Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Airbus A400M: E militäresche Koloss fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Airbus A400M: E militäresche Koloss fir Lëtzebuerg

Viru bal 20 Joer huet Lëtzebuerg de Militärfliger A400M bestallt,

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!

Zu Éieren vun der britescher Infirmière Florence Nightingale gëtt um

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat
Neiegkeeten

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat

Bei engem Wieder wou een eigentlech keen Hond hannert dem

Ee „Vive“ fir de Charel

Ee „Vive“ fir de Charel

Haut um Samschdegnomëtten ass de Prënz Charel, als éischtgebuerene vun der groussherzoglecher Prënzekoppel, den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie, zur Klief am Klouschter zum hellege Maurice an déi chrëschtlech Gemeinschaft opgeholl ginn.

D‘Kanddaf, esou war et gewënscht, huet ëm klengste Familljekrees stattfonnt. Och um Haff hält ee sech un Covid19-Reegelen, well et ëmmer Sënn mécht, virbildlech ze sinn. Esou gouf dann och am Virfeld keng grouss Reklamm gemaach. Eréischt wéi d‘Klacke vum Klouschter gelaut goufen, war gewosst datt sech eppes besonnesch um Bierg doe muss.

Charel

D‘Kierchemänner waarden op den Ierfgroussherzog. © Martine de Lagardère / moien.lu

Un de Gesiichter vun de Gäscht, de ville Pressefotografen an och de Kierchemänner konnt een sech awer sécher sinn… dat eleiten ass där ganz besonnescher Deeg een. Wéi dunn den Ierfgroussherzog Guillaume mat Prinzessin Stephanie an dem Prënz Charel de Parvis vum Klouschter betrueden hunn, war hinnen den Houfert an d‘Gesiicht geschriwwen.

Esou gesi glécklech Elteren aus, an d‘Land dierf sech freeën, datt d‘Trounfolleg assuréiert ass. No dësem „kuerzen“ Virspill huet sech de Prënz Charel senger éischter Amtshandlung zougewennt an virun der Dier gouf et nees eppes méi roueg. Trotz gudder Geheimhaltung, haten sech dann awer e puer Leit virun der grousser Paart vum Klouschter afonnt.

Charel

Glécklech Grousselteren: de Groussherzog Henri mat senger Fra Maria Teresa. © Martine de Lagardère / moien.lu

Do gouf et déi, wou éischter zoufälleg „on Tour“ waren, an déi wou sech beim allem wat et zum Haff gëtt, um lafenden halen. Si waren net „Legioun“ an d‘Polizisten esou net gefuerdert, firwat alles bei beschter Laun war. Sécher, et wär ee gären derbäi gewiescht. Also esou richteg, a wann et och nëmme gewiescht wier, fir dem Kardinol säi Seegen ze héieren.

An esou ass dës Kanddaf dann zu gudder Lescht net ganz ouni Public ofgehale ginn. Am Kontext vun der Covid19-Pandemie wier et jo awer och net ubruecht gewiescht, d‘Massen ze versammelen. Wéi och ëmmer, de Charel ass gedeeft, Mamm a Papp sinn zefridden, esou och d‘Grousselteren. Et muss een och déi schéi Momenter genéissen. Vive de Charel!

Foto: D‘Prinzessin Stéphanie mam Prënz Charel an dem Ierfgroussherzog Guillaume. © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Kanddaf, Klief, Klouschter vum Hellege Maurice, Monarchie, Prënz Charel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel