Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Wirtschaftsministère attestéiert sech eng couragéiert a visionär Politik
International Meenung Neiegkeeten

De Wirtschaftsministère attestéiert sech eng couragéiert a visionär Politik

Den Etienne Schneider (LSAP) an d‘Francine Closener (LSAP) waren um

600 Milliounen Euro verschwent fir onnéideg militäresch Programmer
International Meenung Neiegkeeten

600 Milliounen Euro verschwent fir onnéideg militäresch Programmer

Ënnerhalb vu wéinege Méint huet d’Regierung decidéiert, méi wéi 600

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer
International Meenung Neiegkeeten

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer

Bei senger Sëtzung vum 13. Juli, huet de Staatsrot datt

Editorial: Ee President op Steroiden

Editorial: Ee President op Steroiden

Hie gesäit sech selwer – seng Fans iwwregens och – als dee gréisste President an der ganzer US-Geschicht an huet zumindest erreecht, datt déi sougenannten „political correctness“ op Jore wann net esouguer Joerzéngten zolidd gestéiert ass. An datt hie sech sollt vum Covid19 erholl hunn, behaapt och just hie selwer. Datt him nees „besser“ geet, kann een och u sengen Tweets ofliesen.

Woubäi… wann ee sech seng Timeline ukuckt (iwwer 30 Tweets bannent enger Stonn) kann een allerdéngs schonn de Verdacht äusseren, datt seng Neuronen sech schwéier dinn, déi verofreechte Steroiden ze verschaffen. Et léist androcksvoll d‘Erkenntnis zou, déi de Steroiden zougeschriwwen Niewewierkungen si reell a maachen och virun engem amerikanesche President net Halt.

Aus senge private Raim am Wäissen Haus, bedreift den Donald Trump säi Wahlkampf mat enger deraart – scho bal als krankhaft ze ëmschreiwen – erkennbarer Eefällegkeet, datt ee scho muss ee grousse Fan sinn, wien dat appreciéieren ze kënnen. De genotzte Wuertschatz, wéi d‘Aussoe selwer hunn éischter hir Plaz um Schoulhaff an engem soziale Brennpunkt, wéi dann am Kontext vun engem Wahlkampf, oder méi generell op der politescher Ausenanersetzung. Wat sollt dat Ganzt?

U sech sollt een unhuelen, datt och an der republikanescher Partei den „neien Toun“ misst op hefteg Kritik stoussen. Sech um Intelligenzquotient vum politesche Géigner festzehalen, ouni dofir déi geréngsten Unhaltspunkten ze liwweren, awer déi fir d‘Bierger wierklech wichteg Themen net emol unzeräissen, sollt vun de Wieler generell al Beleidegung opgeholl ginn. Net esou an den USA, wou dem Milliardär säi Stil, nach ëmmer gutt d‘Hallschent vun der Bevëlkerung ze iwwerzeege schéngt.

Erfreelech dann awer, datt zumindest déi designéiert Vizepresidenten, déi sech dës Nuecht „hiren Duell“ zu Salt Lake City gegënnt hunn. Am Géigesaz zur Debatt tëscht dem Donald Trump an dem Joe Biden, ass dës a geuerdente Verhältnisser ofgelaf. Et ass dann och tatsächlech iwwer wichteg Theme gestridde ginn, wéi d‘Wirtschaft an d‘Policereform. Dat alles awer sachlech an ouni dat een deem aneren an d‘Wuert gefall wier. Et ass net gewosst op den Trump den Duell gekuckt huet…

Illustratioun: © National Cancer Institute / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Donald Trump, Steroiden, US-Wahlkampf 2020, Wonnerheelung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel