Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen
Neiegkeeten Sport

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen

Wann déi venezuelanesch Oppositioun d‘Hoffnung hat, d‘Arméi iwwerzeegt ze kréien

dislike
Quiz: Wéi gutt kennt dir d’lëtzebuergesch Filmindustrie?
Neiegkeeten Sport

Quiz: Wéi gutt kennt dir d’lëtzebuergesch Filmindustrie?

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter
Neiegkeeten Sport

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter

D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn

Ee sportlechen Neijoerschpatt mam Dan Kersch

Ee sportlechen Neijoerschpatt mam Dan Kersch

Vergaangene Mëttwoch hat de Sportsminister Dan Kersch op déi traditionell Neijoerschfeier an de Sportsministère invitéiert. Bei dësem Evenement ass op dat vergaangent Joer zeréck gebléckt ginn an ee Bilan gezu ginn. Och d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Sportswelt gouf diskutéiert.

Nieft dem Personal vum Ministère, dem Institut national des sports (INS) an der École nationale de l’éducation physique et des sports (ENEPS) huet den Här Kersch och nach d’Representante vum Comité olympique et sportif luxembourgeois (COSL), vum Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS), vum Sportslycée, vun der Coque, vun der Agence luxembourgeoise antidopage (ALAD) a vum Conseil supérieur des sports häerzlech op dësem Evenement begréisst.

No engem kuerze Réckbléck op d’Joer 2018 huet hien déi exzellent Aarbecht vun de leschte Jore vu sengem Virgänger, dem Romain Schneider gelueft. An Zukunft well och den aktuelle Sportminister an dësem Model viru fueren, den virun allem op der Autonomie vun der Leedung beim Sport baséiert.

Kuckt een elo op d’Zukunft vum Land huet den Här Kersch natierlech och op verschidde Punkte beim neie Programm am Beräich Sport vun der Regierung missen agoen. Heibäi huet hien ënnerstrach, datt hien sech an Zukunft generell vill fir de Bekanntheetsgrad vum Sport, mat all senge soziale Wäerter, asetze well. An dësem Kader misst een dann an d’Ressources humaines investéiere fir esou eng gutt Entwécklung an Fonctionnement am Sport ze garantéieren.

Wichteg ass et och, d’Diskriminatioun am Sport ze bekämpfen. De Manktem u Respekt vun de Reegele vum Fair-Play, wéi och d’Verletzunge vun den Anti-Doping Reegelen sinn nach ëmmer een aktuelle Problem.

Fir ofzeschléissen huet de Sportminister de Wonsch geäussert fir zukünfteg op d’Ënnerstëtzung vun de verschidde Partner an ob d’Kollaboratioun mam COSL zielen ze kennen.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r..) Rob Thillens, Commissaire vum “gouvernement à l’éducation physique et aux sports” ; Laurent Deville, éischte Conseiller vum “gouvernement et coordinateur général au ministère des Sports” ; Dan Kersch, Sportminister © MSP

Ähnlech Sujeten Coque, COSL, Dan Kersch, ENEPS, INS, LIHPS, Neijoerschpatt, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel