Search

You may also like

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès
International Neiegkeeten

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès

De Februar geet op Enn, a mir si „Legioun“ déi

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen
International Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt den Tapis op der Autobunn A6

Grousse Bëschbrand um Stauséi – 150 Pompjeeën am Asaz
International Neiegkeeten

Grousse Bëschbrand um Stauséi – 150 Pompjeeën am Asaz

Am spéiden Nomëtteg gounge beim 112 direkt e puer Appeller

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis

D‘Russen an d‘Chinesen hu sech zesummegedoe fir hir Uspréch duerchzesetzen, an dat suergt elo fir Ierger

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis

Fënnef Natiounen – Dänemark (mat Grönland), Kanada, Norwegen, d‘USA a Russland – grenzen direkt un d‘Arktis, an alleguerten hu massiv Interessen un de Buedemschätz an anere Ressourcen, déi do ënnert dem „éiwegen Äis“ drop waarden, ee puer privilegiéiert Konzerner an déi vun dëse finanzéiert Politiker räich ze maachen. Déi aktiivst an der Arktis sinn den Ament d‘Russen.

An dat kennt net vun ongeféier, wëll de russeschen Zar Vladimir Putin huet ni en Heel dorausser gemaach, datt d‘Arktis an den héijen Norde méi generell, eng vu senge grousse Prioritéiten ass. Hie schwätzt gäre vu Projete wou et ëm d‘Gewënnung vu Rohstoffer, mee och ëm d‘Auswäitung vun der Wirtschaftszon an d‘Opriichte vu Militärbase geet. A Moskau gëtt sech entspriechend Mëttel.

Den Ausbau vun der atomar bedriwwener Äisbriecher-Flott ass jo och en entspriechenden Hiwäis. Datt d‘Arktis fir Russland esouwuel wirtschaftlech wéi och militäresch vun héchster Bedeitung ass, datt bestätegt esou och d‘Expertin vum Stockholmer Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, Ekaterina Klimenko. Erstaunlech hei, déi vun den USA zur Schau gestallte Passivitéit, déi ongewinnt ass.

Woubäi sech eppes ze doe schéngt. Bis heihinner hunn sech d‘Amerikaner op de Biergbau an de Pëtrol an a ronderëm Alaska konzentréiert. Hir Äisbriecher-Flott ass Schrott, an esouguer de Mike Pompeo muss sech agestoen, datt ee mat deene kee Krich gewanne kann. Den US-President Donald Trump huet sech „seng“ och scho geleescht, mat der Propose den Dänen, Grönland ofzekafen.

Nei Weltuerdnung

De „Big Mike“ en Ausseminister dee vu sech behaapt schonn oft ze spéit op eng Party gaangen ze sinn, sech dann awer gutt wëll amuséiert hunn, huet sech beim jéngsten Treffe vum Arktisrot nees de Batti gestallt, an déi amerikanesch Iwwerhieflecht op ee neie Level bruecht. Hie schéngt – well him jo näischt ka geschéien – staark dorunner interesséiert ee bewaffente Konflikt auszeléisen.

Jiddefalls kann ee dat esou schlussfolgeren, nodeems hie beim genannten Treffen, drop higewisen huet, datt d‘Zäiten eriwwer sinn, wou sech den Arktisrot – esou wéi dat statutaresch festgehale ginn ass – nëmme mat der arktescher Bevëlkerung, de Ressourcen, der Ëmwelt an dem Klimawandel ze befaassen hat. Et géif elo ëm wesentlech méi Wichteges, an d‘USA géifen elo méi wäit goen.

De Mike Pompeo, engem Politiker mam Charisma vun engem japanesche Walfänger, stellt kloert, datt et elo hei ëm Geopolitik, militäresch Presenz a Strategie geet. Kuerz et geet ëm Muecht, an déi steet bekanntlech nëmmen enger Natioun zou: der Trump-Natioun. Hien huet och de Chinesen – déi sech an engem Strategie-Pabeier als (bal) arktesch Natioun bezeechnen – direkt de Dicks gebéit.

China wier erwisenermoosse keen arktesche Staat, a Peking hätt sech aus der Regioun erauszehalen. Dat gesinn och déi aner Anrainer änlech, woubäi Russland do eng méi diplomatesch Siicht äussert an och eng Zesummenaarbecht mam Räich vun der Mëtt duerchaus an Erwägung zitt. Datt mécht jo och Sënn, d‘Chinesen hu Geld. Geld datt Moskau gutt gebrauche ka fir nei Projeten ze lancéieren.

mat indymedia/cph

Illustratioun: D‘Amerikaner sinn net erfreet, datt Moskau seng arktesch Ambitiounen zesumme mat de Chinese wëll verfollegen. Den US-Ausseminister Mike Pompeo, huet awer net wierklech Mëttel sech dësem „Duo“ an de Wee ze stellen. Et versicht een et verbal, an iergendwéi erënnert dës Fläch Grafesch ganz staark un den Design vum MAGA-Slogan © Jeremy Bishop / unsplash

Related topics Arktis, China, Russland, Territorial Uspréch, USA
Next post Previous post