Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen
International Neiegkeeten

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen

  Den nationale Rapport zu den Drogen an der Ofhängegkeet

Editorial: Se sinn nach do!
International Neiegkeeten

Editorial: Se sinn nach do!

Eigentlech wollte mir de Moien erwächen an de Feierdag notze

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
International Neiegkeeten

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2018 si se

Ee Plang fir d’Welt ze retten

D'EU-Kommissioun verëffentlech déi ugekënnegt „Farm to Fork“-Strategie an d'Biodiversitéitsstrategie

Ee Plang fir d’Welt ze retten

No diverse Verzögerungen huet déi Europäesch Kommissioun gëschter hir mat Spannung erwaart Biodiversitéits- a „Farm to Fork“-Strategien verëffentlecht. Dës Dokumenter halen d’Haaptpunkten vun der Biodiversitéits- a Liewensmëttelpolitik vun der EU fir dat kommend Joerzéngt fest a si Schlësselkomponenten vum europäesche Green Deal.

Dës Strategien, déi matten an der Covid-19-Pandemie verofschid goufen, stellen och een zentraalt Element vum Corona-Krisebewältegungsplang vun der Eu duer.

Déi simultan Verëffentlechung vun der „Farm to Fork“-Stratgie an der Biodiversitéitsstrategie ass souwuel essentiell, wéi och bemierkenswäert, wëll soumat déi intensiv Landwirtschaft an d’Fëscherei als déi gréisst Dreifkräft fir de Verloscht vun der Aartevillfalt unerkannt an ugaange ginn an d’Wichtegkeet vun der Biodiversitéit an hir Fërderung endlech bestätegt gëtt.

Mat der gläichzäiteger Publizéierung vu béide Strategien setzt d’EU d’Zeechen datt destruktiv, net nohalteg Ernierungssystemer an Europa net weiderhin d’Norm dierfe sinn. Déi nei Fuerpläng weisen och, datt d’Kommissioun wichteg Léieren aus der Covid-19-Pandemie erkannt an ëmgesat huet: de gesonde Planéit als Grondviraussetzung fir ee gesond Liewe vu Mënschen an Déieren politesch Decisiounen, déi op der Wëssenschaft baséiere mussen an d’Wichtegkeet op Krisen ze reagéieren, ier se ausser Kontroll geroden.

D’EU-Kommissioun huet mat béide Strategien direkt méi radikal Decisioune getraff a setzt Ziler, déi den Zoustand vun der Natur an Europa tatsächlech nohalteg verbessere kéinten:

  • Eng 30%eg Erhéijung vum Undeel un Naturschutzgebidder u Land an um Waasser. Een Drëttel vun dëse Gebidder solle streng geschützt ginn, wat heescht datt do keng mënschlech Aktivitéit stattfannen dierf.
  • Eng 50%eg Reduktioun vum Pestizidasaz, souwuel am Bezuch op d’Quantitéit, wéi och op d’Toxicitéit.
  • 10 % vum Akerland solle mat Biodiversitéitelementer, wéi Hecken, retabléiert ginn fir zu ener nohalteger Landwirtschaft bäizedroen.
  • D’Aféierung vu verbindlechen, EU-wäiten Ziler fir d’Recuperatioun vun der Natur, fir wichteg groussraimeg Ekosystemer, wéi Fiichtgebidder, Bëscher oder Mierer nees ze retabléieren, déi alleguer fir den Erhalt vun der biologescher Diversitéit a fir d’Andämmung vum Klimawandel vun entscheedender Bedeitung sinn.
  • D’Verbrennung vu Biomass, wéi beispillsweis vu Beem, zur Energiegewannung miniméieren.

Mat dësem Fuerplang kéint d’EU tatsächlech déi weltwäit Leaderroll a punkto Bekämpfung vun der Klima- a Biodiversitéitskris iwwerhuelen. Dës Dokumenter sinn noutwenneg, wëll ouni eng global a radikal Verännerung gi wäerte bis zu enger Millioun Aarten ausstierwen a wann déi global Erwiermung vun 1,5 °C iwwertraff gëtt, ass souguer d’Iwwerliewe vum Mënsch a Gefor.

Dës béid Strategien beherbergen d’Potential fir de Verlaf vun eiser planetarescher Kris nohalteg ze veränneren. Dëst geet allerdéngs just mat der Ënnerstëtzung an der Ëmsetzung duerch déi 27 Memberstaaten.

natur&ëmwelt Asbl begréisst déi nei EU-Strategien, déi virginn, wéi dat neit „Normal“ ausgesi soll, dat eise Planéit esou dréngend braucht. D’EU-Kommissioun huet heimat bewisen, datt si op d’Wëssenschaft lauschtert an d’Verspriechen, ee Wandel aleeden ze wëllen, anhält. Fir de Wandel tatsächlech an d’Realitéit ëmzesetzen mussen d’Regierungen dës Virschléi elo ënnerstëtzen an d’Gesellschaft aus der géigewäerteger Klima- a Biodiversitéitkris erausféieren.

Matgedeelt vun natur&ëmwelt

Opmaacherbild: © Gabriel Jimenez / Unsplash

Ähnlech Sujeten Biodiversitéitsstrategie, Ernierung, EU-Kommissioun, Farm to Fork, Klimawandel, natur&ëmwelt, Wëssenschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel