Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
tryst hookup Neiegkeeten natural dating uk

https://moien.lu/t-mobile-hookup-2018/

Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech also un

speed dating in fort myers
tryst hookup Neiegkeeten natural dating uk

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?

Gëschter huet d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole

Pipo Peng: Domm Elteren
tryst hookup Neiegkeeten natural dating uk

Pipo Peng: Domm Elteren

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!

Kapsel Kaffi, dee grousse Marketing Erfolleg vun Nestlé a Keurig. Mat Spréch wéi “Nespresso, what else?” huet de Clooney d’Häerze vu ville Kaffidrénker gewonnen an se dozou beweegt, 14-16g Kaffi an enger Aluminiumverpackung ze kafen zu immens héije Präisser.

Bei de Präisser schwätze mir vu mëttelméissegem Kaffi, deen zu NET faire Präisser kaf a geréischtert gëtt an deen, an der Boun ronn 7€ de Kilo kaschte géif, huet Nespresso & Co fir 40 € de Kilo verkaf… Mee ech well an dësem Artikel net iwwer de Präis schwätzen oder déi schlecht Aarbechtskonditioune vun de Baueren déi dëse Kaffi produzéieren.

Vill méi geet et mir drëms iwwer den ekologeschen Impakt ze schwätzen an och iwwer de Greenwashing dee mat “recycléierbaren” a “kompostéierbaren” Kapsele bedriwwe gëtt. Mee ech schéissen erëm ze schnell… loosst eis fir ufänken.

Kapselkaffi

Den ekologeschen Impakt!

Supermarchéen dierfe keng Plastikstute méi verschenken, alternativen zur Plastikstut ginn am Geméisrayon ugebueden an de Plastikstréihallem soll verbuede ginn. Mee Kaffi gëtt nach ëmmer a Kapsele verkaf. Dat ass menger Meenung no net ganz konsequent… mee dat si mir jo sou gewinnt vu Politiker, déi no der Päif vu grousse Firmen danzen.

Nespresso hëlt d’Kapselen zeréck an “recycléiert” se. Awer nach laang net all Consommateur mécht dat och.

Et gëtt zwee Argumenter déi ech ëmmer erëm vun “Kapseldrénker” héiere firwat se esou een ekologescht Desaster ënnerstëtzen:

  1. Et ass esou praktesch!
  2. De Kaffi schmaacht esou gutt!

 Dat éischt Argument ass ee grandios Beispill dofir ewéi faul d’Mënschheet ginn ass. Mir kennen net méi dozou genötegt gi selwer ze kachen a scho guer nët selwer Kaffi opzebereeden!

Dat zweet Argument ass immens subjektiv an ass schwéier ze widderleeën also probéieren ech dat elo op dëser Plaz och net. Ech well jo elo net ewéi ee Kaffisnob eriwwerkommen.

Goût a Bequemlechkeet sinn also déi zwee Haaptgrënn firwat d’Léit wëllen, dass hire Kaffi a mini klenge Kapselen aus Aluminium oder Plastik geliwwert ginn.

Kapselkaffi

© Andrés Nieto Porras

Zu de kompostéierbare Kapselen

Okay, natierlech ass et gutt wann ee säi Knascht kompostéiere kann amplaz et einfach an d’Poubelle oder an de Recycling ze puchen. Virun allem elo wou Asien sech géint eisen Recyclingoofall wiert!

Mee dat ass och hei net de Problem ech hunn elo e puer mol Aussoen ewéi déi heite gelies: “wann een dann nach eppes Guddes fir d‘Ëmwelt ka maachen….da muss een dat jo ënnerstëtzen “. Dës Facebook Bewäertung ass op ee Kapselkaffi aus Lëtzebuerg bezunn deen ech hei elo net mam Numm nenne well.

A bei genau där do Ausso läit de reelle Problem. Den (onopgekläerten) Konsument, mengt, dass wann e recycléiert oder kompostéierbar Kapsele keeft, eppes Guddes fir d’Ëmwelt mécht. Wat net beduecht gëtt ass d’Energie déi noutwenneg ass, fir Kapselen hierzestellen. D’Energie vu kompostéierbare Kapselen ass vum Opwand hir méi héich ewéi bei den net kompostéierbare Kapsele vun Nestlé & Co.

Mee wéinstens kann een se kompostéieren … oder? Déi „kompostéierbar Kapselen“ ginn nämlech als Friemkierper aus dem Kompost erausgesiibt a komme schlussendlech an d’Verbrennungsanlag. Anescht gesot: Amplaz d’Kapselen an d’Biotonn ze geheien, hätt een se och direkt an déi normal Poubelle schmäisse kënnen. Déi aarm Cliente déi gemengt huet si hätt eppes Guddes fir d’Ëmwelt gemaach, ass net nëmmen eng Kéier, mee direkt zwee Mol iwwer den Dësch gezu ginn an huet dofir nach extra vill bezuelt.

Léisungen a Fuerderungen

De ganzen Artikel vum Patrice Sadler kënnt Dir op sengem Blog liesen. Hei fannt Dir ënnert anerem weider interessant Informatiounen zum“verkapselte“ Kaffi, dem Begrëff „Greenwashing“ a perséinlech Léisungsusätz vum Auteur. Iwwert Är Meenung zum Thema géif hie sech immens freeën – a mir natierlech och!

Ähnlech Sujeten Kaffikapselen, Nespresso, Patrice Sadler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel