrock bruechten „Onsécherheetsgefill“ méi wéi verständlech ass. Säitens der Gewerkschaft schéngt een zudeem wéineg Iwwerzeegt, datt den Dissens tëscht der Stater Buergermeeschter an dem Minister fir bannenzeg Sécherheet derzou sollt bäidroen, d‘Sécherheetsgefill vun de Bierger ze verbesseren.

Wat d‘Aussoe vum Minister betreffend d‘Gewaltbereetschaft ugeet déi zu kriminellen Handlunge féiert, esou sinn déi net ze kommentéieren. Wat dann awer déi (Des)Informatiounen ugeet, déi bei dëser Geleeënheet och zum bescht gi goufen – besonnesch bezunn op d‘Erhéijung vun den Effektiver an de Reorganisatioun vun den Aarbechtsmethode bei der Police – ass et eng aner Gei.

D‘Leit net an d‘Ir féieren

Entspriechend dem Communiqué, kéinten d‘Aussoe vum Henri Kox (déi gréng) de Bierger ee ganz falscht Gefill vermëttelen. Besonnesch beim Punkt, wou et heescht datt 85 Beamten (dovunner zéng an zivil) ëmmer op der Gar a sengem Ëmfeld aktiv wieren. Beim SNPGL freet ee sech wouhier de Minister seng Zuelen hir huet, mee et muss ee scho vill Kommissariater zesummenhuelen, fir och nëmmen usazweis dorunner erunzekommen.

Laut der Gewerkschaft stellt sech d‘Lag wéi follegt duer:

  • De Grupp Gar (CR3) besteet aus 38 Leit (dovunner 10 als Verstäerkung);
  • de Grupp Gar-Hollerech (CR2) besteet aus 20 Leit (dovunner 6 als Verstäerkung);
  • um Kommissariat Bouneweg (CR2) si 14 Leit (dovunner 4 als Verstäerkung).

Da sinn summa sumarum 72 Beamten, also 3 manner wéi vum Minister genannt. Hei dierf een net vergiessen, datt zu dësen 72 Polizisten och d‘Cheffen an hir Adjointen, vun dësen Eenheeten ze ziele sinn (6 Leit). Dës 6 Beamte kënnen aus ersiichtleche Grënn – gemengt sinn déi administrativ Tâchen – nëmme seelen um Terrain present sinn. An da sollt gewosst sinn, datt déi verbleiwend 66 Polizisten op zwou, wann net dräi Schichte schaffen. Do geet sech eppes net op, d‘Realitéit ass:

Pro Schicht kann ee maximal vun enger Presenz vun enger Dose Polizisten an de Quartiere: Gar, Bouneweg an Hollerech ausgoen. Net ze vergiessen, datt d‘Beamten och um ganze Gebitt, fir déi dës genannte Kommissariater zoustänneg sinn, hire Missiounen nokomme mussen.

Vun Äppel a Bieren

Wat dat ugeschwate Wonnermëttel „Remise-Reprise“ ugeet, esou schéngt de Minister d‘Polizisten op d‘A ze drécken. Dëse Pilotprojet deen am Januar am CR3 lancéiert gouf, an duerch deen sech d‘Zuel vun den Iwwerstonnen däitlech sollt reduzéieren, muss dann och emol weise wouhinner e féiert. Hei gëtt de SNPGL ze bedenken, datt bei „gréissere Fäll“ – beispillsweis eng Verhaftung op frëscher Dot – de Beamten net emol esou mir näischt dir näischt Feierowend maache kann.

An dann emol ugeholl, de Projet wier erfollegräich, zumindest an engem Mooss, datt ee schonn emol d‘Reegele vum Zäit-Amenagement kéint respektéieren, misst den Henri Kox nach erklären, wéi een iwwert dëse Wee d‘Policepresenz op den gewënschte Plazen assuréiere soll…

D‘Gewerkschaft kënnt dann nach op déi versprache Renforten zeréck, déi jo entspriechend dem pluriannuelle Plang solle Rekrutéiert ginn. Laut dem Minister wieren déi éischt 200 Beamte wuel schonn 2022 um Terrain. Dat wier gutt ee Joer Formatioun, dee gréissten Deel dovunner awer an engem theoretesche Cours. De SNPGL huet de Verdacht, datt een déi „Nei“ wärend hirem Praxis-Léiergang just wäert mat engem erfuerene Beamten op Patrull schécken. Esou kann ee wuel d‘Zuel vun de Patrullen, net awer déi ëffentlech Sécherheet erhéijen.

Als Personalvertrieder opposéiert sech de SNPGL formell géint esou Iwwerleeungen. De Risk datt engem jonken onerfuerene Polizist, oder de Kolleegen déi mat him op Patrull sinn, kéint eppes zoustoussen, oder Bierger duerch d‘Onerfuerenheet vum Beamten a Gefor geroden ass jiddefalls net vun der Hand ze weisen. D‘Gewerkschaft stellt an dësem Zesummenhang fest, datt een „Neien“ beschtefalls als den „drëtte Mann“ vun der Patrull ka verstane ginn.

Intrigéiert

Ofschléissend ass ee bannent dem SNPGL eppes „intrigéiert“ wat et mat deenen zéng Beamten an zivil esou kann op sech hunn. Sinn et déi zéng, vun deene Gemengt gëtt, datt se sech an e Beräicher: Drogen, Prostitutioun, illegal Awanderung, organiséiert Heescherei asw. „këmmeren“? Wann een dovunner ausgoen dierf, datt de SNPGL an dësem Punkt gutt dierft informéiert sinn, an dëse muss feststellen, datt bis ewell kee weidere Polizist an zivil am Asaz ass, wou huet de Minister déi dann elo verstoppt?

Wa gewosst ass, datt déi Zuelen déi Minister ëmmer gäre virleeën, och oft enger méi geneeër Analys bedierfen – et gi jo och reegelméisseg méi bezuelbar Wunnenge versprach wéi der gebaut ginn – eng béis Absicht stécht net derhannert. Et dréit awer och kaum eppes zur Motivatioun vun de Poliziste bäi, déi besonnesch am Garer Ëmfeld – mee och soss uechtert d‘Land – keng liicht hunn. Fir d‘Bierger an d‘Geschäftsleit eng batter Pëll, si verloossen sech do wuel léiwer op déi Stater Buergermeeschtesch an hir schwaarz Sheriffer…

Illustratioun: Ulrike Leone / pixabay

Annex: de Communiqué vun der SNPGL

Related topics Henri Kox, Interview, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Police, SNPGL
Next post Previous post