Search

You may also like

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter
Neiegkeeten Stories

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Zum Optakt vun der Presentatioun vum Rapport vun der Consultativer

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal
Neiegkeeten Stories

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal

Säit dem 24. Mäerz 2020 bilt, neift der Luxexpo, och

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur
Neiegkeeten Stories

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur

Virun enger Woch huet d‘Gewerkschaft ALEBA mat vill Zefriddenheet bekannt

Ee Vaccin fir Chrëschtdag? (Analys)

Ee Vaccin fir Chrëschtdag? (Analys)

Bréissel huet sech vertraglech 300 Milliounen Impfdose bei de pharmazeuteschen Entreprise Pfizer a Biontech geséchert, an déi interesséiert Fournisseure verspriechen eng gerecht Verdeelung. Wat et op sech huet, a wéi ënnerschiddlech d‘Definitioune verstane ginn:

En Dënschdeg huet d‘EU-Kommissioun annoncéiert, e Vertrag mat de pharmazeuteschen Entreprise Pfizer a Biontech ënnerzeechent ze hunn, mat deem den Approvisionnement vum Covid19-Vaccin soll – zumindest fir Europa – geséchert sinn. Zudeem huet d‘EU-Kommissärin fir Gesondheet, Stella Kyriakides ee Gesetzprojet virgestallt, dat d‘EU besser géint esou Pandemie schütze wëll.

Biontech a Pfizer haten ee Méindeg ugekënnegt een Impfstoff géint de Covid19 ze hunn, deen en iwwer 90% Schutz bitt. Eng Noriicht, déi besonnesch eise Premierminister Xavier Bettel dierft maximal gefreet hunn, hat hien dach am Kontext vu senger Ried zur Lag vun der Natioun erkläert, datt mir bis Chrëschtdag an de Genoss vun engem Impfstoff komme sollte. Betounung op „Sollt“.

Dat wat vun der Politik als „Hoffnung“ duergestallt gëtt, an eigentlech an éischter Linn emol eng riseg „Reklamm an eegener Saach“ fir déi genannten Entreprisen ass, klengt natierlech am Kontext vun der „zweeter Well“ interessant, mee ass et dat och? Et gëllt jo awer ze berécksiichtegen, datt d‘Etüden net ofgeschloss sinn an d‘Impfgéigner méi wéi benéidegt Argumenter geliwwert kréien.

Mat den Amerikaner kann een dat maachen

Gutt et presséiert schonn an ee Vaccin schéngt tatsächlech – zumindest bis de géigendeelege Beweis virgeluecht gëtt – déi eenzeg wierklech Léisung am Kampf géint d‘Covid19-Pandemie ze sinn. Déi zwou Entreprise kéinten esou schonn déi nächst Woch an den USA hir Demande op Zouloossung areechen. Och eng Zouloossung fir déi Europäesch Unioun gëtt ugestrieft, dat ass awer net einfach.

Zum enge sinn d‘Kontrollen an d‘Iwwerpréiwung an der EU (nach) eppes méi streng wéi an den USA, an esouguer wann een hei géif Etappen iwwersprangen, esou séier wéi sech datt d‘Regierung wënscht, wäert a kann den Impfstoff net zur Verfügung stoen. Well och wa sech Bréissel per Vertrag 300 Milliounen Dose geséchert huet, et muss een déi jo och emol hierstellen an da verdeelen.

Wann dann och nach Biontech muss virtrieden an ënnersträichen, datt dee mat Pfizer entwéckelten Impfstoff net bevirzucht an den USA verdeelt soll ginn, mee et ee schrëftlechen Accord tëscht de Partner gëtt, mat séchergestallt ass, datt de Vaccin gerecht Text den Amerikaner an Europäer géif opgedeelt ginn, da weess een datt et do en Hoke gëtt. Mee wéi gesot, et geet hei och ëm Reklamm.

Wien de Covid19-Impfstoff als éischten zouléisst, kann dëse folgerichteg och als éischten asetzen. An da stellt sech d‘Fro vun der Hierarchie: wien kritt de Vaccin als éischten, wien entscheet iwwer d‘Prioritéit? Hei sinn d‘Amerikaner kloer am Virdeel, a wann d‘Impfung och nach sollt gratis sinn, wäert et kaum Stress ginn. Dat ass gutt fir d‘EU, esou gesäit ee wat et un Niewewierkunge gëtt…

Beschtefalls Fréijoer, éischter 2. Semester

Sech drop anzestellen, datt et bis Chrëschtdag kee Covid19-Impfstoff gëtt ass déi intelligent Variant an och wann dëse sollt bis zum Fréijoer 2021 disponibel sinn, wäert ee jo wuel intelligenterweis déi als éischt Impfen, wou et am néidegsten hunn: d‘Personal aus dem Gesondheetssecteur, sougenannt vulnerabel Mënschen, d‘Rettung- a Sécherheetsdéngschter, den Enseignement an esou weider…

Also esouguer wann ee elo dorunner gleeft an dee vu Pfizer mat Biontech zesummegeschrauften Impfstoff tatsächlech dat spréchwiertlecht „Ee vum Kolumbus“ sollt sinn, ënnert de Membere vum medezinesche Corps fënnt sech kaum een, deen et fir realistesch hält, de Vaccin virum zweete Semester 2021 un d‘Populatioun auszeginn. Hei gëtt och op méiglech Problemer higewisen.

Eng Doktesch déi net wëll genannt gi gëtt ze bedenken, datt d‘Leit erhieflech Zweiwel hunn an es zudeem midd sinn, stänneg nei Informatiounen ze kréien déi dann nees revidéiert musse ginn. Et géif een och an de Gespréicher mat de Leit eraushéieren, datt et mam Vertrauen net méi ganz esou wäit hir ass, wéi dat esouwuel vun der Gesondheetsdirektioun an der Ministesch duergestallt gëtt.

„Wann de Vaccin bis disponibel ass, brauch et eng kontinuéierlech Informatioun an Opklärung vun der Bevëlkerung, betreffend d‘Wierksamkeet an d‘Risike vun enger Impfung“, esou d‘Medezinerin. Si schléisst zudeem net aus, datt sollten d‘Leit den Impfstoff net unhuelen, d‘Regierung kéint an Zwang geroden, an d‘Impfung quasi misst per Gesetz ugeuerdent ginn. Dat sollt jo awer net sinn.

Vill Blabla, wéineg brauchbar Informatiounen

Elo ass natierlech net gewosst, op déi schlecht bis katastrophal Kommunikatioun op déi bestoend Ëmstänn ugepasst gouf oder d‘Politiker keng Ahnung hunn, wéi ee mat Fakten ëmgeet. Et wäert wuel vun allem eppes derbäi sinn. Mee och d‘Wëssenschaftler sinn net ëmmer eng Hëllef, woubäi dann awer si nach déi besser Erklärunge parat halen. Si hunn dann och Zäitraim net esou gären…

Fir de Prof. Claude Muller vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH) wier een tëscht 60 a 70% leiende Schutz eigentlech schonn ausräichend. Bedenken huet de Wëssenschaftler aktuell nëmmen am Bezuch op d‘Dauer. Wéi laang hält de Schutz vum Pfizer/Biontech-Impfstoff? Wierklech eppes wéi „Informatioun“ schéngt also net emol eisen Institutioune virzeleien, oder si halen se zeréck.

De Gesondheetsministère weist nach emol drop hin, datt mir als Lëtzebuerg de Vaccin net direkt bestallt hunn, mee eis Bestellung mat der EU-Kommissioun gemaach ass. De Ministère insistéiert awer drop, datt mir den Impfstoff erhale géifen, esoubal wéi d‘Wierksamkeet bewisen an de Vaccin dann och disponibel ass. Anescht ausgedréckt: „Mir hunn absolut keng Anung mee maache weider“.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt et aktuell eng 50 Präparater huet déi iergendwou klinesch erprouft ginn. Eng 15 sollen sech an der leschter Phas virun der Kommerzialiséierung befannen. Ob elo d‘Chinesen oder d‘Russen (mam Sputnik V) nach viru Pfizer, Biontech an allen aneren ee brauchbare Vaccin op de Maart bréngen ass eigentlech egal, fir unzefänke brauch et emol een…

Illustratioun: Obwuel et nach keen „asazfäege“ Vaccin gëtt an et och mindestens esouvill Impf- wéi Maskegéigner huet schwätzt alles nach just vun engem Impfstoff. Et ass sécher richteg de Mënsche viru Chrëschtdag eppes Hoffnung ze maachen, mee den ament huet alles den Uschäin, wéi wann et just drop gemënzt wier, d‘Finanzmäert ze revitaliséieren. (Archiv 1976) © CDC / unsplash

Related topics Biontech, Covid19, EU-Kommissioun, Impfstoff, LIH, Pfizer, Vaccin
Next post Previous post